Kathedral brennt

Als klengen Däbbes, un der Hand vu menger Mamm, stoung ech virun deem grousse Gebai mat den 3 Tierm an der Stad. Déi enorm Gréisst vun dësem Gebai huet mech ëmmer beandrockt, an den Hunn, uewen op der Spëtzt vun deem héichsten Tuerm, war fir mech knapps ze erkennen. Rieds ass vun der Kathedral.

Mee op dësem Dag war eppes anescht ewéi soss! Damp ass aus dem Tuerm komm! „Komm…“, sot meng Mamm an huet mech weider Richtung Ënneschtgaass gezunn.

Eréischt owes um Fernsee hu mir gesinn, wat deen Dag passéiert war.

Säit Joerhonnerte präägt d’Kathedral d‘Bild vun der Stad Lëtzebuerg. Vu 1613 bis 1618 gëtt den héichsten Tuerm, de sougenannte Westtuerm vum Ulrich Job aus Luzern no de Pläng vum Jesuitepater Jean du Blocq erbaut. D‘Holz fir d‘Gespär soll aus dem Schlass vum Grof Mansfeld aus Clausen kommen. Am Joer 1635 gëtt dat grousst Klackespill a Betrib geholl.

Mëtt vun den 30er Jore gëtt d‘Haaptschëff vun der Kathedral vergréissert, en neit Klackespill mat am Ganze 37 Klacken installéiert an niewent dem Haapttuerm, deen op dësem Karfreideg am Joer 1985 verbrenne sollt, en zweeten Tuerm héichgezunn. De Brand am Joer 1985 war awer net déi éischt Katastroph, déi dësen Tuerm matmaache sollt. Schonn am zweete Weltkrich 1945 gëtt d‘Spëtzt vum Tuerm duerch e Volltreffer vun der däitscher Arméi zerstéiert.

Géint Véirel vir zwou, op dësem 5. Abrëll 1985 kommen d‘Aarbechter, déi mat Léit- a Schweessaarbechten am Tuerm beschäftegt waren, aus hirer Mëttespaus zeréck an entdecken e Feier am alen Tuerm. Kuerz no 2 Auer scho sinn d‘Stater Pompjeeë mat hirem ganze Material op der Plaz, fir d‘Feier ze läschen. Dës ginn sech schnell bewosst, datt den Tuerm wäert an de Koup falen a verleeë schnellstméiglech hir Schläich aus der Ënneschtgaass a Richtung Kathedral, fir d‘Feier vun dëser Säit aus ze bekämpfen an ze verhënneren, datt d‘Feier op d‘Haaptschëff vun der Kathedral an d‘Nationalbibliothéik iwwergräift. Iwwer Funk gëtt Ënnerstëtzung ugefuerdert, a kuerz drop sinn och d‘Protection civile an déi fräiwëlleg Pompjeeën aus der Ëmgéigend op der Plaz. Mëttlerweil schloen d‘Flame schonn aus dem Gemaier vum Tuerm an d‘Hëtzt hënnert d‘Pompjeeën drun, no genuch un d‘Feier ze kommen, fir et ënner Kontroll ze kréien! Duerch e Kuerzschluss ertéint d‘Klackespill nach eng leschte Kéier, éier den Tuerm géint hallwer dräi zesummefält. En Deel vum Gespär fält duerch den Daach vun der Kathedral an d‘Mëttelschëff eran, aner Deeler falen op den Daach vum Ausseministère an et gëtt gefaart, datt hei en zweet Feier entsteet.

Géint Véirel no dräi hunn d‘Pompjeeën d‘Feier ënner Kontroll a kënne sech a Begleedung vu Verantwortleche vun der Regierung an dem Bistum en éischt Bild vum Schued maachen.

D‘Klackespill, deem seng Melodie een oft duerch d‘Stroosse vun eiser Stad héieren huet, ass komplett zerstéiert. Seng 37 Klacke sinn ënner der Hëtzt vum Feier deels geschmolt, deels gebascht! Och déi grouss Klacke sinn zerstéiert, dorënner déi 3 Tonne schwéier Muttergottesklack an déi 1225 Kilo schwéier Willibrordsklack! Just déi déck Klack, de Chrëscht-Kinnek-Bourdon am Osttuerm, gouf verschount.

D‘Schied am Banneschte vun der Kathedral halen sech a Grenzen. Deeler vum Gespär hunn zwar den Daach op e puer Plaze duerchschloen, mee weder déi detailléiert Fënsteren, nach d‘Uergel sinn zu Schued komm. D‘Teppecher, déi deemools d‘Maueren am Iwwergang vum alen an den neien Deel vun der Kathedral verschéinert hunn, ware Gott sei Dank zu dëser Zäit zu Malines, fir fir de Poopstbesuch propper gemaach ze ginn.

De 16. Mee 1985 besicht den deemolege Poopst Johannes Paul II. Lëtzebuerg a kann zu dësem Zäitpunkt d‘Kathedral leider net an hirer ganzer Schéinheet bewonneren. Den 17. Oktober 1985 war et dunn esou wäit. D‘Kathedral huet erëm an hirer ganzer Pracht d‘Bild vun eiser Stad gepräägt.

Et sollt awer nach bis an d‘Joer 1986 daueren, bis an der Karlsruher Klacken- a Konschtgéisserei zéng nei Klacke fir d‘Kathedral Notre-Dame gegoss goufen. An och haut nach héiert een Dag fir Dag d‘Kläng vun deenen, am Ganzen 11 Klacken an dem Klackespill, duerch d‘Stad Lëtzebuerg erkléngen.

En Artikel vum Marc Wilgé

Timeline
„Notre-Dame de Luxembourg“

7.5.1613

1. Steen (Urheber vum Bauplang: Jesuitepater Jean du Blocq, Bauhär: Ulrich Job vu Luzern)

1621

Fäerdegstellung

17.10.1621

Aweiung vun der Onbefleckten Empfängnis vum Weihbëschof Georg von Helfenstein

1778

Un d‘Stad Lëtzebuerg vun der Keeserin Maria Theresia vun Éisträich iwwerginn

1778

Neien Numm: Saint Nicolas et Sainte Thérèse

1794

Opstellung vun der Statu „Tréischterin am Leed“

31.3.1844

Neien Numm duech apostolesche Vicaire Jean-Théodore Laurent: Notre Dame

1854

Banneraum an engem neogotesche Stil neigemaach

27.6.1870

Aus Kierch gëtt Kathedral (Grond: Poopst Pius IX huet Lëtzebuerg an en autonomen Bisthum erhuewen)

1935-1938

Vergréisserung vum Gebai

1963

Chouer nei amenagéiert

8.12.1963

Konsekréiert duech Bëschof Léon Lommel

1977-1978

Bannen-Restauratioun

5.4.1985

West-Tuerm duerch Onopmierksamkeet a Brand gestach

17.10.1985

West-Tuerm erëm hiergestallt

2000-2011

Restauratioun

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.