Foto: © Leslie
D’Geschicht vun dësem YouTube-Channel geet zeréck op d’Corona-Zäit. Wéi de Lockdown hir Coursen am Lëtzebuergeschen abrupt ënnerbrach huet, wollt d’Leslie Schmit hire Schüler trotzdeem eng Léisung ubidden. „Ugangs war d’Iddi, fir Videoe fir meng Schüler als Ersatz ze maachen, mee wéi ech domadder ugefaangen hat, hunn ech mer geduecht: Firwat net en Channel doraus maachen, wou am Endeffekt méi Leit kënnen dervu profitéieren?“, erzielt si. Well d’Coursen am JIP (Jugendinfopunkt) zu Esch-Uelzecht scho gratis waren, wollt déi deemoleg Sproochestudentin an der Luxemburgistik dës Philosophie bäibehalen: eng Plattform fir jiddereen, op där ee Lëtzebuergesch léiere kann an déi keng Sue kascht. „Se ersetzt natierlech keng Präsenzcoursen“, betount si, „mee well ech selwer gär Sprooche léieren, fannen ech esou Saachen immens hëllefräich“, seet si weider.
Eng vun de gréisste Barriäre war fir si, sech iwwerhaapt virun d’Kamera ze trauen. „Ech hu vill iwwerluecht, ob ech mech soll weisen oder net, mee ech duecht mer: Am Endeffekt ass et och flott, wann d’Leit gesinn, mat wiem se et do ze dinn hunn – dat mécht et e bësse méi perséinlech.“ Eng aner Erausfuerderung war dee ganzen zäitlechen Opwand. Wat vill Leit nämlech net gesinn: Hannert all Video stécht immens vill Aarbecht. „Eleng den animéierte Video brauch véier bis sechs Stonnen, duerno kommen nach Intro, Editing a Voiceover derbäi. Oft geet schonn e ganze Weekend drop“, seet si. Ufanks, nieft dem Studium, war dat nach méi einfach, mee mat der Aarbecht gouf et ëmmer méi schwéier, alles ënnert een Hutt ze kréien. „Dofir hunn ech och elo méi eng laang Paus gemaach, well ech hu misse kucken, erëm e Rhythmus ze fannen, fir dorunner ze schaffen“, seet d’Journalistin vum Tageblatt.
Mat der wuessender Popularitéit koumen dann och nei Defien. „Op eemol bass de als Autoritéitspersoun an enger Saach ugesi ginn – domat misst een och emol eens ginn. Ech war dat wierklech net gewinnt“, erkläert si. D’Reaktioune vun der Communautéit hunn hir awer vill Freed gemaach, mee gläichzäiteg och Stress verursaacht. „Et setzt ee sech selwer ënner Drock, fir méiglechst vill a reegelméisseg ze updaten, all Froen ze beäntwerten – an dat geet op Dauer och un d’Energie.“ De positive Feedback huet d’Leslie Schmit awer motivéiert fir weiderzemaachen. Virun allem Leit, déi hiren Channel selwer benotzen, oder Leit aus dem Enseignement, déi hir Videoen als Ergänzung vun hire Coursë recommandéiert hunn, ware vun dëser Online-Offer begeeschtert. Negativ Reaktioune sinn dogéint kaum komm: „Bis op eng Handvoll Leit hunn ech wierklech näischt Negatives héieren. Et ass schéin, ze gesinn, dass ech domat eppes Positives an d’Welt setze konnt“, seet si.
No enger méi laanger Paus wëll si elo nees mat méi Rou a Freed un hire Projet erugoen. „Den Channel bleift jo am Fong en Hobby – an dat soll och Spaass maachen. Mäin Zil ass et, fir iergendwann nees ze starten, ouni mech ënner Drock ze setzen, fir onbedéngt all Woch e Video ze produzéieren.“ Iddien huet si genuch: „Zum Beispill Mini-Reportagen, déi op Apprenanten zougeschnidde sinn, déi schonn e bësse méi wäit an hirem Apprentissage sinn.“ Fir de Moment geet et awer drëm, sech net ze iwwerlueden. D’Freed um kreative Schaffen ass nämlech nach ëmmer bliwwen. „U sech mécht de ganze Prozess mir immens vill Spaass. Ech kniwwele gär u kreative Saachen, an och wann et ustrengend ass, ass et flott ze wëssen, dass ee produktiv ass an dobäi och nach eppes fir aner Leit mécht.“ D’Apprenantë wiere sécherlech frou doriwwer, wa se gläich nees neit Material ze gesi kréichen.
Foto: © Anne
Ech hu wärend dem Schouljoer 2012-2013 am Institut national des langues Luxembourg (INLL) d’Ausbildung „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ (ZLSK) (haut „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren“ [ZLLL]), gemaach a säit 2013 halen ech Lëtzebuergesch-Coursen. Meng Motivatioun ass entstanen, wéi Eltere vu Kanner, deenen ech 2011-2012 Märercher op Lëtzebuergesch erzielt hunn, mech gefrot hunn, hire Kanner d’Sprooch bäizebréngen. Dat huet mir immens Spaass gemaach an ech hat och vill Erfolleg domadder. Mat der Zäit hunn déi selwecht Eltere mech du gefrot, och hinnen d’Sprooch bäizebréngen a se op de Sproochentest virzebereeden.
All Ufank als Independant erfuerdert vill Effort a Gedold. Fir mech beschtens drop virzebereeden, hat ech mech informéiert an dunn dofir entscheet, den ZLSK am INLL ze maachen, fir esou als Enseignante Lëtzebuergesch-Coursen halen ze kënnen. Mam Certificat an der Hand hunn ech Coursen a verschiddene Gemengen a Firme gehalen an dobäi wichteg Kontakter mat Leit a potenzielle Clienten opgebaut. Mäi Beruff ass séier zu enger richteger Passioun ginn – an dat hunn d’Leit och gespuert. Si waren immens zefridden an hunn hire Frëndeskreesser dëst matgedeelt.
Wat mir am Ufank am meeschte Spaass gemaach huet, war virun allem, d’Coursen ze halen an d’Fortschrëtter a Resultater vun de Clienten ze gesinn. Well ech awer mam deemolege Léiermaterial um Maart net ganz zefridde war, hunn ech decidéiert, meng eege Methodologie ze entwéckelen. Wéi ech 2017 mam A1-Léiermaterial ugefaangen hunn, huet mech dat esou passionéiert, datt et séier zu menger Prioritéit gouf. Säitdeem hunn ech méi wéi 7 Online-Coursen entwéckelt, vun A1 bis B1, an e Sproochentest-Virbereedungs-Programm fir Ufänger. Aktuell sinn ech dobäi, mäin zweeten Online-Cours „D’lëtzebuergesch Sprooch op der Aarbecht“ ze entwéckelen.
Eng grouss Erausfuerderung war, där ëmmer méi grousser Nofro fir Coursen nozekommen. Ech hunn zwee Joer investéiert, fir e staarkt Team opzebauen, dat ech selwer ugeléiert a koordinéiert hunn. Well dat awer immens vill Zäit an Energie gefuerdert huet, hunn ech schlussendlech eng Managerin agestallt. Esou kann ech mech haut nees voll op meng Passioun konzentréieren: meng 1:1-Clienten, Online-Coursë kreéieren, Podcast-Episoden an nei Workshops virbereeden.
Jo, 2013 hunn ech virun allem Coursë fir Kanner a Jugendlecher gehalen. Lues a lues hunn ech awer ëmmer méi Demandë vun Erwuessene kritt, déi sech op de Sproochentest virbereede wollten. Zënter 2018 ginn ech och Lëtzebuergesch-Coursen an Administratiounen a Banke souwéi an Entreprisen an Etüden.
Schwéier ze soen! Wann ech d’Kanner mat arechnen, géif ech graff tëscht 2.000 an 2.300 schätzen.
Jo, verschidde Clientë wollten onbedéngt a Kontakt bleiwen, nodeems se hiert Zil erreecht haten. An esou treffen ech mech 1-2 Mol d’Joer mat hinnen.
Jo, am Ufank hunn ech mech op d’Sproochentest-Virbereedung konzentréiert. Mee mat der Zäit hunn ech gemierkt, datt vill Leit net just den Exame packe wëllen oder en Zertifikat brauchen, mee och Lëtzebuergesch an hirem Alldag oder op der Aarbecht wëlle fléissend léiere schwätzen. Dowéinst schaffen ech zënter Ufank des Joers un zwee Online-Coursë mam Titel „D’lëtzebuergesch Sprooch op der Aarbecht“, well d’Demande an deem Beräich däitlech geklommen ass. Ausserdeem hunn ech am Abrëll de „Speak Business Luxembourgish Confidently Club“ gegrënnt. Dee riicht sech u Leit, déi eng berufflech Aktivitéit hei hunn an déi net nëmme Wierder wëlle léieren, mee Vertrauen an d’Sprooch entwéckele wëllen.
Den Ament läit mäi Fokus op „Lëtzebuergesch op der Aarbecht“. Hei wëll ech nach méi Online-Coursen a praktesch Ressourcë fir verschidde Secteuren entwéckelen. Gläichzäiteg soll de „Speak Business Luxembourgish Confidently Club“ ausgebaut ginn, fir eng staark Communautéit ze schafen. An natierlech bleift mäi Podcast och eng Prioritéit, fir datt d’Leit flexibel am Alldag kënne léieren.
Artikel an Interview vum Laurent Neiertz