Energetesch autark

oder d’Geschicht vum Mëlleschbuer bis bei de Beki

Autark – e Wuert, wat aus dem Griichesche kënnt, a vun autos „selwer“ an arkein „duergoen“ zesummegesat ass. Autark kéint ee graff mat „sech selwer duergoen” iwwersetzen, am Sënn vun: net ofhängeg si vun aneren. Selwer dat fabrizéieren, wat ee brauch.

Wat brauch de Mënsch haut? Eng Wunneng, déi e virum Wieder schützt. E System, deen déi Wunneng op enger agreabeler Temperatur hält. A Waasser. Fir ze drénken, fir ze kachen a sech ze wäschen. Dann nach Sonn. A Beem, déi fir eng gutt Loft suergen. Wéi mer elo déi natierlech Ressourcë gebrauchen, déi souwisou do sinn – also Waasser, Sonn, Loft, respektiv Wand an Holz vun de Beem – dat hänkt dovun of, wéi mer d’Welt gesinn.

Huele mer d’Beispill Gemeng Biekerech.

Foto: Ken Weis

Viru ronn 33 Joer, 1985, hat den deemolege Buergermeeschter Jos Seyler eng gutt Nues: hien huet sech um Paräisser „Salon de l’embouteillage“ – also der Foire fir Gedrénksfläschen – mam Direkter vun enger grousser franséischer Waasserentreprise zesummegesat an him erzielt vun de Quellen, déi no bei Biekerech aus dem Buedem spruddelen: d’Mineralwaasser aus der Quell Mëlleschbur, d’Drénkwaasser aus der Quell Wäschbur, allebéid entsprangen se ënnen um Kuelebierg respektiv dem Kasselbierg.

D‘Resultat vun dësem Gespréich tëschent dem Jos Seyler an dem Pierre Papillaud war, datt am Juli 1985 d’Société Anonyme des Eaux de Beckerich gegrënnt gouf, déi Firma, déi bis haut platt a Spruddelwaasser zu Biekerech selwer a Fläsche fëllt a vun do aus zu Lëtzebuerg an iwwer d’Grenzen eraus verkeeft.

Foto: Ken Weis

Schonn deemools war ee Mann zu Biekerech am Gemengerot, deen d’Iddi vun der Autarkie an der Gemeng sollt decisiv weiderféieren: de Camille Gira, dee vun 1982 u Schäffe war, an deemno ganz no um Jos Seyler, dem Grënnerpapp vun der Biekerecher Waasserfirma.

Ma de Camille Gira hat deemools schonn – éier hie Member vun der Grénger Partei gouf – erkannt, datt et fir d’Ëmwelt a fir eis alleguer net konnt d’Léisung sinn, Mazout an aner fossil Brennstoffer zu Präisser ze kafen, déi vun aneren diktéiert ginn, mee datt et méi logesch a nohalteg wier ze kucken, ob een sech net selwer kéint mat Verschiddenem versuergen.

1995 ass d’Gemeng Biekerech dem Klimabündnis (www.klimabuendnis.lu) bäigetrueden, a war sou Deel vun der internationaler Allianz fir de Klima. Dat heescht, datt Biekerech esou wéi déi aner Membere vun der Climate Alliance (www.climatealliance.org) sech engagéiert huet, Dreifhausgaser ze reduzéieren, besonnesch CO2Emissiounen.

© Ken Weis

An deem Sënn gouf eng Buslinn agefouert, déi am Stonnentakt vum Réidener Kanton an d’Stad gefuer ass. Déi Autoe stounge manner am Stau an hu keng Loft verpescht. En Energiekonzept gouf ausgeschafft an 1999 ënner dem Motto „Komm spuer mat“ ëmgesat. Bis haut huet dëst Konzept sech erweidert a mëttlerweil huet d’a.s.b.l. Réidener Energieatelier sech mat der nationaler Energieberodungsstruktur myenergy zesummegedoen, fir all Bierger am Kanton Réiden ze beroden, wéi een Energie ka méi effizient notzen, aspueren, a sou säi Bäitrag leeschten, fir manner klimaschiedlech Emissiounen ze produzéieren.

www.energieinfo.lu

Am Sënn vum Klimaschutz an der Onofhängegkeet vu fossillen Energiequellen huet d’Gemeng Biekerech no an no en Netz opgebaut, wat Heizungen an der Gemeng fiddert, eng Biogasanlag opgeriicht, déi als Genossenschaft mat Bedeelegung vun 19 landwirtschaftleche Betriber funktionéiert, eng „Hackschnitzelanlage” gebaut a mëttlerweil scho vergréissert an op verschiddene Gebaier Solaranlagen installéiert. Sou kënnen och Leit, déi selwer keng Méiglechkeet hunn, eng Äerdwäermepompel ze installéieren oder Solarpanneauen op hirem Haus bauen ze loosse vun der Biekerecher Energie profitéieren.

© Ken Weis

Och op der Biekerecher Mille goufe Solarpanneauen installéiert, do, wou een op Ufro kann alles erkläert a gewise kréien, wat Biekerech als Gemeng zum Pionéier mécht: www.dmillen.lu/energietour.

Nieft dem Energietour bitt d’Biekerecher Millen awer och Konferenzen, Atelieren, Informatiounsowenter, Ausflich an d’Geleeënheet, fir sech ganz einfach ze erhuelen. Bis d’Joer 2030 wëllen d‘Gemengeresponsabel vu Biekerech energetesch autark funktionéieren, d.h., ouni vu bausse geliwwert Energie auskommen. D’Zil ass éiergäizeg, awer deels schonn erreecht.

A woufir d’Gemeng vläicht an den 1990er-Joren nach belächelt gouf, ass een haut éischter erpicht, op den nämmlechte Wee ze goen. Et war natierlech och politesche Courage néideg, fir dëse Wee a Richtung Energieautarkie anzeschloen an ze goen – awer d’Resultat ass do, an de Wee gëtt vum haitege Buergermeeschter Thierry Lagoda weidergefouert – iwwregens dem Enkel vum Jos Seyler. Zu Biekerech muss den ekologesch-nohaltege Gedanke wuel iergendwéi an der Loft leien – oder besser gesot am Drénkwaasser.

A falls Dir wëlles hutt, deemnächst en Ausfluch an d’Biekerecher Gemeng ze maachen: w.e.g. net vergiessen, op enger vun de Banken am Réidener Kanton e puer Beki opzehiewen, well och mat dëser ongewéinlecher Iddi – enger regionaler Wärung – gouf am Réidener Kanton dofir gesuergt, datt déi lokal Populatioun déi lokal Geschäftsleit ënnerstëtzt.

An et ass dat evitéiert ginn, wat fir de Camille Gira mat den Ustouss ginn huet, Biekerech wëllen energetesch autark ze maachen: datt nämlech keng Commercë méi do wären a kee wéilt an der Regioun wunnen a liewen.

www.beki.lu

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.