Vakanzekolonië virun der Hausdier

Vakanz muss een net Honnerten oder Dausende Kilometer vun doheem ewech verbréngen – dat gëllt fir Kanner, Jugendlecher an och Erwuessener. Verschidden Organisatioune bidden niewent hire Vakanzekolonien am Ausland och eng breet Gamm zu Lëtzebuerg un – mat engem Koup un Abenteuer a Kreativitéit. 

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Kloer, op der Nordséiküst oder a Südfrankräich ginn et och flott Ecken. Ass et net awer wichteg, datt eis Kanner grad am eegene Land flott Saachen erliewe kënnen a gläichzäiteg eist Ländche kenneléieren? Dat Ganzt an engem Kader, deen si psychesch, physesch, sozial, kreativ a positiv animéiert an hinnen nei Weeër weist, fir sech an eis Gesellschaft ze integréieren? Esou Vakanzen, esou Erliefnesser bidde Vakanzekolonien. Dës ginn duerch Associatioune wéi ënner anerem der Caritas, dem Roude Kräiz an dem SNJ (Service National de la Jeunesse) ugebueden.

“Eis Offer am Beräich vun de Campen, Kolonien a Weekender huet sech an de leschten Joeren zimmlech erweidert, esou datt mir iwwer d’Joer verdeelt 37 Aktivitéiten an direkter Zesummenaarbecht ubidden”, zielt eis d’Corinne Quiring, verantwortlech beim SNJ fir Campen, Kolonien a Weekender. Dovunner fannen 21 Aktivitéiten an der Summervakanz statt. “Als Co-Organisateur si mir un 22 weideren Aktivitéiten bedeelegt”, sou d’SNJ-Verantwortlech.

D’Corinne Quiring schafft mam Sarah Melmer zesummen, dat sech ëm d’Animateursformatioune këmmert. D’Offer vun den Aktivitéite riicht sech u Kanner a Jonker am Alter tëschent 4 an 18 Joer an se fënnt gréisstendeels a Lëtzebuerg statt. Des Aktivitéiten organiséiert den SNJ eegestänneg oder an Zesummenaarbecht mat aneren Jugendorganisatiounen oder Servicer. D’Campen an d’Kolonien gi vun Animateuren an Animatricen encadréiert, déi en ausgepräägte Formatiounsparcours hannert sech hunn. “Doniewent sinn si och am Besëtz vun engem Éischt-Hëllef-Schäin an si gi ganz no vum Sarah Melmer a vu mir betreit”, sou d’Corinne Quiring. No all Aktivitéit huet si en Ofschlossgespréich mat den Animateuren an Animatricen, woubäi si zesummen e Bilan vun der Aktivitéit zéien. “Hei gi mir esou wuel op dat an, wat gutt gelaf ass, an awer och op eventuell Schwieregkeeten. Esou versiche mir eis Formatiounen un de Besoin vun eisen Encadranten unzepassen an si esou gutt wéi méiglech op eventuell Risiken an Hürden virzebereeden, déi si an der direkter Aarbecht mat de Jonke begéine kënnen”, sou d’Corinne Quiring.

“Zum Schluss vun der Summervakanz organiséiere mir eng Kolonie, déi an Éisträich stattfënnt”, seet si. “De Schwéierpunkt läit hei op der Inklusioun.” Dat bedeit, datt de Grupp, deen si encadréieren, zur Hallschent aus Jonke besteet, déi mat enger Beanträchtegung liewen. Iwwer de Summer verdeelt bitt den SNJ awer och nach weider Inklusiounskolonien am Land un. “Och soss si mir bei eisen Aktivitéiten ganz oppen fir Kanner a Jonker mat enger Beanträchtegung ze encadréieren.” Wichteg ass dem Corinne Quiring den enke Kontakt zu den Elteren, esou datt een sech optimal op d’Besoinen an d’Beanträchtegung vun de Jonke virbereeden an esou e sécheren Encadrement an Erliefnes ubidde kann.

“Niewent dem Schwéierpunkt vun der Inklusioun, geet eis Offer nach a ganz weider Richtungen: vu Sport bis Sproochen, Konscht a Musek, versiche mir eis Offer ëmmer un d’Demande an d’Besoinen vun den Jonken unzepassen”, sou d’SNJ-Verantwortlech. Do ass fir Jiddereen eppes dobäi an de Jonke steet mat senge Ressourcen a Stäerkten am Mëttelpunkt. “Esou eng Kolonie oder e Camp ass fir déi Jonk dacks en onvergiesslecht Erliefnes a leet de Grondsteen fir hir Animateurscarrière.”

Den Héichpunkt vun den Kolonien am Summer ass a bleift nach ëmmer den Hike, wou déi Jonk a méi klenge Gruppen duerch d’Bëscher wanderen an an der fräier Natur schlofen, virausgesat d’Wieder spillt mat. “Alternativ schlofe si  wärend dem Hike och emol beim Bauer an der Scheier oder am Chalet. Mir sinn op alle Fall op all Wiederkonditioune virbereed”, versëchert d’Corinne Quiring.

Zweete groussen Acteur ass den nationale Jugendservice youngcaritas. „De Kanner vu véier bis zwielef Joer bidde mir Vakanzekolonië mat ënnerschiddlechen Theemen ewéi Once Upon A Time, Kiddies Of The Caribbean, Harry Potter oder awer eist Aqua Camp un. Si kënnen an eng Fantasiewelt ofdauchen a sech an d‘Geschicht eraversetzen“, erkläert d’Fabienne Schmit vu youngcaritas. Et gi vill Ausflich gemaach, ob an een Erliefnespark, eng Schwämm oder aner Waasseraktivitéiten ewéi z.B. Seegelen, fir jiddereen ass eppes derbäi. Egal ob kléng oder e bësse méi grouss Gruppen, bei youngcaritas entsteet ëmmer eng familiär Atmosphär.

„D‘Kolonië fir eis Jugendlecher sinn op Abenteuer ausgeriicht. Ob Kayak fuere mat Schlofen am Fräien op eiser Lët’z Have Fun oder eiser spannender Kolonie an der Ardèche, bis hin zu eisem Interrail duerch Frankräich a Spuenien. Dobäi leeë mir och vill Wäert op een diversen a flexibelen Dagesoflaf fir datt déi Jonk vill erliewen an awer och Zäit fir sech selwer a Fräizäit hunn. An d’Participanten däerfen och emol hir Wënsch fir Ännerungen am Programm äusseren”, weess d’Fabienne Schmit aus Erfarung. Besonnesch houfereg kann een op déi grouss Rëtsch vu fräiwëllege jonke Leit sinn, déi mat Ofschloss vun hirer Animateur-Formatioun esou eng Vakanzekolonie leeden oder begleede kënnen. Si sinn et, déi d’Offer vun de youngcaritas-Kolonië méiglech maachen.

Och d’Croix Rouge organiséiert iwwer hire Service Jugendroutkräiz Lëtzebuerg Kolonië fir Kanner a Jugendlecher. Doniewent bidde si och Formatioune fir d’Benevollen un. 2023 huet d’Jugendroutkräiz 385 Participanten bei de Kolonië gezielt. Dës goufe vun 199 Moniteuren encadréiert. D’Zilgruppe si Kanner a Jugendlecher vu véier bis 17 Joer. “Zousätzlech ginn dëst Joer zwou Kolonië zu La Panne (B) speziell fir Jonker mat Beanträchtegung ab 16 Joer bis an den Erwuessenenalter organiséiert”, erzielt eis d’Jil Scolati vum Jugendroutkräiz. Och all di aner Kolonië sinn op fir dës Leit. “2023 waren 13 Prozent vun alle Participanten Jonker mat enger Beanträchtegung”, seet d’Jil Scolati. “Inklusioun ass eis ganz wichteg”, betount si.  

D’Kolonië vum Jugendroutkräiz fannen dëst Joer souwuel hei am Land wéi och am Ausland statt. D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg daueren ëmmer just e puer Deeg a sinn éischter fir déi méi kleng Kanner ab véier Joer geduecht. Hei stinn de Park Housen, Beefort an Iechternach um Programm, wou d’Gruppen an de jeeweilegen Jugendherbergen iwwernuechten. Op der Belscher Plage zu La Panne huet d’Croix Rouge en Haus, dat fir d’Kolonië benotzt gëtt. An Holland kënnen déi Jonk Vëlofueren oder un engem Seegeltour vun 13 Deeg deelhuelen. Hei sinn si dann e puer Deeg um Mier ënnerwee a leeën dann ëmmer erëm u Land un fir Ausflich ze maachen a sech Proviant ze kafen. Um Boot kache si sech da selwer hiert Iessen. Am Wanter bitt d’Jugendroutkräiz och Schikolonien an Éisträich un. Hei léieren déi Jonk Schi- oder Snowboardfueren.  

D’Jil Scolati vum Jugendroutkräiz Lëtzebuerg hieft d’Wichtegkeet vun esou Kolonien ervir. D’Kanner kréien hei Kontakt mat aneren aus verschiddene soziale Verhältnisser, awer och mat Jonker, déi vläicht eng Beanträchtegung hunn. “Hei schléissen déi Jonk dacks Frëndschaften, déi och méi laang kënnen halen. A fir munch Participanten ass et déi eenzeg Vakanz, déi si kënne maachen.”

Eng gutt Iwwersiicht iwwer d’Vakanzekolonië fënns du am Agenda.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.