Placeholder Dummy template

Spätzle mat Wäinzoossiss & Kachkéiszooss – dem Superjhemp säi Liblingsplat

Eng Schueberfouer-Visitt mam Max Feller

Wéi mir erausfonnt hunn, dass et direkt den zweeten Dag op der Schueberfouer en Event mam Superjhemp am Schla’Winer géif ginn, do hu mir eis et net huele gelooss, dohinzegoen, fir dem Nationalheld säi Liblingsiessen ze schmaachen. Mat dobäi hate mir de Max Feller, e Lëtzebuerger Museker a Komiker, deen nach bal méi e grousse Fan ass wéi d’Redaktioun vum Konterbont. De Max Feller huet de Menü exklusiv fir eis getest.

Et war e memorabelen Owend. D’Prominenz vu Lëtzebuerg, pardon Luxusbuerg, huet sech am Schla’Winer versammelt, fir hiren eenzege Superheld ze feieren a mat him zesummen e gudde Maufel z’iessen. An deem Moment, wou de Superjhemp um éischte Stack vum Restaurant gelant ass, hunn net nëmmen de Jean-Louis Zeien, den Direkter vu Fairtrade Lëtzebuerg (hien hat de Kachkéis-Held agelueden), an de Lucien Czuga, dem Superjhemp säi Papp, wéi wëll an d’Hänn geklappt, mee och de Rescht vun där illustrer Gesellschaft.

De Superjhemp hat dann och direkt nach e wichtege Message fir d’Luxusbuerger*innen: Hien huet deklaréiert, dass en zu 100 % hannert der Fairtrade-Iddi géif stoen, an huet all de Leit am Restaurant nogeluecht, dat selwecht ze maachen. „Sidd och Heldinnen an Helden“, huet de Superjhemp där versammelter Gesellschaft zougeruff. D’Leit hu begeeschtert applaudéiert an de Lucien Czuga hat bal e puer Tréinen an den Aen, wéi e säi Bouf gesinn huet esou eng engagéiert Ried halen.

Nodeems déi limitéiert an extra fir dësen Owend produzéiert Fairtrade-Superjhemp-T-Shirten ënnert d’Leit bruecht gi waren, ass et mam exklusive Fairtrade-Menü lassgaangen: Eng Tomaten-Zalot, flankéiert vun engem Kachkéis-Toast, war den éischte Gang. Dono sinn et déi phenomenal Spätzle mat Kachkéis-Zooss ginn – mat Wäinzoossiss op Wonsch. An zum Schluss speziell Superjhemp-Kichelcher vu Jos & Jean-Marie. De Superjhemp huet wéinstens dräi Portioune Spätzle verdréckt. „Ech muss fir den Owend fit sinn, wann ech nach hei op der Fouer gebraucht ginn“, huet e gelaacht a sech dobäi op säi Kachkéis-Bauch geklappt.

Dem Max Feller, deen nach ganz dovu berauscht war, dass hie fir säi Bouf e Superjhemp T-Shirt ergattert hat – allerdéngs an der Gréisst „M“, wat net schlëmm ass, well an esou en T-Shirt muss een erawuessen! –, huet et genausou gutt geschmaacht. Dofir huet hie séier nom Rezept gefrot, dat mir Iech hei presentéiere wëllen.

Eng Reportage vum Max Feller an Heng Barone

Spätzle mat Wäinzoossiss a Kachkéiszooss

(fir 4 Persounen)

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.