D’Schaffe vun doheem gëtt en ëmmer méi wichtegt Thema. Wéi steet Är Partei zum Télétravail?
Kann d’Politik den Télétravail fërderen a wat wieren déi konkret Mesuren?
Wéi muss den Télétravail duerch de „Code de travail” reglementéiert ginn oder ass dat, ärer Meenung no, net néideg??

Télétravail / Homeoffice

Télétravail: vill Aarbecht fir e Modell, wat Profit versprécht


Schaffe vun doheem (Télétravail) ass net d’Léisung vun alle Problemer vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart. De Pro a Kontra vun eiser Partei ass extrem nuancéiert.


Betruechte mer eventuell Avantage, lassgeléist vu juristeschen oder politesche Bedenken. D’Schaffe vun doheem schenkt dem Salarié a priori Zäit fir sech. Hie ka sech anescht organiséieren a verléiert keng Zäit a keng Suen op engem Aarbechtswee, dee bei der Lëtzebuerger Verkéierssituatioun ëmmer méi onkamoud gëtt. Et kann ee sech virstellen, datt esou eng Aarbecht grad fir jonk Familljen eng immens flott Léisung ka sinn.


Wann d’Schaffe vun doheem méi verbreet wär, wär och d’Situatioun op de Lëtzebuerger Stroossen eng aner, well vill Leit net méi am Stroosseverkéier ënnerwee wären. Och déi grouss Investitiounen an eis Kommunikatiounsnetzer an d’Ausbaue vun der Bandbreet vun der Dateniwwerdroung géing zu méi engem groussen Deel eng professionell Notzung fannen a wär net méi just eng Kamouditéit oder Fräizäitgestaltung.


De Betriber bitt Aarbecht vun doheem eng exzellent Méiglechkeet, hir Aarbechtsofleef nei ze iwwerdenken, a sech besser organiséiert opzestellen.


Et ass also kloer, datt Télétravail an engem korrekten Ëmfeld eng Chance fir all d’Akteure vum Aarbechtsmaart ass. Mee et gëtt eng sëlleche Geforen ze bedenken. Et ass sécher, datt d’Organisatioun vun der Aarbecht doheem net eleng dësem Aarbechtsmaart sollt iwwerlooss ginn.


D’Aarbecht vun doheem däerf net ausaarten, fir datt de Salarié méi disponibel fir de nämmlechte Loun ass. Dëse Modell vun der Aarbechtsorganisatioun bitt zolidd Virdeeler fir de Patron an de Salarié. Et ass also keng Faveur fir eng vun deenen zwou Säiten a soll och net a Verhandlunge fir z.B. e Kollektivvertrag esou behandelt ginn.


Dës Ëmorganisatioun kéint och eng wäit oppe Scheierpaart sinn fir de Sozialdumping a fir d’Opweeche vun der Lëtzebuerger Souveränitéit a Steiersaachen. Theoretesch ka jo all Mënsch mat deenen néidege Kenntnisser vun all Plaz vun der Welt zu Lëtzebuerg schaffen. Mär sinn dergéint, datt esou Aarbecht ausserhalb vun der Lëtzebuerger Aarbechtsgesetzgebung, zu niddrege Peien an ouni déi hei am Land fest geschriwwe sozial Ofsécherung geschitt. D’ADR ass och net d’accord, datt net de volle Loun vum Heemaarbechter zu Lëtzebuerg a nëmmen zu Lëtzebuerg soll versteiert ginn.


Eng weider Gefor ass, datt de berechtegte Wonsch vum Patron fir säi Salarié ze kontrolléieren, eng Beanträchtegung vun deem senger Privatsphär mat sech bréngt, zum Beispill bei enger Kameraiwwerwaachung. Et muss och kloer sinn, datt Teleaarbecht net als 24Stonne-Permanence verstane gëtt. Do ass iwwert de Pensum oder iwwer de Login sécherzestellen, datt en 8-Stonnen-Dag respektéiert gëtt.


Wa keng aner Reegelung ka fir d’Groussregioun fonnt ginn, wär zum Beispill an d’Aen ze faassen, Büroszentere mat entspriechende Parkméiglechkeete laanscht d’Lëtzebuerger Grenz awer op eisem Territoire ze schafen, wou da Grenzgänger onofhängeg vum Patron hir Teleaarbecht kéinte maachen, ouni musse bis bei hir méi zentral geleeë Schaff duerch d’Land ze fueren.


Dës Iwwerleeunge beäntweren deelweis schonn déi zwou nächst Froen. An enger idealer Welt ass Télétravail eng Äntwert op esou vill Froen, datt dee Modell vun der Aarbechtsorganisatioun fir all Regierung ze fërdere wär. Mee en éischte Schrack wär wuel eng Tripartite, wou déi verschidden Acteuren zesumme kéinte kucken, fir wat fir Aarbechten dee Modell am realisteschsten ass. Dëst Gremium misst dann definéieren, wat un Infrastrukturen nach néideg wär fir esou eng kleng Revolutioun an der Aarbechtswelt méiglech ze maachen. Et wär dann ze kucken, wat aarbechtsrechtlech an am Beräich vun der Sozialversécherung (zum Beispill bei engem Aarbechtsonfall doheem) ze maache wär.


D’politesch Missioun geet awer iwwert eng reng Fërderung eraus: Lëtzebuerg muss seng besonnesch Situatioun (klengen Territoire, internationalen Aarbechtsmaart) international unerkennen a schütze loosse fir och seng steierlech Souveränitéit a seng finanziell Interessen ze garantéieren. Lëtzebuerg ass dacks op internationalem Plang net egoistesch genuch an ass och gär de Virreider bei europäesche Modeller. Beim Télétravail geet et awer politesch just drëm, datt net eng allgemeng europäesch Léisung, déi och d’Steiergesetzgebung ëmfaasst, agefouert gëtt mee datt d’national Interesse vun eise Betriber a Salariéen verdeedegt ginn.

Télétravail / Homeoffice

Télétravail – Eng Inspiratioun fir vill Arbechter muss endlech Realitéit ginn


Den Télétravail: keng Allzweckwaff…


Den Télétravail erliewt momentan eng Art Renaissance. Dobäi ass den Télétravail, oder soe mer «d’Schaffen vun doheem» säit 2006 rechtlech encadréiert. Schonn 2006 hu sech nämlech d’Sozialpartner op e Reegelwierk diesbezüglech geeenegt.


Nichstdestotrotz erliewen mir géigewäerteg e regelrechten Hype ëm den Teletravail.Zumindest medial. Tëscht 2010 an 2015 huet sech d’Demande nom „Schaffen vun doheem“ verduebelt. An enger Etude vun 2015 heescht et, dass 6,1% vun de Residentën Teletravail praktizéieren. Un éischter Stell sinn dat Männer a Kaderpositiounen.


Dës Resultater beleën d‘Limitën vun deem Modell. Et ass keng Allzweckwaff.


En Dachdecker ka schlecht vun doheem d’Käfferen op en Haus setzen.


Och e Buschauffer kann de Bus schwéier vun doheem aus steieren. Zumindest net sou lang, wéi d’Bussen nach net autonom fueren.


Et gi Beruffer, déi schwéier op Distanz ze verrichten sinn. Och an de Sozial- a Gesondheetssekteurën ass den Télétravail kee geeegent Mëttel.


…deen awer do muss gefördert ginn, wou en ëmsetzbar ass


Am Ëmkéierschluss heescht dat fir d‘CSV, dass den Télétravail do gefördert soll ginn, wou en ëmsetzbar ass.


Et ass e komplementärt Instrument zum Schaffen am Betrib.


Den Télétravail kann och z.B. interessant sinn fir Familljen, déi iwer dee Wee d’Familljen- an d‘Beruffsliewen besser ënnert een Hutt brénge kënnen.


Niewebäi hëlleft den Télétravail och eis alldeeglech „Makro-Problemer“ e Stéck wäit an de Grëff ze kréien. Lëtzebuerg ass Affer vu sengem eegenen Erfollegsmodell. Bezunn op de Stroossverkéier géif ee soen: Lëtzebuerg erstéckt am Verkéier. D’Lëtzebuerger stinn am Joer 33 Stonnen am Stau. Also bal eng ganz Arbechtswoch.


Den Télétravail, do wou en ëmsetzbar ass, géif deemno hëllefen, niewt villen anere Mossnamen, de Mobilitéitsproblem ze reduzéieren. Et wier en passant och eng ëmweltpolitesch Mossnam.


Den Télétravail ass zumols fir Frontalierën eng Illusioun


Ech hu ganz am Ufank vun enger Etude aus dem Joer 2015 geschwat. De Grenzgänger taucht an där Etude net op. An dat huet och seng Grënn. Ech erkläre mech.


Fir d’Arbechter aus dem Grenzgebitt ass den Télétravail Fluch a Segen zu gläich. D‘Frontalierën géife jo gäere méi vun doheem aus schaffen, sinn awer an engem rechtlechen Marasmus gefangen.


Schaffen se zevill vun doheem aus, riskéieren se negativ Konsequenzen op steierlechem Niveau.


Am Steierofkommes mat der Belsch ass z.B. virgesinn, dass e belsche Resident, deen zu Lëtzebuerg ugestalt ass, maximal 24 Arbechtsdeeg d’Joer ausserhalb vu Lëtzebuerg täteg däerf sinn. Alles wat driwer geet, gëtt an der Belsch versteiert. Fir Däischtland ass d’Maximaldauer op 19 Deeg a fir Frankräich ab 2019 op maximal 29 Deeg begrenzt.


Niewt de steierleche Contraintën spillen och d’Regelen vun de Sozialversécherungen eng Roll. Am Prinzip ass eng Persoun do sozialverséchert wou se schafft, also onofhängeg vum Wunnsëtz. Gëtt awer méi wéi 25% vun der Arbechtszäit vun doheem aus geleescht, also vum Wunnsëtz aus, dann ass dës Persoun just nach do sozialverséchert. E Belsch, deen zu Lëtzebuerg ugestalt ass, an dee méi wéi 25% vu senger Arbechtszäit vun Arel aus schafft, ass zu Lëtzebuerg net méi sozial verséchert.


Dat erklärt och firwat déi aktuell Neifassung vun de Regele mat eise wallounesche Noperen e besschen an d’Stocke komm ass. Ugeduecht waren initial nämlech 69 Deeg d’Joer! Dat géif bedeiten dass déi 25%teg-Limit iwerschratt wier mat de virbeschriwene Konsequenzen.


Den Télétravail, en Outil fir de Leit hirt Liewen méi einfach ze maachen…


Mir als CSV begréissen all Mossnam, déi dem Arbechter d’Liewen vereinfacht. Genee sou wéi d’Aféieren vun engem flächendeckenden Zäitspuerkont. Engem méi flexibelen Congé parental asw.


Den Télétravail muss duerfir e Recht bleiwen a net zu enger Pflicht ginn.


Dat bedeit och, dass den Arbechter muss wëssen ënnert wéi enge Viraussetzungen hien nees an de klasseschen Arbechtsbetrib kann zréckkomen. Et däerf kee One-Way-Ticket sinn.


Dat bedeit dann och, dass den Arbechter den Télétravail ka refuséieren an de Refus keng Entloossung ka begrënnen. Mir kéinten eis awer virstellen de franséische Modell op Lëtzebuerg ze iwerdroen, d.h. dass de Patron muss e Refus vum Télétravail muss motivéieren.


De Prinzip vum Télétravail bedeit och, dass den Arbechter net benodeelegt däerf ginn duerch de Fait, dass e vun doheem aus schafft. De Gläichheetsprinzip setzt viraus, dass dësen Arbechter also déi nämlecht Rechter a Pflichten huet wéi de „klasseschen“ Arbechter.
Et steet och ausser Fro, dass den Dateschutz, genausou wéi d’Privatsphär vum Arbechter zu all Moment musse gewahrt bleiwen.
…an duerfir ass d’Politik gefuerdert
Fir dass den Télétravail Realitéit gëtt a kee Tigerpabeier bleiwt – 6,1% ass kee rosegt Resultat, musse mir et fäerdeg bréngen geeegent Accordën mat eise Noppeschlänner ofzeschléissen. Dat bedeit och, dass mir bereet sinn iwer nei steierlech Pistën ze diskutéieren.
Gegebenefalls muss och déi europäesch Gesetzgebung am Beräich vun de Sozialversécherungen op de Leescht geholl ginn.
Mir bleiwen weiderhin um Ball fir dass eis dat gelénge wäert.
Den Télétravail, eng Inspiratioun fir vill Arbechter muss endlech Realitéit ginn.

Télétravail / Homeoffice

Leider louch bei Redaktiounschluss nach keen Text vun der DP vir.

Télétravail / Homeoffice

Ëmmer méi Mënsche wëlle gäre méi fräi iwwert hir Zäit verfügen an eng Balance tëscht Fräizäit a Schaffzäit („work-life balance“) fannen. Zemools bei jonken Elteren ass d’Bedürfnis grouss, fir d’Familjen- an d‘Aarbechtsliewen ënnert een Hutt ze kréien. Mir gréng gesinn am Télétravail eng Méiglechkeet dësem Wonsch no méi Flexibilitéit a méi Zäit gerecht ze ginn. Déi zounehmend Digitaliséierung vum Aarbechtsprozess mécht et an engem Deel vun der Aarbechtswelt ëmmer méi einfach, a verschiddene Beruffer zou bestëmmte Momenter vun doheem aus ze schaffen. Op dës Manéier ka sech den Employé och den zum Deel zäitintensive Wee op d’Aarbechtsplaz spueren. Sou kënnen d’Stroossen, respektiv den ëffentlechen Transport entlaascht ginn. Télétravail ass an deem Sënn fir eis gréng och een Deel vun der Äntwert op de Mobilitéitsproblem.


Télétravail ass deemno a villen Hisiichte begréissenswäert, mee et muss een sech bewosst sinn datt des Aarbechtsform ass just limitéiert asetzbar ass. Net an allen Beruffer mëscht Téléaarbecht Sënn. Téléaarbecht muss zudeem ëmmer e Choix fir de Salarié sinn, en däerf net dozou gezwonge ginn. Schliisslech muss opgepasst ginn, dat den Ugestallten nach genuch Zäit op der Aarbechtsplaz verbréngt an esou net riskéiert, sech sozial z’isoléieren.


Och wann d’Unzuel vun deenen, déi reegelméisseg vun doheem aus schaffe kënnen, zu Lëtzebuerg an deene leschte Jore geklommen ass, muss d’Politik dësen alternativen Aarbechtsmodell fërderen an och begleeden. Et läit bei den Employeuren oft eng gewësse Skepsis fir, well duerch déi feelend physesch Präsenz vun den Salariéë Kontrollméiglechkeete verluer ginn. D’Politik muss dofir d’Téléaarbecht souwäit wéi méiglech reguléieren, an och Mëttel virweisen, iwwert déi den Aarbechtgeber eng gewësse Vertrauenskultur zu sengem Personal kann opbauen an duerch déi d’Logik vun der Präsenzkultur lues a lues kann iwwerwonne ginn. Dës Beméiunge gëtt et schonns um Niveau vun der Fonction publique wou de Staat selwer als Aarbechtgeber 2017 e Pilotprojet am Beräich Télétravail lancéiert huet an sou am gaangen ass, „best practises“ auszeschaffen.


Eng besonnesch Erausfuerderung fir de Raum Lëtzebuerg besteet och nach doranner, dës innovativ Aarbechtsform och fir déi vill Grenzgänger méiglech ze maachen, an dofir steierlech an administrativ Hürde weider ofzebauen. Déi Beméiunge mussen am Dialog mat den Nopeschlänner weidergefouert ginn.


Mir gréng sinn der Meenung dat déi alternativ Aarbechtsmethod nach weider muss reguléiert ginn, fir souwuel dem Aarbechtsnehmer wéi och dem Aarbechtgeber seng Rechter an Flichten ze garantéieren. Dat muss am Dialog mat alle Sozialpartner geschéien. Och wann d’Plaz, wou geschafft gëtt, sech heem verlagert, mussen déi selwecht aarbechtsrechtlech Bedingunge bestoen. Zu Lëtzebuerg besti schonn Texter, déi dës Aarbechtsform reguléieren. Si musse stänneg ugepasst ginn, andeems si op hir Vollstännegkeet an hir Aktualitéit iwwerpréift ginn. Et muss besonnesch opgepasst ginn, datt d’Méiglechkeet vum Télétravail vum Employeur net als Fräibréif mëssverstane gëtt, fir dem Ugestallten zu all Moment mat Workload ze belaaschten. Dofir ass et wichteg dem Salarié säi Recht, fir no der Aarbecht ofzeschalten, schrëftlech festzehalen.


Charles Margue, Deputéierten

Télétravail / Homeoffice

D’LSAP huet sech an hirem Wahlprogramm fir d’Wahlen vum 14. Oktober 2018 engagéiert, fir sech fir méi Flexibilitéit bei der Arbechtszäitgestaltung stark ze maachen an dat aus verschiddene Grënn. Zum engen hat d’Rifkin-Étude ervir gestrach dass den Télétravail an den Home Office, grad duerch déi verbessert Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien kéint dozou bäidroen, Drock op d’Verkéierssituatioun ewech ze huelen. Do dernieft kann den Télétravail natierlech och hëllefen fir d’Famill a d‘Beruffsliewen besser ënnert een Hutt ze kréien. Deen Engagement fir den Télétravail fënnt een och am Regierungsprogramm erëm an d’LSAP wäert sech och weider dofir asetzen, dass et an deem Beräich zu konkreten Decisioune kënnt.


Et schéngt kloer, dass d’Praxis vum Télétravail muss op engem gemeinsamen Accord tëscht Employeur a Salarié berouen. Un der Politik ass et fir e Kader ze schafen a kloer Reegelen op ze stellen, dat natierlech an Zesummenaarbecht mat de Sozialpartner.


D’Politik kann awer sécher och dofir suergen, dass de Staat als Patron mam gudde Beispill virgeet a bei sech Méiglechkeete a Konditioune schaaft fir den Télétravail ze erméiglechen.


An deem Sënn hat den LSAP-Deputéierten Claude Haagen am Dezember 2016 am Kader vu sengem Rapport fir de Budget 2017 eng Motioun an der Chamber abruecht, déi d’Regierung invitéiert, fir de Potential vum Télétravail am ëffentlechen an assimiléierte Secteur ze analyséieren, mat de Gewerkschaften ze diskutéieren an opgrond vun de Conclusiounen eventuell de juristesche Régime vum Télétravail unzepassen. Weider war et d’Opfuerderung un d’Regierung fir Pilotprojeten an den intresséierten Servicer an Administratiounen ze lancéieren.


Fir d’Téléarbecht ze fërderen muss och eng Léisung fir d’Frontalieren am Beräich vun der Besteierung fonnt ginn. Matt der Belsch lafen den Ament Verhandlungen zu deem Sujet, dat ass och mat Frankräich an Däitschland virgesinn.


Den Télétravail ass den Ament net gesetzlech gereegelt. Allerdéngs gëtt et zanter 2006 eng Konventioun iwwert dee Sujet tëscht de Sozialpartner. Dës Konventioun gouf zanterhier ëmmer nees erneiert an duerch e groussherzoglecht Reglement als „d’obligation générale“ deklaréiert.


Dës Konventioun reegelt eng ganz Partie vun Aspekter an Detailer a Saachen Télétravail, d’Viraussetzungen vum Télétravail‚ d‘Organisatioun an d’Aarbechtsmaterial, mee och den Dateschutz oder d’Recht op Formatioun an de Respekt vum Privatliewen vum Salarié deen am Régime vum Télétravail schafft.


Ob den Télétravail soll iwwert de Code du travail gereegelt ginn, dat muss juristesch gekläert ginn. Op alle Fall awer ass déi ernimmte Konventioun eng gutt Basis fir méi konkret Mesuren.

Télétravail / Homeoffice

D’Schaffe vun doheem ass en zweeschneidegt Schwäert:


Engersäits kann et eng positiv Flexibiliséierung am Interessi vum Salarié sinn, deen den (ëmmer méi laangen) Trajet op d’Aarbecht spuert, respektiv et him generell besser erméiglecht Aarbecht a Privatliewen openeen ofzestëmmen.


Op där anerer Säit kann dës Flexibiliséierung jee no Handhabung awer och zu sengen Ongonschten ausgeluecht ginn an zu enger gréisserer Aarbechtsbelaaschtung féieren, andeems z.B. net déi geschafften Aarbechtszäit gekuckt an ugerechent gëtt, mee réng d’Resultat vun der Aarbecht. Eng weider Gefor läit am Verloscht vum soziale Lien mat den Aarbechtskollegen an de méigleche Schwieregkeete fir Salariéë fir sech kollektiv gewerkschaftlech ze organiséieren.


Nawell ass den Télétravail mëttlerweil eng Realitéit an duerch en interprofessionellen Accord tëscht Gewerkschaften a Patronat vun 2006 och rechtlech garantéiert. Als déi Lénk si mer duerfir, dat d’Reglementatioun vum Télétravail iwwerschafft gëtt a Richtung vun enger Vereinfachung am Interessi vum Salarié.


Den Télétravail spillt sech an engem Kader of, deen d‘Politik maassgeeblech mat definéiert. Net nëmmen de Code du Travail spillt hei eng Roll, mee och europäesch Texter zur Sozialversécherung a bilateral Ofkommesse mat eisen Nopeschlänner am Beräich vun de Steieren. Besonnesch bei Frontaliere – déi ëmmerhi bal d’Halschent vun de Salariéen hei am Land ausmaachen – ginn et am Moment eng ganz Rëtsch Restriktiounen: esou däerf e Grenzgänger no europäeschem Reglement net méi wéi 25% vu senger Aarbechtszäit a sengem Residenzland schaffen, soss fält hien ënner d’Sozialgesetzgebung vun deem Land a verléiert domadder sozial Rechter zu Lëtzebuerg. Och bei der Fiskalitéit ginn et Reegelen, déi d’Zuel vun den Deeg begrenzen, déi en Grenzgänger doheem schaffen däerf, ouni an deem Land Akommessteiere bezuelen ze mussen.


Wann een zu Lëtzebuerg vun “Télétravail fërderen” schwätzt, da geet et meeschtens ëm en vereinfachten Zougang zum Télétravail an engem komplizéierten europäeschen Ëmfeld.


Als déi Lénk menge mer, datt den Télétravail éischter duerch Kollektivverträg soll gereegelt ginn. Mee et brauch eiser Meenung no awer och en méi kloren gesetzleche Kader am Code du Travail. Dëst gëllt besonnesch wat d’Recht op Onereechbarkeet ugeet. Dëst ass net nëmme mee besonnesch fir Leit, déi vun doheem aus schaffe wichteg, well d’Recht op Deconnectioun eigentlech eréischt d’Grondlag ass, fir d’Recht op Privatliewen och an der Realitéit ëmzesetzen

Télétravail / Homeoffice

Sëtzt deemnächst och e Pirat mat um Stamminee?
Am der nächster Nummer vum Konterbont fann Dir et eraus!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.