De Serge Koch ass President vum ARC, war vun 2017 bis 2023 Vize-President vum CAL, war fréier Member beim LAC an ass säit 25 Joer Member beim Atelier de gravure EMPREINTE.
Serge Koch: „Et gëtt haut gekuckt, méi wéi jeemools virdrun, fir jonk Artisten ze ënnerstëtzen. Dat ass ganz luewenswäert. Et kann ee feststellen: Et geet alles méi séier haut. Vläicht dach heiansdo ze séier? Konschtstudente gi scho vun den Unien aus a gutt Galerië geschleist. Wann e jonken Artist fir seng Wierker Präisser freet, oder ugehale gëtt ze froen, déi iwwert deene vun etabléierten Artiste leien, dann ass dat awer bedenklech. Et kann ee séier zimmlech uewe ‚landen‘. Awer grad esou séier nees um Buedem. Dat war virun enger 20, 30 Joer nach net esou. Do huet een sech misste lues a lues eropschaffen. War een da bis ‚ukomm‘, dann ass een et och meeschtens bliwwen.
Mir liewen an enger Gesellschaft, déi ëmmer an ëmmer nees no neie Gesiichter sicht. De Problem ass, datt et – grad zu Lëtzebuerg, op engem klenge Raum – vill, ganz vill an och vill gutt Kënschtler gëtt. Iwwerspëtzt gesot: Et gi bal méi Kënschtler wéi Konschtinteresséierter. Et si vill Jonker do derbäi, déi – och dat ass Fakt – richteg gutt sinn. Et gëtt awer eeben ëmmer méi schwéier, sech op Dauer ze behaapten, well der esou vill do sinn … an all Joer kommen der derbäi. Do haten déi puer Artisten et virun 30 bis 40 Joer nach méi ‚einfach‘.“
„De Begrëff ‚professionellen‘ oder ‚onofhängege‘ Kënschtler gëtt leider allze heefeg och willkürlech benotzt, och alt emol, fir der Konscht e Qualitéitssigel ze verpassen. Ouni ze verallgemengeren, mee et ass schonn erstaunlech, wa Leit sech professionell nennen an eigentlech vun anere Revenue liewen, sou z. B. wann Elteren hir Kanner no der Uni eng Zäit laang ënnerstëtzen oder de Kënschtler vum Akommes vum Partner lieft. Et muss een och gesinn, datt Independant ze sinn net ausschléisst, datt ee reegelméisseg fir een oder verschidde Kontraktgeeber schafft. Doriwwer kéint een elo ganz vill erzielen. De Wunn- a Schaffraum ass begrenzt zu Lëtzebuerg an deemno deier. Wien en Atelier fënnt a ka bezuelen oder e bezuelt kritt oder geierft huet, däerf sech glécklech schätzen.
De Kënschtler huet generell vill Fraisen, vun Ateliersfraise bis hin zum Material, Biller, Encadrementer, Prozenter op den Ofgaben an de Venten asw., sou datt em, och wann e relativ gutt verkeeft, awer am Netto net méi vill iwwregbleift. Verschidde Konscht-Technike sinn och besonnesch deier an der Produktioun a verkafen sech manner gutt, wéi zum Beispill d’Fotografie. Dovun, d’Konzeptkonscht un de Mann ze bréngen, net ze schwätzen. Et war an et bleift also nach ëmmer extreem schwéier bis hin zu onméiglech, aleng vun der Konscht ze liewen, zemools wann déi Konscht fräi soll sinn, fräi vu Kommerzgedanken a finanzielle Contrainten oder Suergen.“
„Déi iewescht Missioun besteet doranner, de Membere Méiglechkeeten ze ginn, sech ze weisen. Ëmmer nees. Wéi gesot, ginn et zu Lëtzebuerg extreem vill Kënschtler an et ass heefeg schwéier fir muenchereen, eng Ausstellungsméiglechkeet ze fannen, zemools innerhalb vun enger gudder Struktur, engem gudde Kader. Et gi jo och net méi esou vill Galerien, zemools proportional gesinn zu der Zuel vun Artisten. Also iwwerhëlt eng Associatioun och deels d’Roll vun enger Galerie. Wann en Artist Member bei enger Associatioun ass, da sinn him eng gewëssen Unzuel vun Ausstellungen op Joren a souguer Joerzéngte garantéiert, jo eigentlech bis un d’Liewensenn. Dat war bis elo quasi e Grondrecht bei deene meeschten Associatiounen. Den Austausch, deen een am Laf vun der Zäit an esou enger Gruppéierung kritt, spillt natierlech och eng grouss Roll.
Eng Associatioun spillt och konschthistoresch eng ganz wichteg Roll. An Zäiten, wou analytesch Presseartikele méi rar gi sinn, huet den Impakt vu Publikatiounen (Bicher, Katalogen), déi vun den Associatioune selwer erstallt ginn, un nach méi groussem Wäert gewonnen, wéi e souwisou schonn ëmmer hat. Et ass bemierkenswäert, datt de Benevolat also hei e groussen Deel zur Konschtgeschicht bäidréit. Mir wären ëm ganzer Bibliothéiksetagèrë méi aarm. Souvill och zur Nohaltegkeet, fir en aktuellt Wuert ze beméien. Generell leeft zu Lëtzebuerg immens vill iwwer de Benevolat. Net just an der Konscht, awer do besonnesch vill. Déi ganz Associatiounen, vu méi klenge bis hin zu deene groussen, gi vu Kommiteeë geleet, déi ganz am Benevolat schaffen. Do denken ech och un d’Association artistique La Palette zu Dikrech, déi säit 1949 besteet an zum Beispill säit bal 25 Joer en international staark besate Festival de la Gravure op d’Bee stellt, eng Expo, begleet vun engem Buch, Joer fir Joer.
An deem Kontext sief och un Organisatioune wéi CUEVA oder FUELBOX erënnert, déi eng ganz wichteg Roll spillen. Si sinn awer keng klassesch Associatioune mat feste Memberen, mee éischter e Krees vu Benevollen, déi vun Expo zu Expo Artisten aluede fir matzemaachen.“
„Eng Visibilitéit ze kréien, ass fir vill Artiste guer net esou einfach. Dofir gëtt och esou vill beim ARC ugeklappt. Mir kréie säit Joren eng Ufro pro Woch vun Artisten, fir bei eis Member ze ginn. Mir kéinte liicht 500 Memberen hunn. Wat awer natierlech administrativ wéi och um Terrain net méiglech ass. Et feelt scho fir e Grupp vu 75 Leit u festen a groussen Ausstellungsraim. Ëmmer nees muss sech do nei orientéiert ginn, och well flott Plaze verschwannen.
Eng Luxembourg Art Week z. B. huet och eng Zäit laang plazméisseg ferm misste struewelen, bis se elo um Glacis eng fest Plaz fonnt huet, an engem risegen Zelt, wat awer all Joer nei muss opgeriicht ginn, wat Fraise fir den Organisateur an deemno och fir d’Artiste bedeit. Iwwerhaapt sinn d’Stänn vun esou Foiren, och am Ausland, net grad bëlleg. Luewend dierf een am Kader vun der Luxembourg Art Week soen, am Kontext vun der Lëtzebuerger Konscht, datt am Volet Take Off muench Lëtzebuerger Artist present ka sinn, besonnesch och, an do si mer nees bei den Associatiounen, am Kader vu Gruppéierunge wéi zum Beispill dem Atelier Empreinte oder dem Sixthfloor, wou d’Fraisen dann och op méi Artiste-Schëllere kënne verdeelt ginn.
E Problem ass haut och déi feelend Presenz vun der Press. Et feelt do u Konschtkritiker. Oder: Vläicht feelt et der Press och un deenen néidege finanzielle Mëttelen, déi Leit ze bezuelen.“
D’Missioun vun enger Associatioun, vun hirem Kommitee, ass et och, sech am Sënn vun hire Membere mat all deene Problematiken auserneenzesetzen an eeben no Léisungen ze sichen.“
„Ech fannen net, datt et e Konkurrenzdenken tëschent deenen eenzele Gruppéierunge gëtt. All Associatioun huet hiert eegent Feld, hir eege Visiounen, hire ganz eegene Fonctionnement. Se ënnerscheeden sech a villem. Dat ze erläuteren, géif elo hei ze wäit féieren. Et ass op jidde Fall genuch Plaz do fir jiddereen. Et trëppelt keen deem aneren op d’Féiss. Kënschtler sëtzen iergendwéi all am selwechte Boot, ob se elo hei oder do ënnerdaach koumen.
Eigentlech misst all eenzele Kënschtlerkrees och frou sinn, datt et nach anerer gëtt. Eng eenzeg Associatioun kéint jo d’ganzt Joer iwwer de Public net eleng beglécke respektiv esou ville Kënschtler hei gerecht ginn.
Zesummenaarbecht tëschent den Associatioune besteet awer keng. Jiddereen huet jo och genuch Aarbecht mat sengem eegene Programm.“
„Dat ass eng schwéier Fro. Et ass eigentlech ni genuch. Dat gëllt awer wuel fir all d’Branchen. Et feelt, wéi gesot, un Ausstellungsraim … an och ëmmer nees u finanzielle Mëttelen!
Net jiddereen, dee kreativ ass, kann natierlech verlaangen, datt e vum Staat dofir bezuelt gëtt. Et ass awer bedenklech, datt just e Grappvoll Leit wierklech vun hirer Konscht liewe kënnen. Do misst scho verstäerkt gekuckt ginn, datt de Kënschtler, entspriechend senger ‚Utilité publique‘, sengem Talent a Schaffen, senger Presenz no finanziell honoréiert kéint ginn an dat net just als Einstig fir eng eventuell Karriär, mee och als Begleedung duerno.
Et lafen awer scho vill a gutt Initiativen, méi nach wéi virun enger Zäit.
An deem Kontext soll hei dat onermiddlecht Schaffe vun der AAPL (Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg) net onerwäänt bleiwen.“
„Ech fannen d’Iddi vun enger Nationalgalerie ganz wichteg. Et ass erstaunlech, wéi wéineg een sech bis elo hei am Land iwwer d’Lëtzebuerger Konscht konnt informéieren, iwwer eenzel Artiste respektiv sech och e geschichtlechen Iwwerbléck konnt verschafen, fir och Zesummenhäng ze verstoen“, esou de Serge Koch weider. „De Projet Konschtarchiv gouf jo awer elo virun enger Zäitchen am MNAHA an Ugrëff geholl an do gëtt jo elo all Dag dru geschafft, wat ganz luewenswäert ass.
Dernieft misste mir awer och eng Galerie kréien, fir zum Beispill de Konschtlexikon visuell ze begleeden, net just online. Wou bleiwen all déi Wierker aus allméiglechen ëffentleche wéi private Kollektiounen?
Vläicht missten och d’Presseorganer fir de Beräich Kultur méi motivéiert ginn.
Da missten awer och weiderhin Atelier- an Ausstellungsraim geschafe ginn.
An och Raimlechkeete fir d’Associatioune selwer. Fir vum eegenen Haus ze schwätzen: Den ARC sicht scho säit ville Joren no enger Méiglechkeet, en Doheem ze fanne fir seng Reuniounen, fir e feste Büro ze hunn, e Raum, fir Saachen ze stockéieren, en Atelier, fir zesummen ze schaffen an sech auszetauschen, a virun allem bräicht den ARC e professionellt Sekretariat, well oft genuch stéisst de Benevolat u Limitten.“
CAL, ARC an LAC
De CAL huet d’lescht Joer am Oktober säin 130. Grënnungsjoer gefeiert. D’Roll vum CAL war an ass et, d’Konschtzeen zu Lëtzebuerg duerzestellen an se visibel ze maachen.
Den ARC Kënschtlerkrees besteet zanter 1959. Laang Zäit gouf d’Associatioun ënner dem Numm „Art Contemporain du Grand-Duché de Luxembourg“ gefouert. Aktuell huet den ARC iwwer 70 Memberen, bal duebel esou vill wéi nach viru 5 Joer. Opgepasst gëtt bei der Auswiel op d’Qualitéit, awer och op de soziale „Charakter“ vum Artist. Wichteg ass et dem ARC och, datt bal all Technike vertruede sinn: Molerei, Skulptur, Gravure, Foto, Cartoon, Graffiti, Video, Installatiounen, bis hin zu Leit, déi extreem multidisziplinär sinn an och am Beräich Musek oder Literatur ënnerwee sinn.
Déi drëtt vun deenen dräi méi grousse Vereenegungen ass den LAC, deen 1984 gegrënnt ginn ass an haut ronn 30 Memberen zielt. De Lëtzebuerger Artisten Center organiséiert hei am Land, awer och am Ausland, qualitativ héichwäerteg Ausstellungen a leescht eng grouss Aarbecht a puncto Informatioun a Konschterzéiung.