D’Buerg vu Veianen

Majestéitesch steet si héich iwwer dem Ourdall. Déi mëttelalterlech Buerg vu Veianen ass eng vun de bedeitendste Lëtzebuerger Buergen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Iwwer 1.000 Joer gouf un der Buerg gebaut. Den Ursprong geet op e réimesche Kastell aus de Joren 360-450 n. Chr. zeréck. Am 9. Joerhonnert hunn d’Karolénger de Kastell erweidert. Den éischte bekannte Grof vu Veianen war de Grof Bertolph am 11. Joerhonnert. Bis an d’14. Joerhonnert gouf d’Buerg weider ausgebaut. D‘Grofe vu Veianen ware bis an d‘15. Joerhonnert déi mächtegst Hären tëscht dem Rhäin, der Musel an der Meuse.

Vu 1417 bis d‘Franséisch Revolutioun war d‘Buerg am Besëtz vum Haus Oranien-Nassau. D’Grofschaft vu Veianen war ongeféier sou grouss wéi eist haitegt Groussherzogtum. Wärend der franséischer Revolutioun gouf si konfiszéiert an 1815 un de Groussherzog Wëllem I. vu Lëtzebuerg zréckginn. De Wenzel Coster, deemolege Buergermeeschter vu Veianen, huet d‘Buerg 1820 op enger Stee kaaft. Hien huet villes verkaaft an d‘Buerg als Ruin zréckgelooss. Am Joer 1890 ass d‘Anlag erëm an de Besëtz vun de Groussherzoge komm, ass awer ëmmer weider zerfall. De Groussherzog Jean huet d’Buerg dunn am Joer 1977 un de Lëtzebuerger Staat verkaaft an zënterhier gëtt si restauréiert an ass och all Dag fir Visitten op. Touriste sti Schlaang bei der Keess, Grouss a Kleng, Jonk an Al, et héiert ee vill verschidde Sproochen, och Lëtzebuergesch. Mir sinn eis eens, d’Buerg ass eppes fir jiddereen.

© Jengel  

Kommt mat eran. Haut ass dat méi einfach. D‘Buerg war fréier géint Feinde gutt geséchert. Deemools misst een duerch fënnef Paarte goen: Déi éischt hat eng Falbréck, déi lescht e Falgitter. Hanner der leschter Paart féiert eng Trap eran an de verwëllefte Waffesall. Ritter sti stramm a bewaache Rüstungen a Waffen. Duerch déi al Kiche gi mir an déi ënnescht Kapell. Eisen Tour bréngt eis an d‘Ritterstuff, déi ouni Zweiwel de räichste Raum an der ganzer Buerg war.

Mir ginn eng Trap erop a kommen op d’Buergterrass, an d‘Galerie, déi de Grousse Palas mat der ieweschter Kapell verbënnt. Vun der Terrass aus huet een eng immens schéi Vue op dat tëscht zwee Däller geleeë Stiedche Veianen.

D‘„Byzantinesch Galerie“ huet mir et ganz besonnesch ugedinn. Déi prachtvoll Kléiblatfënsteren zielen zu de schéinsten Dekore vun der Buerg. Weider geet et an de Banquetssall, dee mat sengem impressionnante laangen Eechendësch als Sëtzungssall gedéngt huet, niewendrun e Schlofgemaach.

Mir kommen an de Festsall, d’Salle Vic. Abens an an d’Stammbamzëmmer, wou d’Wopen an d’Buerghären ze gesi sinn. Et ginn och nach aner Säll, déi ee fir Ausstellungen, Banqueten a Fester loune kann.

Mir dierfen awer d’Herrschaftskiche mat hirer grousser Feierplaz, der Verwëllef, der Haascht an dem Bakuewen net vergiessen! Vun der Kiche gi mir an d’Iesszëmmer a beim Erofgoe komme mir bei de Bur, deen am 11. Joerhonnert ugeluecht gouf. En ass 53 Meter déif a ganz an de Schiferfiels gehaen.

Ee vun de beandrockendste Raim an der Buerg ass de Rittersall. En hëlt de ganze Rez-de-chaussée an a genee ënnendrënner ass de Wäikeller, dee grad esou grouss ass. Al Wäifässer lageren nach hei. Deen a Stee gemeesselte Wäikeller vun der Buerg versetzt een zeréck an eng aner Zäit. Wann dës Mauere schwätze kéinten, si géifen eis bestëmmt déi eng oder aner flott Anekdot erzielen, wéi zum Beispill déi vum Yolanda.

Kennt Dir d’Yolanda vu Veianen?

Enger Legend no huet sech d‘Yolanda vu Veianen, nodeems se zur Strof vun hirer Mamm an engem Tuerm agespaart gouf, aus dem Tuerm ofgeseelt an ass fortgelaf, fir kënnen an d’Klouschter ze goen.

Si gouf am Joer 1231 als Duechter vum Grof Heinrich I. vu Veianen a senger Fra, der Gräfin Margarethe de Courtenay gebuer.

De Brudder Hermann vu Veldenz erzielt a sengem Epos vun 1293, datt d’Yolanda schonn als Kand entscheet hat, an d’Klouschter ze goen. Hir Eltere wollte si awer mat engem Adelege bestueden.

D’Yolanda hat sech fir d’Dominikanerinneklouschter Mariendall entscheet. Hir Mamm, Duechter vum Keeser vu Konstantinopel, wollt hir Duechter net an esou en aarmt Klouschter goe loossen. Den Epos hält domat op, datt d’Yolanda schlussendlech d’Erlaabnes krut an 1248 opgeholl gouf. Si ass de 17. Dezember 1283 gestuerwen. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Yolanda als Séileg veréiert.

Dësen Epos a muselfränkescher Sprooch ass dat warscheinlech eelst Dokument op Lëtzebuergesch.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.