De Gabriel Mayer, Besëtzer vun enger Händschefabrick, keeft den Terrain vum Fort Vauban a léisst e Pavillon drop opriichten a kuerz duerno gëtt mam Bau vun der haiteger Villa no de Pläng vum Jean-François Eydt ugefaangen.
Fotoen: Andrés Lejona, © Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg
Säit ronn 150 Joer scho präägt d‘Villa Vauban d‘Bild vun der Stad Lëtzebuerg. Hiren Numm geet zeréck op de Sébastien Le Prestre, Marquis de Vauban, dem franséische Festungsbaumeeschter ënner dem Ludwig XIV. Net datt de Marquis, dee ronn annerhalleft Joerhonnert virdru gelieft huet, och hei seng Fanger beim Bau am Spill gehat hätt! Vill méi ass d‘Haus op den Iwwerreschter, op deem vum Vauban op dëser Plaz erbaute Fort, engem Deel vun der deemoleger Festung, erriicht ginn. En Deel vun dëse beandrockende Mauere si bei den Aarbechte fräigeluecht a restauréiert ginn a kënne säitdeem am Keller vun der Villa bestaunt ginn.
Biergerlech Architektur aus dem 19. Joerhonnert an enger moderner Interpretatioun vum 21. Joerhonnert.
Vun 2005 bis 2010 ass déi representativ Villa net nëmme sanéiert a restauréiert, mee och vergréissert ginn. E modernen a beandrockenden Ubau aus Metall erweidert a vergréissert d‘Surface op bal dat dräifacht, an trëtt mat hirer moderner Architektur an e spannende Kontrast zur aler Bausubstanz.
Et fënnt een dësen Ensembel aus aler Villa a modernem Ubau matzen an engem Park vum franséische Gaardenarchitekt Édouard André (1840 – 1911), deen erëm a senger ursprénglecher Form rekonstruéiert gouf.
Awer d‘Villa huet net nëmme baussen e Facelift kritt. Och bei den ausgestallte Konschtwierker an den Ausstellunge sollt et no der Restauratioun an eng nei Richtung goen. An dëst aus guddem Grond. Well d‘Tabloen, déi d‘Stad Lëtzebuerg an der Vergaangenheet vum Tubakhändler a Banquier Jean-Pierre Pescatore, dem Banquier Leo Lippmann a vum Eugénie Dutreux-Pescatore geschenkt kritt hat, an hei säit 1959 ausgestallt waren, waren zum Schluss net méi wierklech e Publikumsmagnéit. Fir d‘Sammlung, déi am Weesentlechen aus hollännescher Molerei aus dem 17. Joerhonnert a franséischer Landschafts- a Geschichtemolerei aus dem 19. Joerhonnert besteet, war d‘Villa Vauban, déi als Privathaus konzipéiert war, net déi richteg Plaz. Déi ganz Sammlung, déi aus ronn 300 Biller besteet, konnt ëmmer just a Brochdeeler an deem vill ze klenge Musée gewise ginn. Och de Public huet ëmmer méi den Interessi un den Tableaue verluer. Zemools well se an den 1980er an 90er Joren oft vun Ausstellunge vu bekannte Kënschtler wéi Dalí, Chagall oder August Macke an den Hannergrond gedrängt goufen.
Deen neie Konzept konnt ee schonn an der éischter Ausstellung no der Restauratioun entdecken. „The Golden Age reloaded“ war eng Ausstellung iwwer déi hollännesch Molerei aus dem 17. Joerhonnert, dem gëllenen Zäitalter vum Land. Déi ganz Ausstellung bestoung zu engem Deel aus Tableauen aus der eegener Sammlung vum Musée, zesumme mat Wierker vum Rijksmuseum Amsterdam, déi vu Grafiken aus der Sammlung vum Von der Heydt-Museum vu Wuppertal vervollstännegt goufen. Zil vum Konzept ass et, déi bestoend Sammlung ëmmer op en Neits an de Kontext vu wiesselnde Wanderaustellungen ze integréieren.
Mat enger Fläch vun 2045 m² fënnt ee matzen an der Stad e klassescht Gebai, mat Gefill renovéiert a modern interpretéiert, ëmgi vun enger wonnerschéiner Gaardenanlag.
D‘Villa Vauban luet een an, klassesch Konscht an entspaanter Atmosphär am Häerz vun eiser Stad (nei) ze entdecken.
En Artikel vum Marc Wilgé
De Gabriel Mayer, Besëtzer vun enger Händschefabrick, keeft den Terrain vum Fort Vauban a léisst e Pavillon drop opriichten a kuerz duerno gëtt mam Bau vun der haiteger Villa no de Pläng vum Jean-François Eydt ugefaangen.
D‘Villa Vauban gëtt fäerdeggestallt.
De Gabriel Mayer verkeeft d'Proprietéit un de franséische Baron Charles-Joseph de Gargan a seng Fra Émilie Pescatore.
Geet d‘Villa an de Besëtz vun der Duechter Anne-Marie de Gargan iwwer. D‘Anne-Marie de Gargan gëtt spéider mam Norbert Le Gallais bestuet.
D‘Villa gëtt vun den Nazibesatzer confisquéiert an de Landwirtschaftsministère gëtt dran ënnerbruecht.
No der Befreiung duerch d‘amerikanesch Truppe wunnen d'Henriette Pescatore (1914-1984) an hire Mann, de Pierre Werner, während dräi Joer an der Villa.
D'Ierwe vun der Famill Le Gallais-de Gargan loossen d‘Miwwele vun der Villa versteeën.
Keeft d‘Stad Lëtzebuerg, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Famill Dutreux-Pescatore, d'Villa fir 5 Millioune Frang. Schonn deemools war geplangt, Konschtwierker aus der Sammlung Pescatore an der Villa auszestellen.
D‘Villa gëtt déi éischte Kéier renovéiert.
Sëtz vum Geriichtshaff vun der CECA.
De Geriichtshaff vun der CECA plënnert aus dem Gebai eraus.
D'Konschtsammlunge vun der Stad Lëtzebuerg konnte vun do un an der Villa ausgestallt ginn.
An dëse Jore gëtt de Palais an der Stad renovéiert an d‘Villa Vauban déngt an dëser Zäit dem Groussherzog Jean an der Groussherzogin Joséphine Charlotte als offiziell Residenz.
D‘Geschicht vum Palais fannt Dir am KONTERBONT Nummer 3, 2018 (Tourismus zu Lëtzebuerg).
An dëse 5 Joer gëtt d‘Villa fir ronn 14 Millioune sanéiert a renovéiert an no engem neie Konzept ëm- an ausgebaut. D‘Ausstellungsfläch bedréit elo 860m².
Aweiung vum „neie“ Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg der Villa Vauban.