D’Amateur Astronomen Lëtzebuerg sinn 1971 zu Diddeleng gegrënnt ginn. Et wäre Kolleege vun allen Ecken a Beruffer gewiescht, Schmelz-Aarbechter, Beamten, Ingenieuren, déi sech hei zesummefonnt hätten, fir de Veräin an d’Liewen ze ruffen, esou de Pierre Kelsen. „Mir hu momentan iwwer 160 Memberen a sinn domat an der Lescht nach e bësse gewuess“, kommentéiert den Informatiker d’Club-Situatioun. „Déi nei Homepage huet dobäi gehollef, och Jonker unzezéien.“ D’lescht Joer ass et zu enger Zäsur an der Veräinsgeschicht komm. D’AAL, déi hire Sëtz zënter iwwer 50 Joer zu Diddeleng hunn, sinn am September op Biisse geplënnert, wou se vum Buergermeeschter an der Gemeng mat oppenen Äerm empfaange gi wären. Scho méi laang wär d’Sich no enger méi zentraler Plaz am Land en Uleies gewiescht an elo hätt et endlech geklappt. „Mir sinn hei méi wéi zefridde mat de Raimlechkeeten an der Technik. An och eis Observatiounsplaz um Thilmanyshaff ass besser wéi déi virdrun zu Lampech, wou mer Problemer mat Liichtverschmotzung haten“, seet de Pierre.
„Mir bréngen den Universum bei Iech!“ Dëse Motto gi sech d’AAL op hirer Websäit a realiséieren dat an éischter Linn mat Himmelsobservatiounen a Virträg ronderëm d’Astronomie. Déi klassesch Observatioun fënnt eemol am Mount op engem fixen Termin statt. Am beschte wär et, en Dag erauszesichen, wou de Mound net esou hell wär, sou datt een eng besser Siicht op d’Himmelsobjeten huet – déi aktuell Datumer sinn um Site ze fannen. Well d’Wiederkonditiounen zu Lëtzebuerg net ëmmer optimal wären, géifen dës Beobachtungen heiansdo ausfalen, verréit den Hobby-Astronom. „An der Reegel sinn op dësen Owender eng 20 bis 40 Leit mat oder ouni Beobachtungsinstrument do. Hei fënnt een alles: vu voll informatiséierten an elektroneschen Apparater bis Dobson-Teleskoper, déi ee manuell handhaabt.“ Tatsächlech géif een hei och Leit mat grousse Spektive gesinn, déi eventuell op engem Stativ fixéiert wären. „Mat enger Spektiv huet een e vill méi grousst Gesiichtsfeld“, erkläert den Amateur-Astronom a preziséiert, datt natierlech all Beobachtungsinstrument spezifesch Vir- an Nodeeler opweise géif.
Niewent den Himmelsobservatioune bidden d’AAL informativ Veranstaltungen un, déi sech mat diversen Aspekter vun der Astronomie befaassen: Dat geet vun theoretesche Virträg iwwer d’Kosmologie[1] oder d’Spektroskopie[2] vun der Sonn bis méi praktesch Workshop-Formater, déi sech mat visueller Astronomie[3], dem Bau vun engem Teleskop oder Astrofotografie[4] beschäftegen. Ausserdeem schafft de Club mat verschiddenen Organisatiounen zesummen, fir säin astronomescht Wëssen a seng Passioun fir den Universum un déi interesséiert Ëffentlechkeet weiderzeginn: „Op den ‚Astronomy Days‘ vum Luxembourg Science Center si mir zum Beispill present, fir Sonnebeobachtungen am Dag ze maachen. Och am Kader vum Naturmuseesfest hu mir e Stand, fir d’Sonn ze observéieren. Natierlech mat engem spezielle Sonnefilter virum Teleskop, soss ass et extreem geféierlech fir d’Aen. Mat där Method ass et méiglech, Sonneflecken ze gesinn.“
Tatsächlech huet de Veräin nach ee grousst Zil, dat, wéi de Pierre et nennt, e bëssen eng „never-ending story“ wär: en nationalen Observatoire. D’Geschicht ronderëm dës Beobachtungsstruktur hätt an den 80er-Joren ugefaangen, deemools hätt et bal am Minett geklappt. Schliisslech wär awer ëmmer eppes aneschters dotëschentkomm, dat déi uviséiert „Volkssternwarte“ op ënnerschiddlechste Plaze verhënnert hätt. Aktuell géing een awer un engem villverspriechende Projet schaffen, dee gutt Chancen hätt, realiséiert ze ginn – den Hobby-Astronom ass ganz positiv agestallt, wëll allerdéngs nach net ze vill verroden.
D’AAL stelle sech op hirer Websäit als eng Gemeinschaft vun Enthusiaste vir, als e Grupp vu stären- a weltraumbegeeschterte Leit, déi gären hir Passioun fir d’Astronomie mat aneren deelen. An dëser Beschreiwung ass de sozialen Aspekt vum gemeinsame Stärebeobachten offensichtlech. De Pierre bréngt et op de Punkt: „Wann een an den Himmel kuckt, dann ass et egal, ob een en Direkter vun enger Bank, nach e Student oder e Kand ass. Et ass eng universell Passioun an de Moment vum Staune verbënnt eis alleguer.“ De Bléck an den Himmel géif ee vill méi bescheide maachen, well et géif ee mierken, datt een nëmmen e klenge Punkt op der Äerd wär. „Et ass, fir verréckt ze ginn, wann ee bedenkt, datt ee sech duerch den Teleskop kann eng Galaxie ukucken, déi 2,3 Millioune Liichtjoer wäit ewech ass. Dat heescht, dir gesitt praktesch an d’Vergaangenheet“, esou den Informatik-Professer. D’Staunen iwwer déi mam mënschleche Verstand kaum begräifbar Dimensioune vum Weltall kulminéiert an dësem liewensphilosophesche Kommentar: „Heiansdo muss ee begräifen, datt een en Deel vu méi eppes Groussem ass, fir nees den Norden ze fannen.“
Am beschte staunt et sech an enger Ronn vu Gläichgesënnten. No den Observatioune bei engem gemeinsamen Iessen iwwer d’Erfarungen ze schwätzen an déi eege Begeeschterung mat aneren ze deelen, ass fir de President vun den AAL e besonnesche Moment vun der Convivialitéit. Den Himmel wär e Mysterium, deen nëmmen dorop géif waarden, entdeckt ze ginn, an dofir freet hie sech allkéiers, wann en interesséierte Leit dësen neien Universum kann opmaachen. Eng nei Perspektiv kréien och ech an deem Moment, an deem ech follgend, nawell poetesch Wierder héieren: „Dir bestitt och aus Stärestëbs.“ Elo sinn ech deen, dee staunt. Mee et ass awer wëssenschaftlech korrekt: De mënschleche Kierper besteet aus cheemeschen Elementer wéi Kuelen- oder Sauerstoff, déi viru Milliarde vu Joren am Banneraum vu Stären duerch eng Kärfusioun entstane sinn.
Op eemol ass den Universum mir ganz no an de Sproch „Mir bréngen den Universum bei Iech!“ kritt eng komplett nei Bedeitung. Effektiv wär et esou, datt vill astronomesch Phenomeener en direkten Afloss op d’Aërd hunn. Wann d’Sonn e roude Ris géif ginn, wär d’Liewen op der Äerd net méi méiglech. „Et gëtt vill Interaktioun tëschent den Himmelskierperen an eiser Natur hei ënnen“, erkläert den Hobby-Astronom a verweist op den Afloss vum Mound, deem seng Unzéiungskraaft d’Ebbe an d’Flut verursaacht. D’Naturverbonnenheet, déi ee wärend engem Spadséiergang duerch de Bësch ka spieren, ass och méiglech, wann een den Himmel observéiert a sech fir Astronomie begeeschtert: „Wa mir d’Natur méi breet denken, da si mir beim Universum. Et ass alles Deel vun engem System. Et hänkt jo alles zesummen.“
En Artikel vum Heng Barone
[1] D’Wëssenschaft, déi den Universum als Ganzheet ënnersicht. Déi zentral Froe sinn: Wéi ass den Universum entstanen, wéi ass en opgebaut a wéi entwéckelt e sech?
[2] D’Spektroskopie ass eng wëssenschaftlech Method, bei där d’Liicht a seng Faarwen/Wellelängten opgedeelt gëtt, fir erauszefannen, aus wéi enge Komponenten e Stär oder en Objet besteet.
[3] Mat visueller Astronomie ass déi direkt Beobachtung vum Himmel mat den Ae gemengt, meeschtens mat engem Teleskop an ouni Fotoen ze maachen.
[4] Astrofotografie ass d’Fotograféiere vun Himmelsobjete wéi Stären, Planéiten, Niwwelen oder Galaxien.
Foto: © Serge Braun