Partnersich 2.0: „Amore” iwwer Ëmweeër

Deslescht war erëm eng Kéier esou en Dag. Wësst Dir, ee wou een sech net esou richteg wuelfillt a senger Haut, iergendwéi näischt klappe wëll an een einfach just eng déck Ëmaarmung vum Partner brauch. Eigentlech eng ganz banal Saach, wann do net e klengen Hoke wier: et ass ee Single. Wann een dann no der Schaff heemkënnt, steet net schonn e waarmt Owesiesse prett um Dësch an et sëtzt och keen um Canapé, un deen een sech erukuschele kann. Genee esou eng Situatioun hat ech virun nach net allze Laangem. Fir awer wéinstens eng Grimmel Gebuergenheet a meng Stuff ze zauberen, hunn ech mir dunn eng nei DVD gegënnt. Naja, nei war se net – et war eng gebrauchten aus dem „Troc“. Natierlech eng Libeskoméidi, schéi schnulzeg a fir matzekräischen. Wéi ech dunn awer heiheem d’DVD opgemaach hunn, koum e klengen Ziedel erausgefall. Et war e gëllene Bong vu „FriendScout24“ mat der Opschrëft „Lizenz zum Flirten“. Wéi wann d’Universum et gewosst hätt. Zouginn, déi kleng Käertchen hat wahrscheinlech schonn eng Rëtsch Joren um Bockel an de Code war definitiv net méi valabel, mee de Gedanken dohanner eigentlech ganz verbreet: d’Sich no der Léift am Internet. D’Zäiten, wou Partnervermëttlung als leschte verzweiwelte Versuch vu „schwéier Vermëttelbaren“ gegollt huet, sinn eriwwer, well am Joer 2019 ass schätzungsweis all zéngte Lëtzebuerger am Online-Dating-Dschungel ënnerwee. An dat huet verschidde

Grënn: Engersäits bitt d’Kenneléieren duerch de Bildschierm virun allem méi scheien an introvertéierte Leit d’Méiglechkeet, sech ganz ouni Kontaktängscht an Drock un eng nei Persoun erunzetaaschten. Virtuell natierlech, well déi éischt Kenneléier-Phas fënnt duerch chatte statt. Keng onbehollef Umaachversich an der Disco also, an och kee Geläschter vun de Kolleegen, wann de Schoss no hanne lassgeet. Nee, beim Online-Dating leeft dat ganz anescht. Et ginn awer nach aner Pluspunkte vun der „Partnersich 2.0“. Besonnesch an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg kritt een oft d’Gefill, mat jidderengem iwwer siwen Ecker Famill ze sinn oder säi Géigeniwwer zumindest schonn eng Kéier op iergendengem Dëppefest begéint ze hunn. Net grad déi beschten Aussiichten. An da geet et lass: de séisse Barkeeper aus dem „Hitch“ hat schonn eppes mat der beschter Frëndin, déi nei Bekanntschaft vun der Schaff kritt direkt e fetten „No Go“-Stempel vun der Cousine verpasst an och soss gëtt et zu alles a jidderengem eng Virgeschicht. Eng Persoun komplett nei kennenzeléiere schéngt bal onméiglech. Och op Austausch-Säite vu sougenannten „Expats” oder Frontalieren dreift dëse Mythos iwwer eist klengt Ländche säin Onwiesen. Den „Dating Pool“ ass einfach ze kleng. Ma genee dowéinst ginn et Dating-Portaler, Flirt-Apps, virtuell Partnervermëttlungen, Speed Dating Eventer a Single-Partyen fir ze beweisen, datt sech an dem engen oder aneren Eck vum Land awer nach e potenziellen Amor verstoppt, dee vläit just drop waart, säi Puzzlestéck ze fannen.

De Prinzip vun der Partnersich iwwer aner Weeër gëtt et scho laang. Ob „ER sucht SIE“ an der Luxpost oder d‘„Heiratsgesuche“ am Lëtzebuerger Wort, Annoncë fënnt ee bal iwwerall. Dës sinn awer mëttlerweil iwwerlieft, an och deier Vermëttlungsagenture wéi „PV Ensemble“ oder „meetic.lu“ kréien ëmmer méi Konkurrenz. Well wie brauch schonn de virtuelle Coach Lara, wann een sech ganz einfach selwer – a virun allem gratis – e Profil erstelle kann, wat engem dann hëlleft, de passende Partner ze fannen. Esou einfach ass et dann awer net, och wa Flirt-Apps wéi „Tinder“, „Badoo“ oder „Lovoo“ engem dat gären esou verkafen. Bei der Sich via Smartphone kënnen sech registréiert Notzer zwar hir Critèrë fir den ideale Mann oder déi perfekt Fra selwer zesummestellen, mee beim „Swipe“ no riets kann awer och villes schifgoen. Esou tauchen ëmmer erëm Schlagzeilen iwwer Fake-Profiller oder Dateschutzverstéiss an den Noriichten op, an déi richteg sënnvoll Features muss een dann nawell kafen. Schéi peinlech kann et och da ginn, wann een der Nopesch hire Mann op eemol als potenzielle Kandidat ënner d’Nues gehale kritt oder den éischte Message nom sougenannte „Match“ eng privat Foto ass, déi ee vläicht léiwer net gesinn hätt.

Ma trotzdem huet déi modern Dating-Variant immense Succès an ëmmer méi Koppele fannen sech effektiv iwwer eng App. Hei ginn et dann och ganz spezifesch Säite fir all Besoin: „happn“ mat senger Geotagging-Funktioun, déi engem just Leit weist, deenen ee schonn eng Kéier begéint ass, „Elitepartner” als Bourse fir „Akademiker und Singles mit Niveau“, „PlanetRomeo“ oder „Grindr“ fir homosexuell Soloen an an an. D’Méiglechkeete schéngen onendlech. Wiem dat ganzt Geschreifs dann awer ze onperséinlech ass, dee fënnt vläicht säi Gléck bei engem Event. Regelméisseg organiséiert zum Beispill d’Ekipp vum „Hitch“ an der Stad hir „Date Doctor // Single Party“ an och Veranstaltunge vun der „E-Space Lounge Bar“ zu Weiler zum Tuer tauchen ëmmer mol erëm op der Facebook-Startsäit op. Esouguer fir déi méi al Generatioun huet Lëtzebuerg eppes ze bidden, an zwar Speed Dating. D’Iddi heifir koum vum Nadine Breuskin, wat sech an der Stad Déifferdeng ëm Senioren-Aktivitéite këmmert, an dem Lynn Elvinger vum Club Senior „Prënzebierg“. Fir d’éischte Kéier hunn si am Februar e Speed Dating Event exklusiv fir eeler Leit organiséiert a wëllen an Zukunft och weider esou Treffen erméiglechen.

Et gëtt also nach Hoffnung fir eis Singlen, well och wann et sech vläicht heiansdo esou ufillt: et ass een net eleng. An och wann déi grouss Léift net onbedéngt op der anerer Säit vum Bildschierm waart, heiansdo geet et schonn duer, sech déi kal Wanterowender mat engem klengen Chat-Flirt opzeheizen.

En Artikel vum Laura Tomassini

Deslescht war erëm eng Kéier esou en Dag. Wësst Dir, ee wou een sech net esou richteg wuelfillt a senger Haut, iergendwéi näischt klappe wëll an een einfach just eng déck Ëmaarmung vum Partner brauch. Eigentlech eng ganz banal Saach, wann do net e klengen Hoke wier: et ass ee Single. Wann een dann no der Schaff heemkënnt, steet net schonn e waarmt Owesiesse prett um Dësch an et sëtzt och keen um Canapé, un deen een sech erukuschele kann. Genee esou eng Situatioun hat ech virun nach net allze Laangem. Fir awer wéinstens eng Grimmel Gebuergenheet a meng Stuff ze zauberen, hunn ech mir dunn eng nei DVD gegënnt. Naja, nei war se net – et war eng gebrauchten aus dem „Troc“. Natierlech eng Libeskoméidi, schéi schnulzeg a fir matzekräischen. Wéi ech dunn awer heiheem d’DVD opgemaach hunn, koum e klengen Ziedel erausgefall. Et war e gëllene Bong vu „FriendScout24“ mat der Opschrëft „Lizenz zum Flirten“. Wéi wann d’Universum et gewosst hätt. Zouginn, déi kleng Käertchen hat wahrscheinlech schonn eng Rëtsch Joren um Bockel an de Code war definitiv net méi valabel, mee de Gedanken dohanner eigentlech ganz verbreet: d’Sich no der Léift am Internet. D’Zäiten, wou Partnervermëttlung als leschte verzweiwelte Versuch vu „schwéier Vermëttelbaren“ gegollt huet, sinn eriwwer, well am Joer 2019 ass schätzungsweis all zéngte Lëtzebuerger am Online-Dating-Dschungel ënnerwee. An dat huet verschidde Grënn: Engersäits bitt d’Kenneléieren duerch de Bildschierm virun allem méi scheien an introvertéierte Leit d’Méiglechkeet, sech ganz ouni Kontaktängscht an Drock un eng nei Persoun erunzetaaschten. Virtuell natierlech, well déi éischt Kenneléier-Phas fënnt duerch chatte statt. Keng onbehollef Umaachversich an der Disco also, an och kee Geläschter vun de Kolleegen, wann de Schoss no hanne lassgeet. Nee, beim Online-Dating leeft dat ganz anescht. Et ginn awer nach aner Pluspunkte vun der „Partnersich 2.0“. Besonnesch an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg kritt een oft d’Gefill, mat jidderengem iwwer siwen Ecker Famill ze sinn oder säi Géigeniwwer zumindest schonn eng Kéier op iergendengem Dëppefest begéint ze hunn. Net grad déi beschten Aussiichten. An da geet et lass: de séisse Barkeeper aus dem „Hitch“ hat schonn eppes mat der beschter Frëndin, déi nei Bekanntschaft vun der Schaff kritt direkt e fetten „No Go“-Stempel vun der Cousine verpasst an och soss gëtt et zu alles a jidderengem eng Virgeschicht. Eng Persoun komplett nei kennenzeléiere schéngt bal onméiglech. Och op Austausch-Säite vu sougenannten „Expats” oder Frontalieren dreift dëse Mythos iwwer eist klengt Ländche säin Onwiesen. Den „Dating Pool“ ass einfach ze kleng. Ma genee dowéinst ginn et Dating-Portaler, Flirt-Apps, virtuell Partnervermëttlungen, Speed Dating Eventer a Single-Partyen fir ze beweisen, datt sech an dem engen oder aneren Eck vum Land awer nach e potenziellen Amor verstoppt, dee vläit just drop waart, säi Puzzlestéck ze fannen.

De Prinzip vun der Partnersich iwwer aner Weeër gëtt et scho laang. Ob „ER sucht SIE“ an der Luxpost oder d‘„Heiratsgesuche“ am Lëtzebuerger Wort, Annoncë fënnt ee bal iwwerall. Dës sinn awer mëttlerweil iwwerlieft, an och deier Vermëttlungsagenture wéi „PV Ensemble“ oder „meetic.lu“ kréien ëmmer méi Konkurrenz. Well wie brauch schonn de virtuelle Coach Lara, wann een sech ganz einfach selwer – a virun allem gratis – e Profil erstelle kann, wat engem dann hëlleft, de passende Partner ze fannen. Esou einfach ass et dann awer net, och wa Flirt-Apps wéi „Tinder“, „Badoo“ oder „Lovoo“ engem dat gären esou verkafen. Bei der Sich via Smartphone kënnen sech registréiert Notzer zwar hir Critèrë fir den ideale Mann oder déi perfekt Fra selwer zesummestellen, mee beim „Swipe“ no riets kann awer och villes schifgoen. Esou tauchen ëmmer erëm Schlagzeilen iwwer Fake-Profiller oder Dateschutzverstéiss an den Noriichten op, an déi richteg sënnvoll Features muss een dann nawell kafen. Schéi peinlech kann et och da ginn, wann een der Nopesch hire Mann op eemol als potenzielle Kandidat ënner d’Nues gehale kritt oder den éischte Message nom sougenannte „Match“ eng privat Foto ass, déi ee vläicht léiwer net gesinn hätt.

Ma trotzdem huet déi modern Dating-Variant immense Succès an ëmmer méi Koppele fannen sech effektiv iwwer eng App. Hei ginn et dann och ganz spezifesch Säite fir all Besoin: „happn“ mat senger Geotagging-Funktioun, déi engem just Leit weist, deenen ee schonn eng Kéier begéint ass, „Elitepartner” als Bourse fir „Akademiker und Singles mit Niveau“, „PlanetRomeo“ oder „Grindr“ fir homosexuell Soloen an an an. D’Méiglechkeete schéngen onendlech. Wiem dat ganzt Geschreifs dann awer ze onperséinlech ass, dee fënnt vläicht säi Gléck bei engem Event. Regelméisseg organiséiert zum Beispill d’Ekipp vum „Hitch“ an der Stad hir „Date Doctor // Single Party“ an och Veranstaltunge vun der „E-Space Lounge Bar“ zu Weiler zum Tuer tauchen ëmmer mol erëm op der Facebook-Startsäit op. Esouguer fir déi méi al Generatioun huet Lëtzebuerg eppes ze bidden, an zwar Speed Dating. D’Iddi heifir koum vum Nadine Breuskin, wat sech an der Stad Déifferdeng ëm Senioren-Aktivitéite këmmert, an dem Lynn Elvinger vum Club Senior „Prënzebierg“. Fir d’éischte Kéier hunn si am Februar e Speed Dating Event exklusiv fir eeler Leit organiséiert a wëllen an Zukunft och weider esou Treffen erméiglechen.

Et gëtt also nach Hoffnung fir eis Singlen, well och wann et sech vläicht heiansdo esou ufillt: et ass een net eleng. An och wann déi grouss Léift net onbedéngt op der anerer Säit vum Bildschierm waart, heiansdo geet et schonn duer, sech déi kal Wanterowender mat engem klengen Chat-Flirt opzeheizen.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.