Dat hei gleeft Dir mir elo sécher net, mee et ass awer alles genee esou geschitt – näischt ass gelunn oder iwwerdriwwen. Viru Kuerzem war ech mueres fréi um 7:15 Auer op der Cloche d’argent am Unterschwarz, fir e Kaffi ze drénken an en Zoossissbréitchen ze maufelen, an do hunn ech op eemol hannen am Eck de Superjhemp mat senger Zeitung gesi sëtzen. Den Här Unterschwarz selwer huet him eng Schmier mat Kachkéis laanschtbruecht an déi zwee hunn e puer Wierder gewiesselt. Déi Geleeënheet konnt ech mir als investigative Reporter vum Konterbont, der gréisster a wichtegster Dageszeitung vu Luxusbuerg, natierlech net entgoe loossen an ech hu mech virsichteg un dem Superjhemp säin Dësch erugeschlach. Wäit sinn ech allerdéngs net komm – de Lëtzebuerger Nationalheld hat mech séier erbléckst a mir e Stull ugebueden. Als Konterbont-Reporter fält ee mëttlerweil einfach iwwerall op. De Superjhemp huet wuel och fonnt, dass et héich Zäit wier, dass en authentesche Portrait vun him am Konterbont géif publizéiert ginn.
Wou fänkt een un, wann een e Liewe vun esou enger bekannter Perséinlechkeet wëll erzielen, wéi de Superjhemp se zu Luxusbuerg ass? Vläicht bei deem Moment, deen de Kachkéis-Genéisser am meeschte gepräägt huet. Seng Äntwert kënnt wéi aus der Flënt a se iwwerrascht mech och e bëssen: „De schéinste Moment vu mengem Liewen ass natierlech mäi Bestietnis mam Félicie. Hatt kennt mech jo als Charel Kuddel, Sous-chef premier en rang am Service fir hoffnungslos Fäll vum Ministère fir ongeléiste Problemer. Laang Zäit wosst meng Fra net, dass ech de Superjhemp wär.“ Domat thematiséiert de Lëtzebuerger am rout-wäiss-bloe Strampelkostüm och direkt e groussen Challenge vu sengem Liewen, deen am Spannungsfeld vu senge Funktiounen als Superheld a Familljepapp steet. Heiansdo géif et sech e bësse schizophreen ufillen, seet hien. „Eng duebel Perséinlechkeet ze hunn, ass net einfach. Mee ech hunn et bis elo awer zimmlech gutt gemeeschtert.“
Als Superheld brauch een natierlech Brigangen – wat géif ee soss de ganzen Dag maachen? De Bommeleeër an de Filip von Filoux sinn do zwee ganz Geféierlecher. De Bommeleeër taucht fréi am Superjhemp senger Karriär op a mengt et wierklech eescht, soss hätt en net wéilten déi gréisste Kachkéis-Fabrick vu Luxusbuerg an d’Luucht sprengen. „Dat war ganz dramatesch fir mech“, erënnert sech de Superjhemp, „eng Penurie vu Kachkéis ass meng gréissten Angscht.“ Dass d’Regierung de pechege Kéis aus China wollt importéieren, mécht d’Saach net besser. „Chineesesche Kachkéis! Wou komme mer dann do hin!“
De Bommeleeër ass awer eigentlech och eng ganz tragesch Figur. Se ass, wéi de Superjhemp et nennt, en Attentäter „de père en fils“, dee sengem Familljenoptrag wëll gerecht ginn. Ee vu senge Virfaren hätt jo wëllen derbäi hëllefen, den Caesar ëmzebréngen, mee e wär ze spéit gewiescht. Eppes, wat der Attentäter-Famill ëmmer erëm geschitt wär, ass, dass se ze spéit koum. An och dem Poli Sprock, also dem Bommeleeër, passéieren ëmmer Saachen, déi e sabotéieren. De Superjhemp erkläert: „Wéi e probéiert huet, d’Sëlwer Meedchen ze sprengen, do huet e Mupp em op d’Zündschnouer vu senger Bomm gepisst. Et ass net esou einfach, e gudden Attentäter ze sinn.“
De Filip von Filoux ass eng aner Nummer: Hien ass en eleganten a gewëtzte Gauner, deen net mat brutaler Gewalt virgeet, mee, wéi säin Numm et scho verréit, mat Tricken, Täuschungen an Intrigen. E kënnt ëmmer erëm – jiddefalls esou laang, bis en zum Schluss vum Superjhemp senger Heldekarriär vun engem Dinosaurier zermautscht gëtt.
Et ass allgemeng bekannt, dass de Luxusbuerger Superheld seng Kraaft duerch de Kachkéis kritt. Ouni dëse leefege Kéis, deen zu den nationale Kulturgidder gehéiert, kann hien z. B. net fléien. Dat erkläert natierlech seng gréissten Angscht. Op meng Fro, wat da säi Liblingsrezept mat Kachkéis wär, äntwert de Superjhemp: „Zu Luxusbuerg gëtt et e Restaurant, dee ‚Batucada‘ heescht. Déi hu mëttlerweil e Steak mat Kachkéis an deen heescht ‚Superjhemp-Steak‘. Dee musst Dir eemol iesse goen, deen ass phenomenal.“ Ech si mer net sécher, op de prominente Luxusbuerger mir hei net eng gekréckelt huet. De Restaurant fannen ech zwar am Internet, mee vun engem Superjhemp-Steak gëtt et keng Spuer.
Fir eisen Held ass de Kachkéis net nëmmen d’Quell vu senger Superkraaft, mee dat leefegt Lëtzebuerger Gold ass och en essentiellen Outil bei der Verbriechensbekämpfung. Eng vun dem Superjhemp senge Spezialattacke besteet nämlech doran, seng Géigner, déi sech wëllen aus dem Stëbs maachen, mat geziilt geheite Kachkéisschmieren un d’Maueren ze pechen.
„Zu Luxusbuerg ginn et keng aner Helden. Ech sinn deen eenzegen“, behaapt de Superjhemp, an e schéngt domat Recht ze hunn, well ech hunn nach ni een aneren hei am Ländche gesinn – an Dir? Am Ausland géif een allerdéngs vill aner Superhelde fannen. „De Superdupont ass e gudde Kolleeg. De Supermac aus Schottland, deen huet mir de Bernie geschenkt, mäin Hond, dee just Whisky drénkt. Et wonnert tatsächlech kee sech, dass hien och ka fléien – weeder meng Fra nach meng dräi Kanner.“ Vu senge Kanner ka just de Metti fléien. Dat wier normal, huet de Charel dem Félicie erkläert, well hien e Problem mat der Schwéierkraaft hätt, déi géif bei him einfach net wierken!
Op wéi ee Fall géing de Superjhemp sech dann haut konzentréieren, wann en net schonn zënter enger gewëssener Zäit an der Superheldepensioun wär? Géif e bei der Caritas ronderëmschnoffelen? Dozou huet eisen Nationalheld eng kloer Meenung: „Ech mengen, déi Sue si fort – dorunner kann esouguer ech näischt méi änneren.“ En iwwerleet kuerz a seet dann: „Ech mengen, mäi gréisste Géigner wär haut d’Kënschtlech Intelligenz.“ Op eemol rëselt en de Kapp: „Nee, dat stëmmt net, et gëtt nach en anere Géigner, deen ech méi fäerten, an dat ass d’mënschlech Dommheet!“ Okay, elo krut e mech, ech muss laachen – an de Superjhemp laacht mat.
Et bleift nach eng Saach ze klären, déi mech wierklech schwéier beschäftegt: Wéi war et dann elo wierklech mat der Joffer Lamesch? War do eng Kéier eppes – oder war dat alles just Abildung? „D’Joffer Lamesch ass mëttlerweil och an der Pensioun“, grinst de Superjhemp, „do ass ni eppes geschitt. Dir wësst jo, dass si sech duerno mam Schrobiltgen bestuet huet.“ Dat hat ech wuel vergiess. An an deem Moment héieren ech de Kachkéis-Held soen: „Do hunn ech meng Fangeren net méi am Spill.“ Moment – net méi? „Nee, guer net!“, verséchert de Superjhemp a verschléckt sech bal u senger Kachkéis-Schmier.
Well et an dëser Konterbont-Ausgab jo schliisslech ëm d’Lëtzebuerger Sprooch geet, geheie mir awer elo zum Schluss nach e Bléck op de Sproochwitz an de Superjhemp-BDen. Bon, mir fokusséieren eis virun allem op den éischte Band, an deem eisen Held et mam Bommeleeër ze di kritt – well als investigativ Journaliste vum Konterbont hu mir esou vill Recherchen ze maachen, dass fir méi Lektür keng Zäit méi iwwereg war! Mee Dir kënnt jo selwer an deenen anere BDen no witzegen Aussoe sichen.
Op där éischter Säit steet direkt ënnen: „D’Autoritéiten tappen am Däischteren an et ass kee Liicht um Enn vum Tunnel ze gesinn, vu que datt en nach net a Betrib ass!“ Am Bild ënnert dem Text gesäit een den Tunnel du St. Esprit, deen nach net op ass. Zweet Säit uewen, éischt Bild: „Enges mueres, (um) am Cabinet vum Justizminister …“ Kee Kommentar dozou. Op där selwechter Säit gëtt den Inspekter Schrobiltgen wierklech alles. Op eng Ausso vu sengem Kommissär Harespel „Bis elo krute mer Hiweiser aus der Géigend vun Déifferdeng …“ äntwert den Inspekter, a Gedanke verluer: „Déi verdéngen et net besser.“ An esou geet et riicht virun: „… Rëmeleng …“ „Bass de rëm eleng?“ „… Clierf …“ „Klief deem dach eng!!“
Dir gesitt, op wat ech erauswëll, hei wimmelt et nëmmen esou vu Sproochkomik. Dofir ass all Band och e lëtzebuergescht Sproocherliefnis!
En Artikel vum Heng Barone