Et fënnt een se am Chrëschtentum, besonnesch an der réimesch-kathoulescher, der alkathoulescher, der evangeelescher an der orthodoxer Kierch: déi helleg Hostie. Laut der Opfaassung vun der kathoulescher Kierch gëtt déi konsekréiert Hostie, also déi, déi no prezise Virgabe gebak an dono vum Paschtouer geweit gouf, wärend der Eucharistiefeier zum Leif Christi. Dës Verwandlung gëtt Transsubstantiatioun genannt. Dofir däerf d’Hostie awer nëmmen aus zwou Zutate bestoen: Waasser a Weessmiel. Aner Mielzorte sinn net erlaabt, gradewéi Hief, Salz, Zocker oder Ueleg. Ginn aner Zutate verwent, gëllen d’Hostien no dem kathoulesche Kiercherecht net méi als valabel eucharistescht Brout.
Miel a Waasser entspriechen dem bibelesche Virbild vum ongesaierte Brout, dat symbolesch fir Rengheet steet. Op d’Hostie kënnen och Symboler agepräägt ginn, woubäi nëmme kierchlech a keng weltlech Motiver erlaabt sinn. Am meeschte verbreet ass d’Kräiz, awer d’Hostie an och d’Prägung mussen ëmmer wäiss bleiwen.
Hostie sinn ëmmer ronn, well dat engersäits d’Vollkommenheet an d’Ganzheet symboliséiert an anerersäits et esou méi einfach ass, se ze stanzen an un déi Gleeweg auszedeelen. Den Duerchmiesser kann allerdéngs staark variéieren a ka vun 1,8 Zentimeter bis 12 Zentimeter goen. Kommuniounshostien hunn an der Reegel en Duerchmiesser vun 2,5 Zentimeter, d’Hostie fir de Paschtouer meeschtens 3,5 Zentimeter, heiansdo awer och méi.
Als Virgänger vun der Hostie gëllt dat ongesaiert Brout vum jiddesche Pessachmahl, dat déi éischt Chrëschte beim Abendmahl benotzt hunn. An den éischte Joerhonnerten ass normaalt Brout gebrach ginn, ouni eenheetlech Form. Ab dem Mëttelalter konnten sech dënn, ronn an haltbar Broutscheiwen duerchsetzen, déi sech als praktesch Form fir d’Eucharistie erwisen hunn. Säit dem 11. bis 13. Joerhonnert sinn d’Hostien ëmmer méi wäiss an ëmmer méi dënn ginn a goufen och ëmmer méi heefeg mat chrëschtleche Symboler gepräägt. Wärend der Reformatiounszäit war déi ongesaiert Hostie virun allem an der kathoulescher Kierch üblech. Aner Konfessiounen hunn deelweis erëm normaalt Brout benotzt.
Wou kann een se da kafen? Dacks gëtt een an de Butteker vu Klouschtere fündeg. An Däitschland ginn et deels och spezialiséiert Bäckeren, déi dës ënner prezise Virgaben hierstellen. Ween hei näischt fënnt, kann sech se och online bestellen. Do fënnt ee verschidde Gréissten an och ënnerschiddlech Zutaten, déi net ëmmer de kierchleche Virgaben entspriechen – also ëmmer genee liesen, wat an der Produktbeschreiwung steet!
Wien op Nummer sécher wëll goen, baakt se am beschte selwer. Dofir huet de Konterbont mat Ënnerstëtzung vu Kënschtlecher Intelligenz am Netz gesicht, fir Rezepter ze fannen, déi kiercherechtskonform sinn, a Follgendes fonnt:
A. Den Deeg hierstellen:
B. Baken:
C. Dréchnen
Déi fäerdeggebake Placken op engem Gitter vollstänneg duerchdréchne loossen (e puer Stonne laang), bis se haart, richteg wäiss a brochfest sinn.
D. Ausstiechen
E. Lageren
Dréchen, loftdicht an donkel versuergen, fir datt se sech méi laang hale kënnen.
Dréchen, loftdicht an donkel versuergen, fir datt se sech méi laang hale kënnen.
Dëst Rezept ass zwar kiercherechtskonform, mee d’Hostien, déi am private Kader gebak ginn, sinn ëmmer nach onkonsekréiert, soulaang kee Paschtouer se geweit huet. Sollt e Geeschtlechen se konsekréieren, kéinten dës Hostie reng theoreetesch och fir d’Eucharistie an der kathoulescher Kierch agesat ginn.
Wien d’Hostien net fir reliéis Feiere brauch a wiem se dann awer ze simpel am Goût sinn, dee kann och e séissen Dessert dermat kreéieren: zum Beispill d’gefëllten Hostie vu Monte Sant’Angelo. D’Legend beseet, datt viru ville Joerhonnerten den Nonnen aus engem Klouschter an der italieenescher Provënz Foggia e Mëssgeschéck passéiert wier. Aus dem ieweschte Kicheschaf vum Klouschter ass hinnen eng Mëschung aus karamelliséierte Mandele mat Hunneg an Zocker op d’Aarbechtsplack gefall, déi se du mat Hostien, déi do loungen, wollten opwëschen. Dobäi ass d’Mëschung natierlech un den Hostie peche bliwwen. Et kann een sech virstellen, datt dëst Gebäck, dat doduerch nei entstanen ass, nawell gutt geschmaacht huet a säitdeem dacks nogebak gouf, net nëmmen am Klouschter zu Monte Sant’Angelo.
Wien seng Hostien nom Virbild vun dësem Klouschter wëll verfeineren, brauch fir zirka 20 Hostie jee no Gréisst (tëschent 2,5 an 5 cm) ongeféier 300 Gramm geréischtert Mandelen, 250 Gramm Hunneg a 50 Gramm Zocker. Fir d’éischt mécht een d’Mandelen an déi gewiermte Pan, dono schëtt een den Hunneg derbäi an um Enn den Zocker. Dat Ganzt ëmmer erëm mam Holzläffel réieren, fir datt alles matenee verschmëlzt an näischt um Buedem vun der Pan peche bleift.
No ongeféier 30 Minutte bei schwaacher Hëtzt kritt een déckflëssege Karamell, deen een e bëssen ofkille léisst. Zéng Hostie ginn ausgeluecht a mat der Karamell-Mëschung bestrach. Déi aner zéng Hostie ginn als Deckel dropgeluecht. Wann een nach méi Hostien huet, kann een natierlech och e puer Schichte Karamell-Mëschung dropleeën, mat allkéiers enger weiderer Hostie dertëschent.
D’Hostie kann also villfälteg agesat ginn: vun der Eucharistiefeier, wou se zum Leif Christi gëtt, bis zum séissen Dessert, mat deem een seng Gäscht no engem gudden Iessen iwwerrasche kann. A wat ëmmer flott ass: Et huet een dann och nach eng Geschicht derbäi ze erzielen, nämlech déi vun der Legend vun den Nonnen am Klouschter zu Monte Sant’Angelo.
Avis aux amateurs!
En Artikel vum Eric Rings