Fräi a kreativ sinn?

Dat ass den Dram vu villen. Konscht studéieren an sech duerno am kënschtleresche Beräich selwer ze verwierklechen ass d‘Zil vu ville jonke Kreativen. Mee wat heescht eigentlech Konscht studéieren? A wou kann ech dat iwwerhaapt maachen? E kreativen Iwwerbléck!

„Broutlos Konscht“ – Klischee oder Realitéit?

Um Konschtmaart gi Milliounen ëmgesat. Awer just e Grapp voll Kënschtler kënne vun hirer Konscht liewen. Konscht als Deel vum Beruff ass dofir oft de Wee, deen d‘Studenten no hirem Studium wielen. Sief et als Architekt, am pedagogesche Beräich, awer och an Handwierksberuffer ewéi a Schräinereien oder Bitzateliere fënnt ee Leit mat engem Konschtstudium.

Den Interessi un engem Konschtstudium wiisst ëmmer méi an de leschte Joren, an haaptsächlech déi sougenannte Generatioun Y interesséiert sech ëmmer méi fir de Beruff vum Kënschtler.

Informéiert ee sech hei am Land, fält ee schnell op de Lycée des Arts et Métiers. Hei hu mir eis och ëmfrot a probéieren e wéineg Luucht an dat däischtert Lach vum Konschtstudium ze bréngen.

Wat sinn dann eigentlech Viraussetzungen, wann ee Konscht studéiere wëllt?

„Passioun ass fir mech dat wichtegst. Dono kënnt Interessi un alles Visuellem: Faarwen, Formen, Beweegungen, Proportiounen …“ seet eis ee vun den zoustännege Professeren. Mee wéi fannen ech dann iwwerhaapt eraus, ob Konscht mir wierklech läit? E gudde Start ass hei tatsächlech de Lycée des Arts et Métiers. Konscht an alles wat dermat ze dinn huet, gehéiert hei zum Alldag.

Dëst erméiglecht dem Schüler, en Iwwerbléck ze kréien, an duerch praktesch Aarbechten a spéider och Stagen a private Betriber huet schonn deen een oder aneren seng Leidenschaft fonnt, e komplett neie Beräich kennegeléiert an dëse spéider zum Beruff gemaacht, oder och Talenter entdeckt, déi e virdrun nach net kannt huet. Mat der Ënnerstëtzung vun de Proffen an dem Fachpersonal gëtt de Schüler hei an eng fir hie passend Richtung orientéiert an op e spéidere Studium virbereet.

„Dëst ass e grousse Virdeel,“ erkläert eis de Kënschtler Michael Sanctobin, dee selwer Konscht studéiert huet an haut säi Wëssen och als Proff um Arts et Métiers un d‘Schüler weidergëtt. „Wann een herno op d’Uni geet, huet een e gewëssene Virsprong op Leit, déi vun engem normale Lycée kommen, well een ebe schonn esou vill gesinn huet, verschidden Techniken ausprobéiert huet an och schonn a verschidde Beräicher geschafft huet.“

Déi aner Fro, déi sech stellt, ass natierlech, wat alles an de Beräich Konscht fält a wat fir eng Studien een hei maache kann. „Et kann ee mëttlerweil alles studéieren, wat mat Konscht ze dinn huet: Molerei, Skulptur, Design, Foto, Bildbeaarbechtung, Video, Motion Design, Special Effects, Architektur, Bannenarchitektur, Moudedesign, Web an App Design, Direction artistique, Grafik, … d‘Méiglechkeete schéngen hei endlos ze sinn!“ erzielt eis de Michael Sanctobin.

Huet een eng Richtung entdeckt, an där ee säi Wësse gäre verdéift oder sech spezialiséiert, muss ee sech leider am Ausland op den ënnerschiddlechen Universitéiten an Héichschoulen informéieren. Och hei steet d‘Personal vum Arts et Métiers dem Schüler zur Säit a beréit oder knäppt och emol deen een oder anere Kontakt.

Awer opgepasst: ier een säin Dram an d‘Realitéit ëmsetzt an an d‘Ausland studéiere geet, sollt ee sech zu Lëtzebuerg informéieren, ob de Bachelor- oder Masterdiplom an deem gewielte Beräich och hei am Land unerkannt gëtt. Well trotz Europa ass dat nach laang net selbstverständlech an op dësem Wee ass schonn oft deen een oder anere kënschtlereschen Dram geplatzt.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.