Ouni.lu Verpackungen? OUNI eis!

Wie kënnt dat net: Et geet een akafen, fir de Frigo ze fëllen a et fënnt een sech mat engem risege Koup Plastik a Kartrong an der Kichen erëm. Kloer, et ginn Initiative wéi d‘Valorlux, déi sech deem unhuelen – mee kann een net eigentlech dorobber verzichten? Genee déi Fro hu sech och d‘Grënner vun der sozialer Kooperativ „OUNI“ gestallt an e Buttek lancéiert, deen op Verpackungsmaterial verzicht.

De 6. Februar 2016 gouf OUNI vu siwe Membere gegrënnt. Den Numm „OUNI“ steet fir d’Iddi vum Akafen ouni Verpackung an ass gläichzäiteg als Akronym fir Organic Unpackaged Natural Ingredients ze verstoen. Als verpackungsfräi Bio-Epicerie ass si eenzegaarteg hei zu Lëtzebuerg. Ofgesi vun der Iddi, den Offall ze reduzéieren, ginn och just biologesch, lokal an/oder Fairtrade-Produiten ugebueden. Och de Gemeinschaftssënn gëtt gefërdert. Reegelméisseg Workshoppen oder Evenementer ginn ugebueden a reegen de Sënn fir Ëmweltschutz, Nohaltegkeet a Recycling un. Aktuell huet „OUNI“ iwwer 750 Memberen.

D‘Fournisseure gi mat Beduecht ausgewielt. Si musse verschidde Kritären erfëllen, wéi zum Beispill eng lokal a biologesch Produktioun, saisonal Artikelen, keng kënschtlech Zousätz oder Verpackunge fir den Transport benotzen, déi erëm verwäert kënne ginn. Ugebuede ginn esouwuel Liewensmëttelen (Zerealien, Lënsen, dréche Liewensmëttel, Ueleg an Esseg, Gedrénks, Uebst a Geméis, Kéis, Mëllech, Jughurt asw.), Hygiènesartikele wéi och Haushalts- a Botzartikelen.

Fakten

  • Laut „OUNI“ ginn zu Lëtzebuerg insgesamt ëm déi 300 kg Offall op de Kapp pro Joer produzéiert.
  • Iwwer 30 Prozent dovun entstinn duerch Verpackungen.
  • Am Joer 2050 wäerten méi Plastik wéi Fësch an den Ozeaner schwammen.

Ausserdeem kéint ee mat de Liewensmëttelen, déi an Europa verschwent ginn, eng Milliard Mënschen op der ganzer Welt ernären.

Bei „OUNI“ bréngt ee seng eege Behältere mat oder keeft op der Plaz Glaspfandfläschen, fir de gewënschten Artikel ze transportéieren. De Virdeel läit op der Hand: Et kann ee bis op de Gramm genau déi Quantitéit, vun zum Beispill Miel, kafen, déi een och doheem brauch. Dat verréngert net nëmmen den Offall, mee schount niewebäi och de Portmonni. En Ëmdenken zitt dat wuel mat sech, well een net einfach de Caddie fëllt a bezilt.

Wann Dir wëllt matwierken, kënnt Dir bei „OUNI“ Member ginn an esouguer Parten un der Societéit kafen. Als esou genannten „aktive Member“ kënnt Dir och direkt matwierken, andeem Der e puer Stonnen am Mount am Geschäft aushëlleft oder vu reduzéierte Präisser kënnt profitéieren.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.