E sprëtzegt Amusement

Wann een eng Persoun op Schi gesäit, denkt all Mënsch direkt un de Wantersport, wou d’Leit am Schnéi mat héijer Vitesse e Bierg eroffueren. Nëmmen deene mannsten géif afalen, datt ee mat dësem Sportmaterial och Waasserschi ausübe kann. De groussen Ënnerscheed tëschent dëse béide Sportaarten: Fir déi lescht brauch een e Boot. Virun allem op der Musel kann een dëser interessanter Disziplin nogoen, obwuel se ëmmer méi vum Radar verschwënnt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Waasserschi huet zu Lëtzebuerg Traditioun. Mam Sylvie Hülsemann, der dräifacher Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer, huet de Waasserschi an den 1960er Joren säin Héichpunkt kannt. Net manner wéi zwou Gold-, dräi Sëlwer- an eng Bronzemedail huet déi mëttlerweil 74-järeg bei enger Weltmeeschterschaft gewanne konnten. Dëser Deeg ass den Numm Hülsemann wuel nëmmen nach e puer Insider e Begrëff.

Wann een hautdesdaags u Waasserschi am Grand-duché denkt, do fält engem direkt d’Musel an. Virun allem bei guddem Wieder ass um zweetlängsten Niewefloss vum Rhäin definitiv eng lass. Déi verschidde Clibb bidden de Leit nämlech eng ganz Rëtsch un Aktivitéiten un. Déi kënne vum klassesche Waasserschi bis zum Wakeboarding reechen. Et ass also fir jiddereen eppes derbäi. „Et muss een net ëmmer wäit fort reesen, fir bei d’Waasser ze kommen. Wann d’Wieder hei schéin ass, da fillt et sech un, wéi wann een an der Vakanz ass”, sou de Luc Engel, Member vum „Club nautique de Luxembourg” zu Bech-Klengmaacher.

Och wa Waasserschi eng vläicht bësse méi spezifesch Sportaart ass, brauch een dofir awer keng besonnesch Talenter matzebréngen. Dofir ass et och net verwonnerlech, datt net nëmme kleng Kanner Spaass dorunner kënnen hunn, mee och nach Leit iwwer 60 Joer. Et ass virun allem wichteg – och wann dat vläicht evident erschéngt – , datt ee keng Angscht virum Waasser dierf hunn. „Fäerten dierf een op kee Fall. Et dierf engem och näischt ausmaachen, eemol einfach an d’Waasser ze falen. Et muss een et einfach eng Kéier austesten”, seet de Luc Engel weider.

Mee iert en Ufänger iwwerhaapt an d’Waasser goen dierf, sti fir hien als alleréischt mol puer Uweisungen um Programm. „Als éischt ginn emol Dréchenübungen op der Wiss gemaach. Do kritt een dann och gewisen, wéi een iwwerhaapt aus dem Waasser kënnt. Herno ass dann och nach eng Persoun vum Club um Boot selwer derbäi, déi et engem virmécht, wéi eng verschidden Haltungen ee wéini anhuele soll”, erkläert de CNL-Member. No der Theorie ass deejéinegen da bereet, de prakteschen Deel unzegoen. Dobäi erwaart een dat gréisst Hindernis direkt am Ufank. „De Start ass bäi wäitem dee schwieregsten Exercice. D’Schier mussen an der richteger Positioun sinn fir iwwerhaapt aus dem Waasser kënnen ze kommen. Wann een da bis steet, muss een ëmmer oppassen, fir schéin am Equiliber ze bleiwen. Mee mat e bëssen Übung geet dat. Wann dat alles bis klappt, dann ass een och ganz séier dovu gepaakt”, verréit de Luc Engel.

Bei de Waassersportaarte gëtt selbstverständlech och d’Sécherheet groussgeschriwwen. Dofir soll och fir dat richtegt Equipement gesuergt sinn. „Eigentlech ass et jiddwerengem selwer iwwerlooss, ob e just mat der Schwammbox oder mam Neopren-Kostüm un déi Saach erugoe wëll. Dat hänkt och alles vun der Waassertemperatur of. Eng Schwammwest unzedoen ass dofir awer eng Mussesaach. Och en Helm ass net onnëtz, wann ee probéiert, verschidden Tricken auszetesten”, gëtt hie weider Rotschléi mat op de Wee.

De Waasserschi selwer verléiert ëmmer méi un Attraktivitéit. „Et sinn zwar nach eng Rei Clibb, déi et ubidden, mee Wakeboarding, wou amplaz vu Schier e Snowboard als Sportmaterial geholl gëtt, an aner Waassersportaarte leie méi am Trend. Et ass einfach méi spektakulär. Waasserschi ass am Verglach dozou och vill méi schwéier ze léieren”, esou e Member aus dem CA vun der Lëtzebuerger Waasserschifederatioun. D‘Kompetitioune ginn dofir nëmmen nach ganz seelen organiséiert. D’national Meeschterschaft ass déi eenzeg Epreuve, déi d’Federatioun nach op d’Bee stellt. Fir de Rescht gestalten d’Veräiner hir Eventer selwer, bei deenen awer de Waasserschi keng gréisser Roll anhëlt. Esou kréien d’Zuschauer bei dëse Showe meeschtens e gesonde Mix aus traditionellen a moderne Waassersportaarte gewisen.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Waasserclibb op der Musel

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.