De Lucien bäisst a seng Schmier mat Kachkéis a grinst – pardon, en hëlt eng Schlupp aus senger Taass Kaffi: „‚Luxonaut‘ ass mir direkt agefall. Fir mech war dat evident. D’Amerikaner hunn hir Astronauten, a Russland ginn et d’Kosmonauten a bei de Chineese schwätzt ee vun Taikonauten. Jiddereen huet säin eegenen Numm fir d’Leit, déi de Weltall exploréieren. Dofir war et fir mech kloer, datt Lëtzebuerg e Luxonaut wäert kréien.“ Beim Term wär him allerdéngs e klenge Feeler ënnerlaf, well d’Astronaute géifen duerch Stären navigéieren, d’Kosmonauten duerch de Kosmos fléien, Taikonauten duerch de Weltraum an d’Luxonauten – jo!? –, déi géifen dann alt op Lëtzebuerg fléien. „E Richtungs-Lapsus! Mee bon, mir si jo awer net esou klenglech“, schmunzelt hien.
Den Titel ass gekläert – och wann en e witzege Logikfeeler opweist –, mee wéi keent een dann elo op d’Iddi, eng BD ze maachen, déi e Lëtzebuerger oder eben eng Lëtzebuergerin an de Weltall schéckt an dobäi och nach e pädagogeschen Usproch huet? Ma ganz einfach: De Lucien hat viru gutt zwee Joer eng Reportage iwwer „Astronaut for a Day“ gelies, e Concours, deen d’Luxembourg Space Agency (LSA) 2023 an d’Liewe geruff huet, fir méi Jonker fir de Weltall ze begeeschteren. Vun der LSA hat hien deemools nach näischt héieren, mee vun der Initiativ, de jonke Leit am Kader vun engem Parabol-Fluch en eenzegaartege Vol an der Schweerelosegkeet ze erméiglechen, war hien direkt begeeschtert.
Lëtzebuerg am Weltall – déi Thematik misst een an d’Medium vun der BD transportéieren, huet de Lucien sech geduecht. Wann et e Lëtzebuerger gëtt, dee mat Hëllef vu Kachkéis kann duerch d’Loft fléien, dann ass et sécherlech och méiglech, e Bewunner vum Grand-Duché an de Weltraum ze schéissen – a firwat dann net och direkt op de Mars? D’Iddi war gebuer an eng Synopsis, d. h. e kuerzen, strukturéierte Resumé vun der Geschicht séier entwéckelt. „Ech hunn einfach bei der LSA ugeruff an hinne meng Iddi proposéiert“, erënnert sech de Lucien. „Leider waren déi Verantwortlech amgaangen, am Ausland e Satellit an d’Luucht ze schéissen, mee zwee Deeg drop krut ech en Uruff vun enger Madamm, déi mir sot, d’Herrschafte wären um Projet interesséiert an ech sollt bis laanschtkommen, fir dëse konkreet ze presentéieren.“ D’LSA war schnell iwwerzeegt an de Lucien krut direkt d’Autorisatioun, fir mat senger Lëtzebuerger Weltall-BD unzefänken. Och den entspriechende Budget gouf him an Aussiicht gestallt, well esou eng Realisatioun ass nawell méi deier wéi e puer Su.
Elo huet dem Auteur just nach en Zeechner gefeelt. Hien huet kuerzerhand un den Dan Altmann geduecht, en ale Kolleeg, deen hien eigentlech scho méi laang kennt wéi de verstuerwene Roger Leiner, mee awer e bëssen aus den Ae verluer hat. Den Dan Altmann ass keen Onbekannten; hien huet beispillsweis mam Luc Besson um Film „Valerian and the City of a Thousand Planets“ geschafft – och hei geet et ëm e Weltall-Zenario. Fir d’Collaboratioun war hie séier ze begeeschteren an de Lucien resuméiert déi dynamesch Zesummenaarbecht mat follgende Wierder: „Ech hunn op Lëtzebuergesch geschriwwen, den Dan op Lëtzebuergesch gezeechent.“
Am Ënnertitel vu „Lëtzebuerg sicht de Luxonaut“ heescht et: „D’Aventure vum Renya“. Dës zwee Titele kristalliséieren d’Handlung vun der BD pointéiert eraus. Am Zentrum vun der Geschicht steet nämlech de Selektiounsprozess vun enger Figur, déi am Joer 2050 op de Mars fléie soll – dat e bëssen am Stil vun „Deutschland sucht den Superstar“, wéi de Lucien umierkt. Zesumme mam Dan Altmann huet hien déi konkreet Handlung entwéckelt. Déi zwee ware sech eens, datt d’Geschicht an engem anthropomorphen Universum spille soll, d. h. d’Protagonist*inne sinn Déiere mat mënschlechen Eegenschaften. An nach eppes war séier kloer: D’Haaptfigur soll eng Fra sinn, am Luxonaut-Universum also eng Fuussin, well männlech Helde géingen et genuch ginn.
„Wien ass dat bekanntsten Déier zu Lëtzebuerg?“, freet de Lucien mech a gëtt sech selwer d’Äntwert, ier ech eppes soe kann: „Natierlech de Reenert.“ Dofir wär et nëmme konsequent, datt d’Protagonistin vum „Luxonaut“ eng Nofollgerin vun dësem berüümte Fuuss zu Lëtzebuerg wär, nämlech d’Renya. A well all BD-Figur e sougenannte Sidekick géif brauchen – den Obelix beim Asterix, den Haddock beim Tintin asw. –, deen déi ganz Saach e bësse méi witzeg géing maachen, krut d’Renya den Dix, e lëschtegen Dachs, un d’Säit gestallt. D’Referenz op de Lëtzebuerger Schrëftsteller léich op der Hand.
Wat bei dëser BD aneschters ass wéi bei viregten, déi de Lucien gemaach huet, ass, datt et dës Kéier eng länger Phas vun der Recherche gebraucht huet, fir dono kënnen d’Handlung ze konkretiséieren. Dat fält schonn op, wann ee sech ukuckt, wien alles am Album merci gesot kritt: zum Beispill den däitschen Astronaut Matthias Maurer; den Eric Buttini, Physiker am Musée national d’histoire naturelle; d’Mahulena Hofmann, Professorin fir Satellittekommunikatioun an internationaalt Weltraumrecht op der Uni Lëtzebuerg, esouwéi selbstverständlech de Marc Serres an de Mathias Link, CEO an Deputy-CEO vun der LSA. „Den Album ass natierlech Fiktioun, mee baséiert op ganz ville wëssenschaftleche Fakten,“ verréit de Lucien. Offensichtlech gëtt dat spéitstens dann, wann eng Biller-Sequenz e Lëtzebuerger Reportage iwwer d’Weltraum-Ressourcen illustréiert. D’BD zementéiert domat hiren Usproch, eng pädagogesch Funktioun ze erfëllen.
An der Fiktioun soll d’Renya de Wee op de Mars fannen, an der Realitéit huet d’BD hire Wee op Osaka fonnt. Se ass am Kader vun der Weltausstellung, déi 2025 a Japan stattfonnt huet, am Lëtzebuerger Pavillon presentéiert ginn, an deem ee kompletten Dag fir d’LSA reservéiert war. Hei krut den deemolegen Ierfgroussherzog Guillaume den éischten Exemplaire iwwerreecht an e wier, wéi de Lucien seet, immens frou gewiescht, och endlech mol eppes Guddes ze liese gehat ze hunn. Och d’Japaner*innen hätte sech gefreet, well d’BD, déi just zwee Deeg virdrun erauskomm wär, géif et net nëmmen op Lëtzebuergesch ginn, mee och op Däitsch, Franséisch, Englesch a souguer Japanesch. Virun allem mat där limitéierter japanescher Editioun, vun där et just 500 Exemplairë géinge ginn, hätt den Dan Altmann nawell schéine Krämpes gehat, well hie seng Illustratiounen un d’Textstruktur vun de japanesche Schrëftzeechen hätt missen upassen.
Eppes gemaach ze hunn, wat et nach ni zu Lëtzebuerg gouf, nämlech en Album op Japanesch, gëtt dem Lucien eng besonnesch Satisfaktioun. Datt d’BD insgesamt e Succès ass, mécht d’Geschicht ronderëm dem Renya seng Aventure ëmsou méi schéin: „Wéi mir d’Buch zu Conter um BD-Festival virgestallt hunn, hu mir an zwee Deeg direkt 250 Exemplairë verkaf. Dat ass fir e Lëtzebuerger Buch onvirstellbar vill.“ Dësen Erfolleg motivéiert natierlech, en zweeten Deel an Ugrëff ze huelen. An esou ass et och geduecht, well wien d’BD liest, fënnt séier eraus, datt dës Geschicht nach net zu Enn erzielt ass. Am zweeten Deel kéint dem Renya an domat de Lieser*innen eventuell eng „Elon-Musk-aarteg“ Firma um Mars begéinen, déi schonn amgaangen ass, Seelen Äerden ofzebauen – awer natierlech eng lëtzebuergesch. „A wéi gesäit et mat engem drëtten Deel aus?“, froen ech ofschléissend. De Lucien laacht: „Ech mengen, dono si mer esou midd, datt mir guer näischt méi kënne maachen.“
En Artikel vum Heng Barone
Fotoen: © Lucien Czuga