Placeholder Dummy template

Lëtzebuerg gräift no de Stären

Ressourcen, Gesetzer an d’Zukunft am Weltall

Lëtzebuerg huet sech net just als Finanzplaz, mee mëttlerweil och als féierenden Acteur an der Weltraumwirtschaft en internationalen Numm gemaach. Wat an den 1980er Jore mam Satellittebedreiwer SES ugefaangen hat, ass am Joer 2017 mam Gesetz iwwer de Space-Mining net nëmme weidergefouert ginn, mee huet eist Ländchen zu engem reegelrechte Pionéier am Beräich vum Weltraum gemaach.

Wat ass eigentlech Space-Mining? Domadder bezeechent een den Ofbau vun ënnerschiddleche Weltall-Ressourcen, entweder op Himmelkierperen, wéi beispillsweis dem Mound oder dem Mars, oder op Asteroiden. Dat kënnen all Zorte vu Materialie sinn, déi een am Weltall fënnt. „Wann een et fäerdegbréngt, dës do ofzebauen, da brauch een se net ëmständlech vun der Äerd dohinnerzetransportéieren“, erkläert den Dr. Mathias Link, stellvertriedende CEO vun der LSA (Luxembourg Space Agency) am Gespréich mam Konterbont.

„Besonnesch am Fokus vum Interessi steet am Moment d’Waasser, dat ënner anerem um Mound a Form vun Äis entdeckt gouf“, sou de Mathias Link. Hie präziséiert, datt dat flëssegt Gold net nëmmen als Drénkwaasser fir d’Astronauten essenziell ass, mee och an d’Elementer Waasserstoff a Sauerstoff opgespalt ka ginn, fir et als Sprit fir d’Rakéiten oder als Otemloft ze benotzen. Doniewent kéinte Metaller a Mineralien aus Asteroiden oder vum Mound an Zukunft fir de Bau vu verschiddene Strukture wéi Raumstatiounen oder Moundbasen direkt sur place gebraucht ginn.

Lëtzebuerg als Pionéier

Am Joer 2017 huet Lëtzebuerg als weltwäit zweet Land no den USA e spezifescht Gesetz iwwer d’Erfuerschung an d’Notzung vu Weltraumressourcë verfaasst. Firwat war dat Gesetz esou wichteg? De Mathias Link erkläert, datt den Haaptproblem beim iwwer 50 Joer alen „Outer Space Treaty“, dem Weltraumvertrag vun der UNO, loung. Dëse beseet zwar, datt jiddereen de Weltraum fir d’Fuerschung fräi notzen däerf, gläichzäiteg awer verbitt dëse Vertrag de Staaten eng Uneegnung vun Himmelskierperen. „Et däerf een also net säi Fändel iergendwou an de Buedem stiechen an dat Land fir sech beusprochen“, seet de stellvertriedende CEO vun der LSA. „Dëse Vertrag reegelt leider net explizit, wat ee mat de Ressourcen aus dem Weltall maachen däerf.“

Dofir huet Lëtzebuerg sech 2017 e Gesetz ginn, dat an dësem Beräich private Firmen eng Rechtssécherheet gëtt. Den éischten Artikel an dësem Gesetz leet fest, datt déi am Weltraum gewonne Ressourcen Eegentum vun där Firma sinn, déi se ofgebaut huet. De Mathias Link gesäit hei Parallellen zum Fëschfang an den internationale Mierer: „D’Mier gehéiert kengem, mee de gefaangene Fësch gehéiert deem Fëscher, deen se am Netz huet. Dës rechtlech Kloerheet huet natierlech eng ganz Rëtsch international Entreprisen a Start-ups wéi beispillsweis ispace op Lëtzebuerg gelackelt.“

De Grand-Duché setzt nach een drop

Wärend d’Gesetz vun 2017 ganz spezifesch op den Ofbau vu Ressourcë fokusséiert war, ass am Joer 2020 e méi allgemengt Weltraumgesetz zu Lëtzebuerg an d’Liewe geruff ginn. „Dëst Gesetz ass méi breet gefaasst a gëllt als , fir sämtlech Weltraumaktivitéite vu lëtzebuergesche Firmen ze autoriséieren“, erkläert de Mathias Link. „Dat geet vum Satellittestart bis bei den Asaz vu Mound-Roveren.“ 

Well e Land no internationalem Recht zu gudder Lescht ëmmer d’Verantwortung fir d’Aktivitéite vu sengen Entreprisen am All dréit, déngt dëst Gesetz och enger strenger Kontroll, déi vum Wirtschaftsministère an Zesummenaarbecht mat der LSA duerchgefouert gëtt. Dobäi préift d’Agence, ob de Projet technesch zolidd ass, ob d’Firma iwwer déi néideg finanziell Mëttele verfüügt an ob d’Nohaltegkeetskrittären agehale ginn.

Lëtzebuerg kacht awer net nëmme seng eegen Zëppchen am Weltall. De Mathias Link betount, datt de Grand-Duché sech massiv bei der UNO zu Wien engagéiert, fir en internationale Kader fir d’Notze vu Ressourcen ze schafen. „Haut gëtt et do eng Aarbechtsgrupp, an där souguer Groussmuechte wéi d’USA, Russland a China gemeinsam u Reegele fir d’Zukunft schaffen.“

Wat dat Lëtzebuerg bréngt

Den deemolege Wirtschaftsminister Étienne Schneider gëllt als Architekt – anerer soen och Papp –  vun der moderner Lëtzebuerger Weltraumstrategie. Seng Intentioun war et deemools, d’Lëtzebuerger Wirtschaft laangfristeg ze differenzéieren. Deementspriechend wollt hien net alles op d’Kaart vun der Finanzplaz setzen, mee huet d’Weichen och an d’Richtung vun der Space-Economy, also der Weltraum-Ekonomie gesat. Domadder hat hien de Grondsteen fir Lëtzebuerg am Weltall geluecht.

E Bléck an d’Zuele weist, datt sech dëse Wirtschaftszweig séier entwéckelt huet. Am Joer 2012 goufen et zu Lëtzebuerg 15 Firmen, déi am Beräich vum Weltraum täteg waren. Haut sinn et der iwwer 80. D’Gesetz vun 2017 huet et Lëtzebuerg erméiglecht, sech als innovatiivt Land op déi weltwäit Landkaart ze setzen, mam Resultat, datt eng Hellewull vun Investoren an neien Talenter ugelackelt goufen. Dernieft huet sech e ganz neit Ëmfeld ronderëm dëse Secteur opgebaut, dat ënner anerem an de Beräicher Fuerschung (zum Beispill den ESRIC, den Europäeschen Innovatiounszenter fir Weltraumressourcen), Bildung (de „Master in Space Technologies and Business“ oder de „Master in Space, Communication and Media Law“ op der Uni Lëtzebuerg) an Infrastruktur (de Space-Campus um Belval an op der Kockelscheier).

De Mathias Link betount allerdéngs, datt déi lëtzebuergesch Weltraum-Gesetzer awer net nëmmen Entreprisen op Lëtzebuerg unzéien, déi tatsächlech Space-Mining bedreiwen, mee vill Firme géife komme wéint dem allgemenge politesche Réckhalt an der strukturéierter Ënnerstëtzungsoffer fir de ganze Secteur.

Ausbléck op déi nächst fënnef bis zéng Joer

Zum Schluss vun eisem Gespréich geheit de stellvertriedende Generaldirekter vun der LSA nach e kuerze Bléck an d’Glaskugel: „Mir sti virun enger rasanter Entwécklung.“ Mam Enn vun der Weltraumstatioun ISS um Enn vun dësem Joerzéngt wäerten nei privat an national Raumstatiounen entstoen. Souwuel d’USA wéi och China plangen, nach virum Joer 2030 erëm Leit op de Mound ze bréngen. Dës Kéier awer mam Zil vun enger permanenter Presenz.

„A genee dofir wäerten d’Weltraumressourcen, déi Lëtzebuerg mat senge Gesetzer esou fréi schonn definéiert hat, eng entscheedend Grondlag sinn“, sou de Mathias Link. „Wat virun e puer Joer nach wéi puere Science-Fiction eriwwerkoum, ass haut zu engem handfesten ekonomeschen a juristesche Pilier vun der Lëtzebuerger Zukunft ginn.“

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.