Am Abrëll 2024 hunn d’Kateryna an de Viktor Holedinets, d’Veronika Dovga esouwéi d’Evgeniia Lisianskaia d’ASBL „Aura Dorée“ gegrënnt. De Wee dohinner war kee gewéinlechen. Et gouf e spezifesche Wendepunkt, deen alles an d’Rulle bruecht huet: D’Aschoulung vum jéngste Bouf vum Kateryna a Viktor am September 2023. De Jong huet eng Autismus-Diagnos an ass dowéinst an eng speziell Schoul komm.
D’Léierpersonal huet sech wierklech Méi ginn, et war frëndlech, engagéiert an huet säi Bescht gemaach. Dat ass awer leider net duergaang: D’Gebai, dat d’Gemeng fir déi héichsensibel Kanner zur Verfügung gestallt huet, huet d’Eltere vum Bouf schockéiert. Si kënne sech nach genee un dat erënneren, wat se gesinn hunn: gro, deprimant Wänn, eng onpassend Beliichtung an de Standuert direkt niewent dem Kierfecht.
D’Schoulpersonal hat keng Méiglechkeet, fir d’Situatioun ze änneren – an dat war de Moment, an deem d’Koppel selwer aktiv ginn ass. Scho méi laang hu si d’Veronika an d’Evgeniia kannt; déi véier hu sech am Kader vu spirituelle Praktiken zu Lëtzebuerg fir d’éischt gesinn a kuerz drop ugefaang, zesumme convivial Owender an Treffe mat anere Frënn ze organiséieren. D’Kateryna an de Viktor wollte weisen, wéi elementar de raimleche Faktor ka sinn, wann ee mat héichsensibele Kanner zesummeschafft. Et goung hinnen ëm d’Atmosphär, d’Energie vum Raum, deen eng ënnerstëtzend Funktioun soll hunn, an zwar an engem energeeteschen, psychologeschen a physesche Sënn. D’Veronika ass derbäikomm an huet seng Visioun mat der Koppel gedeelt: Hatt huet de Ruff gespiert, fir eng Struktur ze schafen, déi op eng ganzheetlech a kreativ Manéier Famillje fërdert. Genausou goung et dem Evgeniia, dat sech direkt mam Projet konnt identifizéieren.
An hire Gespréicher hunn déi véier séier erausfonnt, dass jidderee vun hinnen dëse gemeinsame Wee schonn an Dreem, Gedanken oder Meditatioune gesinn hat. De Grondstee war geluecht an den Ufank vun dësem Abenteuer war extreem spannend – jiddereen hat eng Visioun, an elo goung et drëm, doraus eng Ko-Kreatioun ze maachen.
Annerhalleft Joer no der Grënnung vun der ASBL „Aura Dorée“ huet de Konterbont sech mat deene véier ënnerhalen, fir hir gemeinsam Visioun kennen ze léieren an erauszefannen, wat dëse multidimensionale Projet mat Spiritualitéit ze dinn huet.
Kateryna: „Aura Dorée“ steet fir e vollstännegt Energiefeld, Harmonie a Weisheet. Den Numm kënnt aus der ëstlecher Philosophie, déi vun der Aura vum Brahman schwätzt. Am Raum vun der gëllener Aura ass all Mënsch ganz a vollkommen – an zwar genee esou, wéi en ass. Mir sinn all verschidden an dach gläich vill wäert. Et ass e Raum vun der Toleranz, vun der Ënnerstëtzung, vum spirituelle Wuesstum an echter Inklusioun. Eng Plaz, wou d’Eltere vu besonnesche Kanner Kraaft fannen, wou d’Kanner den Elteren eppes bäibréngen an déi Erwuesse léieren, sech selwer an och déi aner authentesch unzehuelen.
Viktor: „Aura Dorée“ ass eng Plaz, op där Wëssenschaft a Spiritualitéit sech treffen an de Raum an d’Energie sech verbannen, well alles eent ass. Mir gleewen un d’Potenzial vun all Mënsch, net u Labelen oder Diagnosen. Jidderee vun eis huet Brahman a sech. Mir spieren et selwer an eis an zesumme kënne mir eis hëllefen, déi gëllen Aura a jidderengem vun eis ze aktivéieren.
Viktor: Ech sinn dervun iwwerzeegt, dass d’Kanner vun haut besonnesch sensibel a spirituell entwéckelt sinn. Fir se wierklech ze verstoen, musse mir Erwuessener selwer matwuessen. Fir dës Generatioun vu Kanner ass den emotionalen a spirituellen Zoustand vun den Elteren an hirem Ëmfeld elementar – genausou wéi en adäquaten Entwécklungsraum.
Evgeniia: Bei „Aura Dorée“ orientéiere mir eis un aacht Prinzippien:
„The map is not the territory“: All Persoun huet hir individuell Weltvue, déi mir akzeptéieren a respektéieren;
Ech sinn de Raum, de Raum ass ech: All Mënsch ass e ganzheetleche System aus Kierper, Geescht a Séil, deen duerch d’Gesellschaft an d’Natur encadréiert ass;
Ech sinn ok, du bass ok: Et geet ëm respektvoll Begéinungen ouni Kritik oder Labelen, Verschiddenheet ass gläich Schéinheet;
Positiv Intentiounen: Hanner all Verhale steet de Wonsch no eppes Guddem;
Et gëtt keng Néierlag, mee nëmmen Erfarungen: Et gi keng Feeler, just Feedback fir Entwécklung;
Direkt Kommunikatioun: D’Bedeitung vun engem Message läit an der Äntwert, déi en evozéiert, nonverbal Kommunikatioun zielt och;
Intern Ressourcen: All Persoun huet alles, wat se fir hir Transformatioun brauch, a sech selwer;
De perséinlechen Zoustand ass am Vierdergrond: Mir si responsabel fir eisen emotionalen Zoustand an eis Gedanken, déi eis Realitéit formen.
Veronika: Eist grousst Zil ass et, verschidden Zenteren ze grënnen, déi inklusiv Räim vun der Begéinung an der gemeinsamer Transformatioun sinn. Hei soll jidderee sech wuel fillen, egal ob du, ech, Frënn oder Famillje mat Kanner, déi besonnesch Bedierfnesser hunn. Als Mënsche si mir all – deelweis extreem – ënnerschiddlech. Inklusioun bedeit dann, eng Bréck tëschent deene Wierklechkeetsinselen ze bauen. Mir fokusséieren eis net op d’Differenzen, mee eeben op d’Communautéit.
Viktor: Mir hunn insgesamt dräi Kärberäicher definéiert: D’Ënnerstëtzung fir d’Elteren an Eenzelpersounen ass deen éischten. Mir begleeden Eltere mat neurodivergente Kanner, well mir dee Wee och selwer ginn. Mir hëllefen dobäi, d’Kanner an hiert Ëmfeld besser ze verstoen, eng gesond verbal an nonverbal Kommunikatioun ze entwéckelen, emotional stabil ze ginn an déi perséinlech Entwécklung aktiv ze gestalten. Eis Methoden ëmfaassen e breede Spektrum: Konschttherapie, Foto- a Videotherapie, Life-Coaching, Sadhū-Praktiken a Meditatioun.
Kateryna: Da leeë mir och e Fokus op inklusiv Räim. Mir analyséieren d’Notzungsbedierfnesser, ginn Empfeelungen ab de fréie Planungsphasen, iwwerpréiwen d’Accessibilitéit vun existéierende Räim a bidden eng Sensibiliséierung fir eng inklusiv Raumgestaltung un. Eist Zil si Räim, déi fir all Mënsch zougänglech an angeneem sinn.
Veronika: D’Vernetzung vun Associatiounen ass den drëtte Beräich. Mir fërderen den Austausch tëschent de Veräiner. Hei geet et eis ëm de Wëssenstransfert, gemeinsam Initiativen, Synergië fir eng méi breet gesellschaftlech Wierkung. An och ëm d’Zementéierung vun enger kollektiver Stëmm fir Neurodiversitéit an Inklusioun.
Veronika: Konscht ass ee vun eisen zentrale Wierkungsberäicher. Konscht ass e Raum fir Entwécklung, Verbindung a Balance. Wa mir eis kreativ ausdrécken, kënne mir eis éierlech selwer begéinen a weise Säite vun eis, déi am Alldag oft verbuerge bleiwen. All Mënsch huet a Wierklechkeet vill méi Déift an ass méi interessant, wéi een op den éischte Bléck kéint mengen. Konscht ass fir eis eng universell Sprooch, déi Emotiounen, Bedeitung a Verbindung vermëttelt – an dat ouni Wierder. Mat Hëllef vu kreative Prozesser ass et eis méiglech, d’Potenzial vun all Eenzelen unzekuerbelen an d’gesellschaftlecht Bezéiungsfeld ze harmoniséieren.
Evgeniia: Ech befaasse mech ënner anerem mat Fototherapie. Heiansdo kommen d’Leit bei mech, fir ganz normal Fotoen ze maachen, an da geschitt wärend dem Fotograféieren awer eppes ganz aneschters. Duerch meng Lëns gesi si sech dann esou, wéi ech se gesinn – ech deele meng Visioun mat hinnen. Si erkennen hir eege Schéinheet, déi se virdrunner net gesinn hunn, a sinn dovu begeeschtert. D’Fototherapie kann eppes un d’Uewerfläch befërderen, wat nach verbuerge war. Dat kann en immens befreiende Prozess sinn.
Veronika: Ech schaffen zu Lëtzebuerg als Konschttherapeutin. Mat Bléck op d’Kanner heescht dat fir mech, Froen ze stelle wéi: Wat bedeit et, fräi, oppen, kreativ a glécklech ze sinn? Dobäi ass et net noutwendeg, sech op ee Medium wéi beispillsweis Molen ze beschränken. Ech zielen och Ausdrocksméiglechkeete wéi Musek, Danzen, Beweegung am Allgemengen, Gaardenaarbecht, Naturentdeckung asw. dozou. Sech vulnerabel an einfach authentesch ze weisen a sech an engem séchere Raum ze erliewen – dorëms geet et mir. D’Konscht ass dobäi e Kanal, deen dat erméiglecht.
Kateryna: Jo. Ech trennen dat Spirituellt net vum Materiellen – déi Trennung halen ech fir ee vun deene gréisste Feeler vun eiser Gesellschaft. Eigentlech beweist eis Aarbecht, dass déi zwou Dimensiounen ontrennbar matenee verbonne sinn. All d’Aspekter vum Liewen an domat och vun eiser Aarbecht sinn en Deel vum spirituelle Wee.
Wann ech ouni ënnerlech Kraaft sinn, depriméiert oder ouni kloer Ziler, da kann ech weeder gutt liewen nach sënnvoll Projete kreéieren. Dowéinst ass et esou wichteg, sech net vu senger Séil ze trennen.
Kateryna: Eng ganz spannend Fro. Alles ass matenee verbonnen. Duerch d’Zesummenaarbecht vu verschiddene Fachleit aus verschiddene Beräicher schaffe mir un engem holisteschen Zougang zu der gesellschaftlech Entwécklung. An alles fänkt bei eisen eegene Familljen un.
Evgeniia: Vu Mënschen um Autismus-Spektrum kënne mir immens vill léieren. Hir Perceptioun vun der Welt ass eng aner a kann domat eng Perspektiverweiderung, awer och en Challenge duerstellen. Leit, déi dat iwwersinn, limitéieren hiert eegent Potenzial, fir sech weiderzeentwéckelen. Mir wëlle weisen, wéi eng grouss Kraaft Toleranz, Virwëlz an Oppenheet kann hunn a wéi ee ka Virurteeler a Mythen iwwer Beanträchtegungen iwwerwannen.
Viktor: Mir hunn dat praktesch bei organiséierte Retreats erlieft. D’Resultat war ëmmer eng kollektiv Transformatioun. D’Kanner verbesseren hir Konzentratioun a bréngen den Eltere bäi, d’Welt aus hirer eenzegaarteger Perspektiv ze gesinn. Gläichzäiteg iwwerhuelen d’Kanner nei Denkweise vun den Erwuessenen. Dësen Austausch ass immens kraaftvoll an huet erstaunlech Resultater. Spiritualitéit a sozial Aarbecht ass näischt Getrenntes, mee eppes, dat verbënnt. An dat ass wierklech schéin.
Wie sech selwer wëll e konkreet Bild vun der Aarbecht vun „Aura Dorée“ maachen, deen huet d’Méiglechkeet, den 13. an de 14. Dezember de kultur- a bildungspädagogeschen Event „EcoCreativity in Diversity“ ze besichen, deen am „Forum da Vinci“ an der Stad stattfënnt. Dëse fänkt den 13. Dezember um 10:30 Auer un. D’Deelhuele kascht näischt, d’Plaze sinn awer begrenzt, dofir soll ee sech op www.auradoree.lu umellen.
Fotoen: © Aura Dorée
En Interview vum Heng Barone