©YaM
E buddhisteschen Tempel, e Sall an engem kulturellen Tiers-lieu, en Eck bei sech doheem: Et gi vill Plazen, an deenen ee Yoga ka maachen oder meditéieren, well wichteg ass net de Wou, mee de Wéi. Am Ryumon-Ji-Klouschter a Frankräich an am Bâtiment 4 zu Esch gëtt genee dëst geléiert, well och wa Yoga a Meditatioun zwou verschidde Praxisse sinn, hu se am Kär villes gemeinsam. Zanter hirer Entsteeung an Indien huet sech villes gedoen an haut gi Yoga a Meditatioun vu Millioune Leit weltwäit op déi ënnerschiddlechste Manéieren ausgeüübt. Wat se – ofgesi vum Hype am Wellness- a Wellbeing-Beräich – awer nach ëmmer matenee verbënnt: d’Zil, sech am Moment ze fillen an dat Mentaalt nees mam Kierperlechen ze verbannen.
Zanter 2019 ass genee dëst de But vu Yoga am Minett (YaM), engem Veräin, deen zu Esch Yoga-Coursen op eng ganz simpel Manéier ubitt. „D’Iddi hanner YaM ass et, Yoga méi accessibel ze maachen, well duerch déi ganz Wellness-Beweegung si vill Coursë just fir e Public zougänglech, dee sech dës och leeschte kann, an dat ass schued“, erkläert D’Zoé Galassi, eng vun de Grënnerinne vu YaM. Am Cabinet Gutenkauf an der Uelzechtstrooss, respektiv am Bâtiment 4 um fréieren Arbedssite Schlassgoard, gëtt sech also getraff, fir am Grupp Vinyasa, Hatha, Yin oder och emol d’Fusiounsform Yogilates (Yoga a Pilates) ze maachen, alles méi oder manner traditionell Stiler vum Yoga. De Link tëscht hinnen all: déi uewe genannte Sich nom Elo, no der Verbindung. „Den Ursprong vum Begrëff Yoga ass d’Wuert yuj aus dem indesche Sanskrit an dat bedeit esou vill wéi verbannen, dofir gëtt Yoga och oft mat Unioun iwwersat“, erkläert d’Zoé Galassi.
D’Posen, déi een an engem Cours léiert, sinn dobäi eigentlech just en Outil, fir dësem Zil méi no ze kommen, well finalement geet et net drëms, dass eng Übung esou oder esou ausgesäit, mee dass ee se notzt fir ze spieren, am Moment ze sinn. „An eisem Alldag si mir oft domat beschäftegt, eis Zukunft ze plangen, an der Vergaangenheet ze hänken oder a virtuelle Sphären ze schwiewen. Yoga ass dee Moment, wou eise Kierper, eisen Otem an eis ganz Präsenz zesummekommen“, esou d’YaM-Kofondatrice. Et geet drëms, sech duerch d’Schaffe mam eegene Kierper an d’Beobachtung vun den eegene Reaktioune selwer kennen ze léieren, ma virun allem awer aus dem Kapp erauszekommen, well do hänke mer vill ze oft. Hei ass dann och den direkte Lien mat der Meditatioun, wéi d’Zoé Galassi erkläert: „Fir vill Leit ass et am Ufank schwéier, sech dohinzesetzen a sech just op d’Ootmung ze konzentréieren. Yoga ass ë bëssen de ‚pathway‘ zur Meditatioun, déi traditionell d’Endzil vum Yoga ass, dofir nennen och vill Leit Yoga ‚moving meditation‘.“
Wärend et bei YaM awer vum Instrukter ofhänkt, ob en Deel vum Cours och wierklech Meditatioun beinhalt, ginn et Plazen, wou sech spezifesch mat dëser beschäftegt gëtt, esou de Ryumon-Ji-Klouschter zu Weiterswiller, knapp 50 Kilometer vu Stroossbuerg ewech. Eng 20 Leit liewen am Tempel vum Meeschter Olivier Reigen Wang-Genh, dëst no ganz spezifesche Léieren an Traditioune vum Buddhismus, méi spezifesch vum Zen. All Moien trëfft sech d’Communautéit fir de sougenannte „Zazen“, eng Zort Meditatioun, déi an enger ganz spezifescher Positioun am Sëtzen ausgefouert gëtt. „Eigentlech ass Meditatioun net dat richtegt Wuert, op jidde Fall net, wéi mir et am westleche Gebrauch fannen. Et geet méi ëm eng Aart Besënnlechkeet, en Zur-Rou-Komme vun de Gedanken a vun deem, wat eise Geescht oflenkt oder perturbéiert“, erkläert de Meeschter Olivier Reigen Wang-Genh.
Zazen ass d’Traditioun, sech selwer kennen ze léieren an an de Moment zeréckzekommen, mam Kapp, den Emotiounen – mat allem, wat een ass. „An Europa gëtt d’Wuert zen oft gebraucht, fir eppes ze beschreiwen, wat einfach ass, sécher, roueg, ästheetesch oder friddlech. Dat huet awer net wierklech vill mam Zen aus dem Buddhismus ze dinn“, esou de Mënch. D’Praxis vun der Zazen-Meditatioun geet vill méi wäit, wéi sech just dohinzesetzen an déif an- an auszeootmen, och wann dat effektiv Deel vun der Traditioun ass. „90 Prozent vun der Zäit fënnt de Zazen an absolutter Rou statt. Natierlech gëtt et ni eng komplett Absence vu Geräischer, et héiert een d’Kläng vun der Natur a vum Liewen, an d’Proffe ginn deels Uweisungen oder Erklärungen, mee et geet ëm déi ënnerlech Rou.“ D’Zil ass et, den eegenen ënnerlechen Dialog auszeschalten, also d’Gedanken, déi engem konstant duerch de Kapp fléien.
„De Kierper spillt eng grouss Roll am Zazen. Dësen ass ëmmer präsent an et ass dat Mentaalt, wat ofschwäift. Et geet also drëm, duerch eisen Otem, dee jo d’Essenz vum Liewen ass, an eis Haltung zeréck an de Moment ze fannen. Dat Ganzt ass eng immens subtil, duuss a bal onbemierkbar Aarbecht, déi awer immens wichteg ass“, esou de Meeschter Olivier Reigen Wang-Genh. D’Iddi ass et, duerch d’Praktizéiere vum Zazen déi eegen Intentiounen an Handlungen ze änneren, fir méi bewosst ze liewen. „Mir schwätzen immens vill vu ‚mental health‘, Angschtzoustänn, Depressiounen, an dat ass och gutt esou. Et geet awer net duer, Sport ze maachen a gesond z’iessen, fir sech ëm sech selwer ze këmmeren, mee et muss ee sech och ëm säi Bewosstsi këmmeren.“ Op d’Fro, wéi oft ee Zazen da soll maachen, äntwert de Mënch: „Mir wäschen eis all Dag, mir iessen all Dag, mir ootmen all Dag – a sou ass et och mam Zazen.“
Et wier eng Aarbecht, déi Efforten erfuerdert a Reegelméissegkeet, ma ze vill streng wëll de Meeschter Olivier Reigen Wang-Genh awer net sinn: „Alles, wat eis calméiert, eis hëlleft, mat Stress an Emotiounen eens ze ginn, ass eng gutt Saach. Fir déi eng ass Zazen dat Richtegt, anerer maache léiwer Yoga oder gi lafen, a wann dat ee glécklech mécht, ass dat exzellent, well mir all hu ganz ënnerschiddlech Besoinen an och Bestriewen.“ Nawell wier d’Praxis vum Zazen awer näischt, wat ee just als Mënch kann ausféieren oder just am Tempel wärend engem Sesshin-Meditatiouns-Retreat, och wann een hei natierlech déi richteg Konditioune virfënnt: „Déi meescht Leit, déi bei eis kommen, hunn e ganz normaalt Liewen. Ech hat och eng berufflech Karriär, si Papp vun dräi Kanner an eréischt zanter siwe Joer an der Pensioun, liewen awer scho säit iwwer 50 Joer no de Léiere vum Buddhismus. Dat eent schléisst dat anert net aus, au contraire, well et ass am Alldag, wou de Zazen am nëtzlechsten ass.“
Genau heira läit eng weider Parallel zum Yoga, esou d’Zoé Galassi: „Heiansdo ass et immens schwéier, eppes all Dag ze maachen, och wann et natierlech ideal wier. Jiddereen huet vill Routinnen, a wann et ee stresst, sech nach eppes méi opzelueden, ass et kontraproduktiv. Ech géif dofir roden, vläicht mol an engem Cours unzefänken, Yoga ze maachen, well dat e Safespace ass, e Raum, wou ee geleet gëtt an net selwer nodenke muss – an natierlech, well een do och eng gewësse kollektiv Energie huet.“ Well zen ze sinn, heescht net einfach just ze chillen, ma am Moment ze liewen, Deel vun enger Communautéit ze sinn, an d’Welt ronderëm sech och emol auszeschalten, fir einfach nees bei sech ze fannen, esou wéi d’Kulturen, aus deenen de Yoga an d’Meditatioun entspronge sinn, et scho virun Dausende vu Jore geléiert hunn. Iwwregens: Wie méi iwwer d’Traditioun vum Zen wëll léieren, fënnt och eng Antenn vum Meeschter Olivier Reigen Wang-Genh sengem Tempel zu Lëtzebuerg, nämlech am Centre de méditation zen du Luxembourg (CMZL).
En Artikel vum Laura Tomassini