E bësse Melancholie war deemools ze spiere bei eisem Besuch an der Galerie Schortgen an der Escher Uelzechtstrooss viru ronn fënnef Joer: Net méi laang, da sollt de Besëtzer Jean-Paul Schortgen hei d’Dieren zoumaachen an eng Assurance d’Lokalitéiten iwwerhuelen. „Leider hate mir hei zu Esch net méi déi konschtinteresséiert Clientèle wéi an eisen Ufankszäiten, an d’Geschäft ass dofir net méi esou gutt gelaf“, seet eis den 1949 gebuerenen Escher, deem et ganz kloer déckdeet, senger Heemechtsstad mussen – geschäftlech gesinn – de Réck ze kéieren. An der Stad Lëtzebuerg dogéint, wou d’Galerie Schortgen an der Beaumontsgaass eng zweet Nidderloossung huet, gesäit dat ganz anescht aus, hei fanne sech nach ëmmer däitlech méi Leit, déi den Interessi an och de Budget fir de Kaf vu Konschtwierker hunn.
D’Geschicht vun der Galerie Schortgen geet zeréck bis an d’Joer 1941. Aus den Aktivitéite vun enger klenger Buchbënnerei am Escher Quartier Brouch, deen sech op héichwäerteg Encadrementer an edel Bicher–Abänn aus Lieder verstan huet, ass mat der Zäit den Interessi fir Konscht a Kënschtler erwuess. „Am Ufank huet een heiansdo eppes Klenges kaf, dann erëm verkaf … a sou ass dat weidergaangen“, erzielt de J.-P. Schortgen. Nodeems en sech ganz offiziell als Galerie an der Uelzechtstrooss niddergelooss hat, gouf och schonn déi éischt Expo mat Wierker vum Mars Schmit organiséiert. Well awer déi meescht etabléiert lëtzebuergesch Kënschtler scho mat anere Galerien zesummegeschafft hunn, huet ee sech missten druginn, fir nei Talenter ze fannen an ze fërderen.
Et kléngt e bësse wéi d’Fro vum Hong a vum Ee, wann ee freet: Kënnt de Kënschtler bei d’Galerie oder d’Galerie bei de Kënschtler? „Dat ass ganz verschidden“, esou den Här Schortgen. „Engersäits gi mir souzesoen all Dag vun Artisten ugeschriwwen, déi mat eis a Kontakt wëllen trieden, anerersäits entdeckt een awer och emol selwer en interessant Talent, zum Beispill op enger Konschtfoire am Ausland.“ Ee Beispill vun esou engem Kënschtler ass de belsche Sculpteur Stéphane Halleux, de Papp vum Personnage „Mr Hublot“. D’Karriär vun dësem Artist, dee mat sengem retrofuturistesche Wierk dozou bäigedroen huet, datt de Lëtzebuerger Film säin éischten Oscar krut, ass iwwer laang Jore vun der Galerie Schortgen ënnerstëtzt ginn. Aner Kënschtler, déi d’Galerie vertrëtt, sinn zum Beispill ënner anerem de Lëtzebuerger Moler Jerôme Cames an déi hollännesch Keramikkënschtlerin Ellen Van der Woude.
Sinn d’Kënschtler schwiereg am Ëmgang? Mat engem Schmunzele bestätegt eis de Jean-Paul Schortgen, datt un deem Viruerteel duerchaus eppes drun ass: „Do kéint ech Bicher driwwer schreiwen …“ Mee richtege Sträit gouf et awer nach ni, „ech hu kee streiderege Charakter, ech sinn nach mat jidderengem eens ginn“. De Galeriesbedreiwer lueft ausserdeem d’Loyalitéit vu „senge“ Kënschtler. „Et gëtt Leit, déi probéieren, d’Galerie ze court-circuitéieren, andeems se direkt un de Kënschtler eruntrieden, fir eppes ze kafen.“ Dat Spill maachen d’Artisten awer net mat – an honoréieren domat den organisatoreschen Opwand an d‘Investitiounen, déi d’Galerie Schortgen an si a virun allem an hiert Wierk gestach huet!
De Kontakt tëscht de verschiddene Lëtzebuerger Konschtgalerien ass dem J.-P. Schortgen senger Meenung no ganz gutt. „D’Galerien zu Lëtzebuerg bidden e wierklech breetgefächerte Programm, jiddereen op seng Aart a Weis, jee no individueller Konschtopfaassung.“ Dobäi ass Lëtzebuerg mat senger relativ grousser Zuel vu Galerien e bëssen eng „Konscht-Oas“, well ronderëm an der Groussregioun gesäit et do éischter méi moer aus.
„Mir sinn als Galerie ëmmer beméit, innovativ ze bleiwen, hunn eis awer an dëse wirtschaftlech méi schwieregen Zäite mat ze vill gewoten Experimenter e bëssen zeréckgehalen“, seet de Jean-Paul Schortgen a beklot an deem Kontext, datt et aktuell keng staatlech Subside fir Konschtgalerië gëtt. Mee wat net ass, ka jo nach kommen …
En Artikel vum Patrick Calzi
E bësse Melancholie ass ze spiere bei eisem Besuch an der Galerie Schortgen an der Escher Uelzechtstrooss: Net méi laang, da mécht de Besëtzer Jean-Paul Schortgen hei d’Dieren zou an eng Assurance iwwerhëlt d’Lokalitéiten. „Leider hate mir hei zu Esch net méi déi konschtinteresséiert Clientèle wéi an eisen Ufankszäiten, an d’Geschäft ass dofir net méi esou gutt gelaf“, seet eis den 1949 gebuerenen Escher, deem et ganz kloer déckdeet, senger Heemechtsstad mussen – geschäftlech gesinn – de Réck ze kéieren. An der Stad Lëtzebuerg dogéint, wou d’Galerie Schortgen an der Beaumontsgaass eng zweet Nidderloossung huet, gesäit dat ganz anescht aus, hei fanne sech nach ëmmer däitlech méi Leit, déi den Interessi an och de Budget fir de Kaf vu Konschtwierker hunn.
D’Geschicht vun der Galerie Schortgen geet zeréck bis an d’Joer 1941. Aus den Aktivitéite vun enger klenger Buchbënnerei am Escher Quartier Brouch, deen sech op héichwäerteg Encadrementer an edel Bicher–Abänn aus Lieder verstan huet, ass mat der Zäit den Interessi fir Konscht a Kënschtler erwuess. „Am Ufank huet een heiansdo eppes Klenges kaf, dann erëm verkaf… a sou ass dat weidergaangen“, erzielt de J.-P. Schortgen. Nodeems en sech ganz offiziell als Galerie an der Uelzechtstrooss niddergelooss hat, gouf och schonn déi éischt Expo mat Wierker vum Mars Schmit organiséiert. Well awer déi meescht etabléiert lëtzebuergesch Kënschtler scho mat anere Galerien zesummegeschafft hunn, huet ee sech missten druginn, fir nei Talenter ze fannen an ze fërderen.
Et kléngt e bësse wéi d’Fro vum Hong a vum Ee, wann ee freet: Kënnt de Kënschtler bei d’Galerie oder d’Galerie bei de Kënschtler? „Dat ass ganz verschidden“, esou den Här Schortgen. „Engersäits gi mir souzesoen all Dag vun Artisten ugeschriwwen, déi mat eis a Kontakt wëllen trieden, anerersäits entdeckt een awer och emol selwer en interessant Talent, zum Beispill op enger Konschtfoire am Ausland.“ Ee Beispill vun esou engem Kënschtler ass de belsche Sculpteur Stéphane Halleux, de Papp vum Personnage „Mr Hublot“. D’Carrière vun dësem Artist, dee mat sengem retrofuturistesche Wierk dozou bäigedroen huet, datt de Lëtzebuerger Film säin éischten Oscar krut, ass iwwer laang Jore vun der Galerie Schortgen ënnerstëtzt ginn. Aner Kënschtler, déi d’Galerie aktuell vertrëtt, sinn de Lëtzebuerger Moler Jerôme Cames an déi hollännesch Keramikkënschtlerin Ellen Van der Woude.
Sinn d’Kënschtler schwiereg am Ëmgang? Mat engem Schmunzele bestätegt eis de Jean-Paul Schortgen, datt un deem Viruerteel duerchaus eppes drun ass: „Do kéint ech Bicher driwwer schreiwen…“ Mee richtege Sträit gouf et awer nach ni, „ech hu kee streiderege Charakter, ech sinn nach mat jiddwerengem eens ginn“. De Galeriesbedreiwer lueft ausserdeem d’Loyalitéit vu „senge“ Kënschtler. „Et gëtt Leit, déi probéieren, d’Galerie ze court-circuitéieren, andeems se direkt un de Kënschtler eruntrieden, fir eppes ze kafen.“ Dat Spill maachen d’Artisten awer net mat – an honoréieren domat den organisatoreschen Opwand an d‘Investitiounen, déi d’Galerie Schortgen an si a virun allem an hiert Wierk gestach huet!
De Kontakt tëscht de verschiddene Lëtzebuerger Konschtgalerien ass dem J.-P. Schortgen senger Meenung no ganz gutt. „D’Galerien zu Lëtzebuerg bidden e wierklech breetgefächerte Programm, jiddwereen op seng Aart a Weis, jee no individueller Konschtopfaassung.“ Dobäi ass Lëtzebuerg mat senger relativ grousser Zuel vu Galerien e bëssen eng „Konscht-Oas“, well ronderëm an der Groussregioun gesäit et do éischter méi moer aus.
„Mir sinn als Galerie ëmmer beméit, innovativ ze bleiwen, hunn eis awer an dëse wirtschaftlech méi schwieregen Zäite mat ze vill gewoten Experimenter e bëssen zeréckgehalen“, seet de Jean-Paul Schortgen a beklot an deem Kontext, datt et aktuell keng staatlech Subside fir Konschtgalerië gëtt. Mee wat net ass, ka jo nach kommen…
En Artikel vum Patrick Calzi