Léift an all senge Faarwen

Vältesdag steet virun der Dier. An dat ass bekanntlech den Dag vun der Léift. Allerdéngs kann nach laang net jiddwereen sech un deem besonneschen Dag esou richteg erfreeën. Eng Kategorie vu Leit, fir déi et och 2019 nach ëmmer net esou selbstverständlech ass, fir ëffentlech zu hirer Léift ze stoen, si Schwuler a Lesben. Natierlech hunn elo net all Schwuler a Lesben direkt e Problem mat hirer sexueller Orientatioun. An awer huet gläichgeschlechtlech Léift am Alldag nach ëmmer net esou vill Visibilitéit wéi ee mengt a gëtt dowéinst allze dacks einfach vergiess, net verstanen, ignoréiert oder einfach verstoppt. Laang virun der Sich no engem Partner musse Schwuler a Lesben iwwerhaapt mol léieren, sech ze verstoen an hir Gefiller ze akzeptéieren, wat dacks schonn e wäite Wee fir deen Eenzelen oder dat Eenzelt ass. Mee Gott sei Dank muss haut kee(nt) méi eleng duerch dësen Entwécklungsprozess goen. Fir säi Coming out besser ze bewältegen, sief et fir sech selwer oder virun der Famill, den Elteren oder de Frënn, gëtt et säit 2002 eng Berodungsstell an der Stad, déi CIGALE (Centre d’Information GAy et LEsbien) heescht an déi hei bei Froen a Problemer Ënnerstëtzung ubitt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De CIGALE ass awer méi ewéi just e Berodungszentrum fir Schwuler a Lesben. Et ass eng Plaz, wou jiddwereen, deen „anescht“ fillt, ob een elo schwul, lesbesch, bisexuell, transident oder intergeschlechtlech ass, en oppent Ouer fir seng Suergen a Froe fënnt. Ob als Jugendlechen, als Elteren oder och als Mënsch mat enger Aschränkung. Als Zentrum mat jorelaanger Erfarung op dësem Gebitt kënne mir an deenen allermeeschte Fäll mat Rot an Dot zur Säit stoen. Mir hunn iwweregens och eng Bibliothéik, hale Formatiounen, ginn an d’Schoulen an organiséiere regelméisseg Aktivitéiten zu all méiglechen Themen, déi fir Schwuler a Lesben interessant kënne sinn.

De CIGALE ass also en Zentrum, wou éischter sozial a pedagogesch geschafft gëtt. Doniewent gëtt et awer och nach eise Gestionnaire d‘Rosa Lëtzebuerg asbl. Dëst ass eng Associatioun, déi sech säit 1996 virun allem op politeschem Niveau fir d’Gläichstellung an d’Rechter vu Schwulen a Lesbe staark mécht. Spéider koumen dann och nach Bisexualitéit an Transidentitéit als Themen dobäi. Rosa Lëtzebuerg organiséiert iwwregens och de GAYMAT, deen all 2. Weekend am Juli zu Esch-Uelzecht stattfënnt an deen 2019 säin 20. Jubiläum feiert.

De GAYMAT ass fir Lëtzebuerg dat, wat am Ausland och nach CSD oder GAYPRIDE genannt gëtt. Et ass eigentlech deen Dag am Joer, wou déi ganz LGBTIQ+ Gemeinschaft zesumme feiert an hir Fuerderungen un d’Ëffentlechkeet a virun allem un d‘Politik riicht.

Entstane sinn déi Evenementer no de sougenannte Stonewall Onrouen, déi am Juni 1969 an enger „Schwulebar“, dem Stonewall Inn an der Christopher Street zu New York ugefaangen hunn. Hei gouf et an der Vergaangenheet ëmmer nees Schikanen a willkürlech Verhaftungen duerch d’Police, bis déi Schwul es enges Daags genuch haten an sech eng éischte Kéier gewiert hunn. Déi Onrouen, déi heiduerch entstane sinn, hunn deeglaang gedauert a gëllen haut als Ufank vun der sougenannter Schwulebeweegung. Dowéinst ginn et zanterhier och iwwerall op der Welt am Summer déi sougennanten CSDen oder GAYPRIDEen, déi hautdesdaags awer iwwer d’Schwulsinn eraus fir d’Beweegung vun der ganzer LGBTIQ+ Gemeinschaft stinn.

De 17. Mee 1990 gouf d’Homosexualitéit iwweregens vun der Weltgesondheets­organisatioun WHO vun der Lëscht vu psychesche Krankheete gestrach. 2005 gouf dowéinst dann och genee op deem Datum den Internationalen Dag géint Homo- an Transphobie – IDAHOT an d’Liewe geruff, op deem déi ganz LGBTIQ+ Gemeinschaft alljoers Aktiounen ënnerhëlt, fir op déi nach ëmmer existent Homophobie an Transphobie an eiser Gesellschaft opmierksam ze maachen.

Zu Lëtzebuerg däerfe gläichgeschlechtlech Koppelen sech zum Beispill säit dem 1. Januar 2015 zwar esouwuel bestueden ewéi och Kanner adoptéieren, an awer bleift nach villes ze dinn.

A wien elo virwëlzeg ginn ass a weider Froen zu dësen interessanten Theemen huet, dee soll sech einfach am CIGALE um 26 19 00 18 oder per E-Mail op info@cigale.lu mellen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.