Eigentlech hu mir en Expert gesicht, deen eis erkläre sollt, wat eng Sekt ass a wou d’Grenze vun esou enger par rapport zu reliéise Glawensgemeinschafte leien. De Jean Ehret, als éischter oppenen a liberale Chrëscht, huet eis wéi de gëeegente Kandidat fir d’Opschlësselung vun dëser Fro geschéngt. Fir dem Direkter Paroli ze bidden, huet de Konterbont decidéiert, direkt zwee vu senge Journalisten an d’LSRS ze schécken.
Am Jean Ehret sengem Büro ukomm, huet dësen eis mat follgender Fro begréisst: „Wat wëllen déi Hären drénken? Rumm oder Whiskey?“ Domadder war d’Äis och scho gebrach an engem spannende Gespréich stoung eigentlech näischt méi am Wee. Iwwregens hu mer eis – et war nach Virmëtten – dunn awer fir Spruddelwaasser entscheet, schliisslech wollte mer jo e klore Kapp behalen.
Net nëmmen am Direkter sengem Büro, mee och am Gank vum Centre Jean XXIII an an senger Kapell hänke konterbont a surreal ugehauchte Biller vum Maxim Kantor, engem russeschstämmegen, dissidente Moler. Wärend der Covid-Zäit huet hien am Kader vun enger Kënschtlerresidenz déi 14 Tableaue vun der „Kapell vun der Operstéiung“ gemoolt; 22 aner Biller huet e Collectionneur der LSRS gespent. „Op där enger Säit ass d’Molerei den Ausdrock vun der Sich nom Herrgott, op där anerer Säit och Moyen vun dëser Sich“, erkläert den Theolog a Literaturwëssenschaftler eis a preziséiert: „Dir kënnt nom Herrgott sichen, andeems der Iech Gedanke maacht, oder och andeems Der moolt. Dat sinn zwou verschidden Approchen, woubäi an der Molerei de Kierper eng vill méi grouss Roll spillt.“
Relativ séier probéiere mir, d’Gespréich op eisen Haaptsujet ze lenken. Fir de Jean Ehret gouf haaptsächlech am leschten Deel vum 20. Joerhonnert vill iwwer „Sekte“ geschwat. Haut géif een dee Begrëff vill manner héieren. „Normalerweis ass dëse Begrëff gefall, wann een iwwer d’Zeie vum Jehova geschwat huet“, erënnert hien sech. Haut géif een se éischter einfach mat hirem Numm nennen.
De Professer weist eis drop hin, datt de Begrëff „Sekt“ zwee verschidden etymologesch Urspréng huet: Engersäits geet et op dat laténgescht Verb „sequi“ zeréck, dat „Gefolgschaft“ heescht, am Sënn vun „engem nogoen“. Anerersäits geet et op d’Verb „secare“ zeréck, dat „ofschneiden“ bedeit, awer och eng Richtung oder Schoul bezeechent. Eng Sekt ass also eng Grupp, déi enger Persoun oder enger Léier nogeet resp. follegt, déi sech och ofgespalt huet. „Dës Bedeitung ass pejorativ konnotéiert, well een sech aus senger Positioun d’Recht eraushëlt, iwwer een aneren ze urteelen“, erkläert de Jean Ehret a preziséiert: „Da seet een: Dat sinn déi Sekten do! Dat maacht Der normalerweis nëmmen, wann Der an der Positioun vun deem sidd, dee soe ka ‚ma mir sinn eng Kierch an dat doten, dat ass eng Sekt!‘“ Ma et spillen natierlech och nach aner Elementer mat, wann et ëm gewësse Strukture geet, déi zu enger Gemeinschaft, déi sech als „Kierch“ bezeechent, gehéieren.
An engem pluralistesche Kontext, wéi en haut zu Lëtzebuerg existéiert, ass et ubruecht, eppes einfach als dat ze bezeechnen, wat et ass, seet hien: „Ech soen: Als Katholik denken ech net, datt ech d’Zeie vum Jehova als Chrëschte kéint verstoen. An dofir nennen ech se einfach bei hirem Numm.“ Den Theolog, deen och Geeschtlechen ass, beschreift also, wat hie gesäit. Zu Lëtzebuerg sinn d’Zeie vum Jehova keng kleng Gemeinschaft a se sinn och weltwäit organiséiert. „Ech si mat munchem vun deem, wat se léieren, natierlech net averstanen. Ech respektéieren déi Leit awer ganz héich opgrond vun hirem moraleschem Usproch an hirer Vertrauensbasis, déi se hunn.“
Op eis Fro, ob et zu Lëtzebuerg da wierklech keng Gruppéierunge gëtt, déi een als Sekt kéint bezeechnen, äntwert de Jean Ehret eis: „Ech gebrauchen dat Wuert net vill. Well et hëlleft mir net, fir deem, wat ech gesinn, Rechnung ze droen.“ Hie weist op en anert Phenomeen hin, nennt Begrëffer ewéi „Fräikierchen“ an „Églises pentecôtistes“. „Hei bléie Reliositéiten op, déi chrëschtlech sinn, awer jidder Gemeinschaft ass autonom“, seet hien. „Dat hätt ee warscheinlech 1990 nach an der Gesellschaft éischter als Sekt bezeechent. Vill vun deene Gemeinschafte bidden en intensiivt emotionaalt Erliefnes, an d’Bibel gëtt ouni vill Interpretatioun gelies. Munche Grupp versprécht direkt Heelung oder d’Léise vu Problemer, nom Prinzip: Komm bei eis an da geet alles an d’Rei.“ Dat ass dem Professer awer ze wéineg reflektéiert. Ma och hei schwätzt hien net gär vu Sekt. En nennt dat dann en zimmlech wëllen Developpement vu Relioun, also ouni datt do eng gréisser Institutioun eng Referenz wier.
Mat Humor verweist en op eng Gruppéierung, déi sech Pastafari nennt an offiziell FSM (Flying Spaghetti Monster) Lëtzebuerg heescht. Et ass eng Zort satiresch Reliounsbeweegung, déi als Herrgott e Spaghetti-Monster, dat flitt, an als héich Paschtouesch d’Schwëster Marie-Niddelchen huet. Als Symbol droen si eng ëmgedréinte Seibecken um Kapp, hiert geeschtlecht Kappbedeckungssymbol. „Do muss ech schmunzelen“, seet den Direkter. Zu Lëtzebuerg hunn se sech fir nach méi eng streng Trennung vu Kierch a Staat agesat a kritiséieren déi traditionell reliéis Institutiounen an hir Subventionéierung vum Staat. De Jean Ehret géif d’Spaghetti-Monster gären op deen an der Philosophie definéierte Gottesbegrëff iwwerpréiwen. Oder „enger Freudscher Analys oder enger Feuerbachscher Reliounskritik“ aussetzen … „Dat geet als Joke an dat geet och provokativ, mee wann der vu Relioun schwätzt, da muss vill méi dohannerstiechen.“
Fir e konkreet Beispill vun enger „onofhängeger chrëschtlecher Reliositéit“ ze bréngen, verweist en op eng Kierch vun ongeféier 50 Familljen zu Diddeleng. An dëser Stad am Süde ginn et méi esou Gruppéierungen, an net nëmme chrëschtlecher, wéi eng Konterbont-Recherche erausfonnt huet. De Jean Ehret bezeechent se als Wildwuchs, mengt dat awer net negativ. „Déi hunn sech zesummegedoen, fir hir Kierch ze grënnen. Eng Persoun ass de Geeschtlechen. Et ass eng One-Man-Church (also ouni Bezéiung zu enger Hierarchie, déi iwwer se erausgeet), eng Fräikierch, déi sech weeder un d’kathoulesch nach un d’protestantesch Kierch bënnt. „Il ouvre pignon sur rue*“, nennt de Jean Ehret dat. Si huele Bezuch op d’Bibel, hale Gottesdéngschter, hunn e Geeschtlechen – alles Elementer, déi de Jean Ehret als Deel vun der chrëschtlecher Relioun ka bezeechnen.
Se sinn awer a kenger Suprastruktur agegliddert, an hei fänkt et fir hien un, problematesch ze ginn: „Net nëmmen am Chrëschtentum kann et dann zu Radikaliséierungstendenze kommen.“ Hie geheit de Begrëff Fundamentalismus an de Raum. Dofir wier et wichteg, datt d’Geeschtlech vun all Reliounen en uerdentlecht Studium absolvéieren. Bei der kathoulescher Kierch bereet een sech op d’mannst siwe Joer vir, dovu sinn der fënnef fir d’Studium. Esou géif een evitéieren, datt iergendeen eng Erleuchtung huet an dann seng Gemeinschaft grënnt, déi net deem, wat d’Chrëschtentum als Ganzt ass, entsprécht – obwuel et awer am Chrëschtentum ëmmer erëm zu esou Opbréch komm ass. De Jean Ehret nennt d’Beispill vum deemolege Reformer Franziskus, aus deem senger Beweegung haut ee vun de gréissten Uerde vun der kathoulescher Kierch ginn ass. Ma en huet och d’Verbindung mat der Kierch gesicht.
Zur Gemeinschaft vun Diddeleng seet den Theolog awer och: „Ech bewonneren deem Mann säi Courage.“ Och de Fait, datt 50 Familljen all Mount zesummeleeën, fir hir eege Kierch ze finanzéieren, an den Engagement, deen dohannerstécht, fanne beim Jean Ehret vill Luef. Allerdéngs gëtt et aus theologescher Siicht och genuch Kritik: „Dat entsprécht net deem, wat Katholicken, Protestanten an, nach vill manner, déi Orthodox als Kierch géife bezeechnen.“ Trotzdeem, oder grad dowéinst, hat de Jean Ehret e Gespréich mam Virsëtzende vun der Diddelenger Gruppéierung. „Et ass e bëssen esou, wéi wann de Milliardebetrib Amazon de lokale Cactus besiche geet.“ Iwwerhaapt wëll de Jean Ehret net arrogant géigeniwwer den Diddelenger optrieden, mee sech am Dialog austauschen.
Op der LSRS gëtt insgesamt den Dialog tëschent de Reliounen héichgehalen. Am Centre Jean XXIII – Grand Séminaire, zu deem d’Forschungsinstitut gehéiert, trëfft sech och reegelméisseg de Conseil des cultes conventionnés, zu deem d’Judden, d’Katholicken, d’Protestanten, d’Anglikaner, déi Orthodox an d’Mosleme gehéieren, an an deem d’Bahai-Gemeinschaft an d’Neoapostolesch Kierch permanent Invitéë sinn. De Professer erwäänt och d’Mormonen, déi hir Kierch zu Stroossen hunn. Hie geet och op si duer an tauscht sech mat hinnen aus. „Op eemol mierkt Der och, wéi wéineg deen een iwwer deen anere weess.“
Wëll de Jean Ehret eis nach vill méi ze zielen hat, huet hien eis zwou Woche méi spéit op e Mëttegiessen am hauseegene Restaurant, dee vun der ASBL Hëllef um Terrain (HUT) bedriwwe gëtt, agelueden. Déi sozial Ausriichtung zeechent de Centre Jean XXIII, niewent dem Dialog, sécherlech och aus. Niewent der Kooperatioun mat HUT schaffen och Flüchtlinge mat a verschidde Poste goufe mat Leit besat, déi iwwer d’Initiativ 50 plus vermëttelt goufen.
Bei engem wierklech delikaten Iessen, verfeinert mat enger klenger Pris extraschaarfem Chili, deen um Dësch stoung, hu mir eis onverklemmt iwwer Gott an d’Welt an domat och iwwer Ästheetik an Erotik ënnerhalen. Um roude Kapp war jo nëmmen den Chili schold. Besonnesch hänkebliwwen ass eis bei dësem Iessen dem Jean Ehret seng Sich no Gott a Leit, déi aus dem Raster falen. Aus eiser Perspektiv trëfft dat och op den Theolog selwer zou, dee seng konkreet Plaz an der kathoulescher Kierch fir d’éischt emol huet misse fannen. De Wee dohinner war alles anescht wéi einfach. Dofir gesi mir hie manner als enfant terrible, mee éischter als homme authentique, mat deem en déifgrënnegen Dialog och wierklech Spaass mécht.
En Artikel vum Eric Rings an dem Heng Barone
*Il ouvre pignon sur rue: Hie mécht säi Buttek mat enger fester, sichtbarer Vitrinn an enger ëffentlecher Strooss op. Dëse Buttek ass also ganz offiziell an etabléiert.
Eng Foto vum Jean Ehret konnte mir net maachen, hie wollt awer onbedéngt eng mat eis zesumme maachen. Dofir huet hien eng Mataarbechterin geruff, hir säin Handy an de Grapp gedréckt an sech tëschent eis zwee Journaliste knipse gelooss.
D’Luxembourg School of Religion & Society (LSRS) ass d’Fuerschungsinstitut vum Centre Jean XXIII – Grand Séminaire, dem Centre diocésain de formation, recherche, dialogue et documentation. 1845 gegrënnt, ass e säit 1973 um Weimeschhaff doheem an huet haut véier grouss Aktivitéitsvoleten:
Seng ursprünglech Bestëmmung: de Seminaire, op gutt Lëtzebuergesch einfach d’Paschtoueschschoul. Aktuell gi véier jonk Leit hei am Land dorobber virbereet. De Centre Jean XXIII bitt och eng „Formation en philosophie et théologie“ un, déi mat der Uni Stroossbuerg konventionéiert ass. De Programm ass deemno homologéiert an et kritt een um Enn e staatlechen Diplom vun der Uni Stroossbuerg an e kierchleche vum Centre Jean XXIII.
D’Bibliothéik vum Seminaire: Dës ass déi zweetgréisste Bibliothéik am Land, no der Nationalbibliothéik. D’Bibliothéik huet och konservatoresch Funktiounen, dat heescht, datt näischt ewechgeheit gëtt.
D’Luxembourg School of Religion & Society: Fuerschungsinstitut iwwer d’Theemen, bei deenen d’Relioun an d’Gesellschaft aneneegräifen. D’Institut ass ënner der Regie vun der kathoulescher Kierch, mee et schaffen net nëmme Katholicke mat. Am Team sinn och Protestanten, Moslemen a Judden.
De Centre d’accueil: Hei kann een Zëmmeren, Raimlechkeeten a Catering-Servicer buchen. D’Kiche gëtt als soziale Projet vun HUT bedriwwen.
Weiderhi gehéiert zum Centre Jean XXIII eng supermodern Kapell.