Et kënnt mer vir, wéi wann den Nicolas Schaefers mäi Kierper géing exakt kartograféieren. No engem Gespréich, dat him e gudden Abléck a meng perséinlech Liewens- a Kierpergeschicht vermëttelt huet, leien ech um Réck fir eng Akupunktur-Session. „Als éischt këmmere mer eis ëm d’‚greatest hits“‘, seet den Nicolas, „déi funktionéieren an der Reegel ëmmer.“ Domat mengt hien déi Beräicher, déi virun allem am Aarbechtsalldag belaascht ginn, wann ee vill virum Computer sëtzt. Dat sinn d’Schëlleren an déi viischt Säit vun den Ënneräerm. Iwwerall wëll den Nicolas dräi Nole placéieren, déi eng Längt tëschent 4,5 a 7,5 cm hunn. „Wann ech an der TCM-Clinic an den USA sinn, musse mir alt emol d’12‑Zentimeter‑Nolen auspaken, well heiansdo hunn d’Amerikaner nawell eng zolidd Fettschicht. Esou eng hunn ech hei zu Lëtzebuerg nach net gebraucht“, erkläert hie mat engem Grinsen a pickt déi éischt Nol a meng riets Schëller. Knapps hat ech „De Muskel kann elo sprangen, wann ech déi optimal Plaz erwëschen“ héieren, schonn zitt et mir bis an de Kapp erop.
Och d’Ielebou-Regioun huet et a sech – e puermol spréngt mäin Zeigefanger. Esou richteg lass geet et awer an deem Moment, an deem den Nicolas sech mäi Broschtmuskel virhëlt. „Ech picken elo natierlech vun der Säit dran, well mat dëser Nollängt kéint et soss duerch d’Long goen.“ Hien erkläert, dass dat an der Reegel e Kierperberäich ass, deen ee beschützt, z. B. wann ee Kung-Fu praktizéiert. Et kéint also e bëssen ongewinnt ginn. Op all Säit treffen déi dräi Nole voll an hiert Zil. Ech spieren den Impakt bis erof an déi déck Zéif. Mir gëtt et waarm an ech fänken u mat schweessen. Den Nicolas freet sech: „Déi do hunn eng gutt Wierkung!“ An da gëtt hie mir nach mat op de Wee: „Warscheinlech kriss de Muskelkater vun der Akupunktur. An der Broscht kann dat sech komesch ufillen, mee keng Angscht, et ass keen Häerzinfarkt. Et kéint och sinn, dass d’Behandlung emotional eppes ausléist. Däin Dag kann haut also nach spannend ginn.“
Den Nicolas ass a Brasilie gebuer, als Kand op Lëtzebuerg komm an huet als Erwuessenen eng Zäit zu Berlin gewunnt. Am Wanter huet hien ëfters Reesen an Zentral- a Südamerika ënnerholl. Op dësen ausgepräägte Reese léisst hie sech als zertifizéierte Yoga-Leerer ausbilden a mécht eng Rei Massage-Coursen an „esou klasseschen Hippie-Dierfer“. Et ass op esou enger Rees, wou de jonke Mann déi éischte Kéier mat TCM a Kontakt kënnt. Hie léisst sech spontan behandelen an ass faszinéiert vun der Wierkung.
2015 huet den Nicolas säin haitegen TCM-Proff op Youtube fonnt. Et ass den Amerikaner Andrew Nugent-Head, deen 28 Joer a China gelieft an do alles geléiert huet, wat zur traditioneller Medezin gehéiert. No senge Joren a China ass hien zeréck an d’USA gaangen an huet zu Asheville eng TCM-Clinic opgemaach. An dëser Clinic konnt den Nicolas en éischte längere Stage maachen an hien ass och ëmmer erëm do, fir weider ze studéieren a säin Ëmgang mat de Patient*innen ze verfeineren. Zënter elo zwee Joer huet hie seng Praxis um Cents. „Et war am Ufank net einfach“, erënnert hie sech, „mee elo leeft et.“
TCM ass vill méi wéi Akupunktur – dat gëtt mir séier kloer. Ech kréien erkläert: „Niewent der Akupunktur ginn et nach véier aner Sailen: d’Tuina, eng Aart Relaxatiounsmassage; den Daoyin, dat kléngt méi mysteriéis, ass awer souzesoen den Ursprong vum Qigong; d’Kraider respektiv d’Ernärung an zum Schluss nach d’Philosophie, déi dat Ganzt an engem intellektuellen a spirituelle Kader vermëttelt. A menger Praxis bidden ech déi fënnef Weeër un, vläicht net ëmmer gläichzäiteg. Dat hänkt vum Patient of, virun allem och vum Prozess, deen e bereet ass matzegoen.“
Ech interesséiere mech derfir, wéi d’Technik vun der Akupunktur funktionéiert, a kréien dës Erklärung: „Akupunktur ass eng bewosst Manipulatioun vum Qi. D’Iwwersetzung vum Qi op Lëtzebuergesch ass net ganz evident. Et kéint ee vu Liewensenergie schwätzen. Ech taaschten de Kierper of a kucken, ob ech Plaze fannen, wou ech Muskelverhäerdunge spieren, oder Plazen, déi méi kal sinn, wat bedeit, datt de Blutt- an/oder de Qi-Floss net optimal ass. Mat dem geziilte Placéiere vun Nolen, d. h. d’Picken an d’Manipulatioun am Muskel, hunn ech en Impakt op de Qi – an op d’Blutt natierlech. Ech ka Blocagen opléisen a versetzen de Kierper esou an eng besser Ausgangslag, fir sech selwer ze heelen.“ Ech verstinn, dass et net d’Picke selwer ass, dat eng Heelung bewierkt, mee déi bewosst a geziilt placéiert Nol schaaft eng Konditioun, déi et dem Kierper erlaabt, sech positiv ze reorganiséieren.
Et ass schwéier, vun enger eenheetlecher chineesescher Philosophie ze schwätzen. Deementspriechend ginn et Richtungen, déi den Nicolas méi gepräägt hu wéi anerer. Wann hie sech misst op een Zweig festleeën, da géif en den Naturalismus erausplécken. Dat heescht näischt aneschters, wéi dass d’TCM sech d’Natur ganz genee ukuckt an hir Zyklen, Rhythmen a verschiddenst Phenomeener an hir Philosophie a Behandlungsmethoden afléisse léisst. D’Naturbeobachtung ass deemno zentral. D’Orientatioun un eiser Ëmwelt erweist sech als logesch, well mir en Deel vum grousse Ganze sinn. Fir de Beräich vun der Ernärung, deen insgesamt zimmlech ëmstridden ass, bedeit dat z. B., sech de Joreszäiten unzepassen. Wann et am Wanter mueres kal ass, wär et sënnvoll, eng waarm Molzecht wéi e Porridge oder eng Zopp zou sech ze huelen. Effektiv géif et manner eng Roll spillen, wat ee genee ësst – dat hänkt och ëmmer e bësse vun der Regioun of, an där ee wunnt –, dofir stéing awer d’Iessenszäit an d’Temperatur am Fokus. „Wann s de onbedéngt däi 500-Gramm-Steak wëlls iessen, da maach dat léiwer mueres“, laacht den Nicolas.
Et ass ongewéinlech, en Abschnitt iwwer déi spirituell Dimensioun vun der TCM mat dëser Ausso unzefänken, mee se war ganz zentral am Gespréich mam Nicolas: „Ech soen ëmmer, eent vun de grousse Geheimnisser vun der TCM ass de GMV – de gesonde Mënscheverstand. Dat ass keng populär Theorie a kléngt e bësse langweileg. Mee ganz oft, wa mer mam GMV konfrontéiert sinn, da mierke mer, dass mer dësen net respektéiert hunn.“ Spiritualitéit bedeit eeben net, nëmme mam Kapp an de Wolleken ze hänken oder dësen zu Gonschte vum Häerz komplett ze vergiessen, mee en eeben dann anzesetzen, wann e gebraucht gëtt.
„Natierlech ass et esou, dass d’TCM duerch hir ganz Geschicht net ka vun der Spiritualitéit am allgemenge Sënn getrennt ginn. Zu den Aufgabe vun engem Praktizéierende vun der TCM gehéiert eng eege spirituell Kultivéierung, d. h. d’Meditatioun am Sëtzen, d’Übungen am Stoen a virun allem och eng Aart a Weis, sech am Ëmgang mat de Patient*inne méi subtil ze maachen, sech also am Hannergrond ze halen, present awer calme.“ Et géif e grousse Beräich ginn, deen op eng net-konventionell Realitéit ziilt – hei geet et ëm Geeschter, mental Gesondheet an d’schamanistesch Wuerzele vun der TCM –, op dee konzentréiert sech den Nicolas a senger Praxis awer net.
D’Spiritualitéit äussert sech a senger TCM-Praxis duerch säin Ëmgang mat de Patient*innen, déi hei an éischter Linn Mënsch kënne sinn. Well bei hien oft Leit kommen, déi all d’Méiglechkeete vun der westlecher Medezin ausgeschëpft hunn, ass et him wichteg, sengem Géigeniwwer mat Empathie a verständnisvollem Humor ze begéinen. „D’Diagnos „onheelbar“ ass schlëmm genuch, da probéieren ech wéinstens, de Leit mat enger positiver Astellung an enger gewëssener Lockerheet ze begéinen“, esou den Nicolas. Eng mënschlech-empathesch Approche ass en elementare Bestanddeel vun enger holistescher Behandlung.
Ech hat effektiv no menger Session en zolitte Muskelkater a mengem ganzen Uewerkierper, mee dofir awer och e Gefill vu Gebuergenheet an zënterdeem vill manner Réckeverspanungen.
En Artikel vum Heng Barone