Kachweltmeeschterschaft zu Lëtzebuerg

Fënnef Deeg laang gëtt dëst Joer d‘LuxExpo um Kierchbierg erëm zur kulinarescher Héichbuerg vun der Gastronomie. Eng Vitrinn fir aussergewéinlech Talenter, nei an innovativ Produiten a kreativ Iddien.

D‘Expogast, déi 2018 schonn déi dräizéngte Kéier organiséiert gëtt, ass en eenzegaartegt Ereegnes. Méi wéi 150 Aussteller weisen hei dat Neist vum Neisten, Technologie, Aarbechtsgeschir an „Savoir faire“, aus de Beräicher vun der Gastronomie an der Kulinarik, fir d‘Fachleit aus dem HORESCA-Secteur, awer och fir all passionéiert Hobby-Käch a Gourmeten aus Lëtzebuerg an der Groussregioun.

Méi ewéi 2.500 Fachleit aus der Gastronomie, aus am Ganze 75 Natiounen, fannen dëst Joer de Wee an eist klengt Ländchen, fir op der Kachweltmeeschterschaft hiert Talent ënner Beweis ze stellen an sech mat deene Beschten ze moossen. Ënner dem Numm „Villeroy & Boch Culinary World Cup“ gëtt, niewent der Foire, ee vun deene weltwäit renomméiertste Kach-Concoursen an der LuxExpo organiséiert. 30 Nationalequippen, 15 JugendNationalekippen a 15 Equippen aus dem „Community catering“ (Kollektivkichen, wéi zum Beispill Kantinnen) kache während 5 Deeg en 3-Gang-Mëttegiessen, an enger vun den 9 Showkichen. Bei dës 60 Equippen aus aller Häre Länner kommen nach weider Equippen, déi fir bestëmmte Regioune vun engem Land untrieden, awer och e puer Eenzelkäch oder Patissieren derbäi.

En anere Grond, fir vum 24. bis den 28. November en Tour duerch d‘LuxExpo ze dréien, ass ganz sécher d‘Ausstellung vun de kale Platen, déi och vun der Jury an engem eenzele Concours bewäert ginn. All Dag kommen hei nei kulinaresch Konschtwierker derbäi, e Fest fir d‘An!

De Jury, deen aus 52 Membere besteet, bewäert d‘Menüen an d‘Platen no de Krittäre vun de „Worldchefs“, déi och bei de meeschten anere Concoursen op der Welt zum Asaz kommen. Geleet gëtt de Jury vun den zwee Lëtzebuerger Käch Carlo Sauber an Aloyse Jacoby.

E kulinarescht Erliefnes an eng Entdeckungsrees duerch d‘Welt vun der Gastronomie.

Wéi aus der „Exposition gastronomique“ d‘Expogast ginn ass

Eng Erfollegsgeschicht, déi 1972 ugefaangen huet, wéi Ufank vum Joer de Vatel-Klub op den „Salon de la Gastronomie, de l‘Art Culinaire et de la Pâtisserie“ agelueden huet.

D’Ausstellung vun 1972, déi op enger Initiativ vun deem deemolegen Vatel-President Pierre Krier an dem Sekretär Germain Gretsch zeréckgoung, war als national Veranstaltung am 2-Joresrhythmus geplangt. Ausstellungsuert war den „Foyer Européen” an der Stad. De Sall huet sech allerdéngs als ze kléng erwisen: 1800 Interesséierter hunn dëse Virleefer vun der Expogast besicht.

Während dëser Ausstellung huet den deemolege Staatscheffen Léon Bollendorff an senger Usprooch ënnerstrach, datt schonn 1937 en ähnlecht Spektakel am Gebai vum Cercle war. Dës Iddi gouf vum Vatel-Klub erëm opgegraff a schonn 1974 war déi 2. Editioun am Cercle. Se huet dräi Deeg laang gedauert.

Zanterhier huet net nëmmen d’Plaz mee och den Numm geännert. Vun elo un huet d’Foire „Expostion Gastronomique“ geheescht. D’Bezeechnung Expogast konnt sech allerdéngs schnell duerchsetzen. 8000 Gäscht an och auslännesch Aussteller hunn dee gastronomeschen Salon besicht. Ënner hinnen och d’Prinzessin Marie-Astrid.

Den Erfolleg vun der Veranstaltung war mat engem enormen Aarbechtsopwand verbonnen, esou datt d’Organisatiounen beschloss hunn op en 4-Joresrhythmus ze wiesselen.

1978 gouf d’Expogast déi éischte Kéier an Zesummenaarbecht mat der Foire um Kierchbierg organiséiert. 17.000 Visiteuren hunn sech d’Ausstellung mat 78 Stänn a véier Halen vun der Foire ugekuckt. 1982 koumen weider Halen derbäi an fir d’éischten Kéier goufen an dësem Joer och waarm Platen zoubereet a bewäert.

1982 sinn 20.000 Visiteuren iwwer eng Fläch vun am ganzen 9000 Quadratmeteren spadséiert.

Eng wichteg Entwécklung an der Geschicht vun der Expogast koum am Joer 1986 : den Weltverband vun der Kächevereenegung huet de Patronage iwwerholl an fir d’éischten Kéier gouf den „Culinary World Cup“ ofgehalen. 17 Nationalequippen hunn un de Concoursen deelgeholl. D’Fläch vun der Ausstellung war op 15 000 Quadratmeteren gewuess an 32 000 Visiteuren hunn sech déi 90 Stänn ugekuckt.

1990 goufen iwwer 100 Stänn opgeriicht an Produiten vun bal 1000 Firmaen presentéiert.

Wéi an dësem Joer den Vatel-President Gaston Junck an de Generalsekretär Germain Gretsch ënnerstrach hunn, waren 2 Joer Viraarbechten néideg.

1994 koumen 700 Käch aus 24 Natiounen an 32 000 Visiteuren op d’Expogast. 130 international Reporteren waren op der Plaz fir iwwer d’Evenement ze schreiwen.

1998 huet d’Expogast ee vun sengen gréissten Frënn verluer: de Germain Gretsch stierft Ufank vum Joer. De Vatel-Klub, mat un senger Spëtzt dem Aloyse Jacoby ass et trotzdem nach gelongen d’Foire meeschterhaft op d’Been ze stellen.

2002 waren 880 Käch derbäi. 24 National – 10 Arméi- an 9 Jugendequipe ware präsent. Schweden huet den Culinary Cup deemools gewonnen an bei den Jugendmannschaften konnt sech Schottland duerchsetzen.

2006 konnt ee 40.000 Visiteuren zielen. 4.500 Menüen goufen preparéiert an am Restaurant des Nations servéiert. Norwegen huet dat Joer den Culinary World Cup gewonnen an d’Schwäiz den Juniortitel.

2010 koumen 45.000 Visiteuren op déi 11. Editioun vun der Expogast. D’Ausstellungsfläch war op 20.000 Quadratmeter gewuess a vun den 26 Nationalekippen ass Singapur den Meeschtertitel gelongen. Villeroy & Boch gouf zum offizielle Partner vum Culinary World Cup. Fir d’éischten Kéier goufen och Mëttegiessen (Community Catering) ugebueden.

2014 huet Singapur op e Neies den Villeroy & Boch Culinary Cup gewonnen, viru Schweden an den USA. D’Lëtzebuerger Nationalmannschaft, ënner der Leedung vum Ben Weber, huet d‘Sëlwermedail bei den waarmen Menüen mat Heem geholl. Eis Jugendmannschaft konnt och eng Sëlwermedail ergatteren.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.