Placeholder Dummy template

Open Space a Wuelfill-Plaz

Eng Visitt am Café des langues

Sproochecaféë sinn „the place to be“, wann een op eng labber Aart a Weis wëll eng nei Sprooch léieren. Op ville Plazen am Land fënnt een hautdesdaags déi sougenannt Cafés des langues. Ech hu mech an dee vum Mudam gesat a mech mat de Leit ënnerhalen, déi hei als Friemer beieneekommen an als „language buddies“ nees erausginn.

Wat hunn de Komlanui, de Mateo, d’Nidhi, de Rei, de Freedom, d’Lourdes an d’Carolina all gemeinsam? Richteg, si souzen am Summer all zesummen am Café des langues am Mudam, fir hei hir Sproochekenntnisser ze verbesseren. En Togolees, e Peruaner, eng Inderin, en Taiwanees, en Eritreeër, eng Kolumbianerin an eng Italieenerin mat argentinesche Wuerzelen un engem Dësch, dat gesäit ee vläicht net oft, et representéiert awer gutt de Mix vun Nationalitéiten a Kulturen, déi een zu Lëtzebuerg fënnt. All leschte Mëttwoch am Mount treffen d’Mediateure vum Mudam a vun der ASBL RYSE sech mat Privatpersounen am Musée um Kierchbierg, fir hei fir d’éischt eng kleng Visitt vun enger Expo ze maachen an duerno bei engem Kaffi ze poteren.

„De Café des langues ass kee Sproochecours a mir sinn hei net an der Schoul, mee et ass en Open Space, an deem d’Leit sech solle wuel fillen“, erkläert d’Nathalie Lesure, Beoptraagt fir Mediatioun vum Mudam. Ob ee schonn eng kleng Basis am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen oder Engleschen huet oder net, ass egal – déi eng kommen nieft hire Sproochecoursen, fir hire Vocabulaire nach ze verfeineren, anerer versti just e puer Wierder a wëllen d’Sproochen ausserhalb vun engem Klassekontext léieren, nach anerer hunn einfach Loscht, nei Leit kennen ze léieren a mat dësen an engem labbere Kader ze diskutéieren. Fir de Café des langues gëtt et keng Viraussetzungen: Et mellt ee sech un, et kënnt een dohin an et huet een eng gutt Zäit.

Bis zu 20 Leit kënnen am Café am Mudam matmaachen. Heiansdo sinn der moies just véier ugemellt, owes sëtzen der dann awer 15 do, well RYSE och ëmmer eege Leit matbréngt. No der Visitt geet et da lass mat enger kuerzer Virstellungsronn a klengen Ziedele mat Froen, quasi einfach „conversation starters“, déi en Theema kënne virginn, awer net musse genotzt ginn. „Jidderee soll iwwer dat schwätzen, op dat e Loscht huet“, betount d’Nathalie. Um Lëtzebuergesch-Dësch gëtt direkt e klengt Bild interpretéiert, wat op Erklärungen zum Sproochekontext vum Grand-Duché iwwerleet. Wie sech nach net gutt op Lëtzebuergesch kann ausdrécken, kritt gehollef oder dierf einfach an enger anerer Sprooch deelhuelen – vum Mediateur gëtt et dann eng Iwwersetzung, esou dass kee vum Gespréich ausgeschloss ass, awer jiddereen zum Schluss vum Owend trotzdeem e puer Wuert geléiert huet.

Um engleschen Dësch leeft d’Diskussioun scho méi fléissend, well déi meescht hei eng gutt Basis hunn. Flott, well da kann och emol iwwer méi e komplexe Sujet geschwat ginn, zum Beispill wat Hoertransplantatiounen an der Tierkei mat eisem Schéinheetsideal ze dinn hunn a firwat och do Feminismus eng Roll spillt. Et gëtt vill gelaacht, gegeckst a sech iwwer déi verschidde Gebräicher a Kulturen ausgetosch – natierlech net, ouni op de „Wierder-Cocktail“ vu Lëtzebuerg ze schwätzen ze kommen, e Klassiker. Ech setze mech un de franséischen Dësch bei d’Leit, deenen hir Nimm ganz am Ufank vum Artikel gefall sinn. De Komlanui ass hei de Mediateur an huet säit senger Arrivée zu Lëtzebuerg iwwer 100 verschidden Nationalitéiten am Café des langues vum Mudam kenne geléiert. „Hei entsteet e richtegt Netzwierk an duerno trëfft een d’Leit och mol op anere Plazen, dat ass richteg flott“, esou de gebiertegen Togolees.

Mir maachen eng kleng Virstellungsronn. D’Carolina ass déi éischte Kéier dobäi, fënnt awer direkt Uschloss, well och d’Lourdes an de Mateo aus Latäinamerika kommen a Spuenesch schwätzen. D’Italieenerin, déi an Argentinie gebuer gouf, schwätzt op Englesch, mee versteet villes, esou dass si dem Lourdes Saache kann iwwersetzen. „Ech brauch fir meng Aarbecht Franséisch a fannen de Mudam super, dat passt also“, seet d’Italieenerin. D’Lourdes, hir Dëschnopesch, kënnt aus Kolumbien an ass eréischt zanter dräi Méint am Land. „Schwätzt wannechgelift lues, well da verstinn ech dat meescht“, seet hatt zu deenen aneren, well säin Zil ass et, seng Franséisch-Kenntnisser duerch vill Nolauschteren ze verbesseren.

Nieft him sëtzt de Freedom. Hie kënnt ursprénglech aus Eritrea a mécht grad eng Léier am Chauffage- a Sanitärberäich. „Ech war schonn eng Kéier hei am Café, do souz ech um engleschen Dësch. Haut sinn ech beim franséischen derbäi an d’nächst Kéier léieren ech gär Lëtzebuergesch, well Sproochen interesséiere mech“, esou de Freedom. Och de Rei fënnt et spannend, nei Wierder ze léieren, a sicht am Café des langues geziilt no Opportunitéiten: „Op der Aarbecht schwätze se quasi all Englesch, esou dass ech do net vill Franséisch ze schwätze kréien. Dat hei gëtt mir d’Méiglechkeet ze üben.“ Geleeënheete fir ze üben huet d’Nidhi mat engem franséische Partner zwar eigentlech genuch, ma och d’Inderin freet sech iwwer nei Rencontren a brauch Franséisch, fir eng Aarbecht zu Lëtzebuerg ze fannen.

„Et ass vill méi einfach, mat de Leit ze connecten, wann een hir Sprooch schwätzt, en plus léiert een hei Leit kennen, déi ee soss vläicht net getraff hätt, an dat ass einfach nëmme mega“, esou d’Inderin. De Mateo gesellt sech e bësse méi spéit bei d’Grupp, gëtt awer och direkt frëndlech empfaangen an dierf un der Diskussiounsronn deelhuelen. Et geet – passend zur Location – als éischt ëm de Liblingsmusée, ob ee léiwer Konscht, Wëssenschaft oder Geschicht gesäit. Direkt entsteet e flott Gespréich an engem interessante Sproochemix: Franséisch ass natierlech dominant, wien awer e Wuert net weess, schwätzt op Spuenesch, Englesch oder mat Hänn a Féiss. Et ass nämlech egal, wéi ee matenee kommunizéiert – Haaptsaach, et gëtt geschwat.

De But vu Sproochecaféen ass nämlech ëmmer dee selwechten: Leit zesummebréngen an duerch den Austausch d’Angscht virum „Falsch-Ausdrécken“ huelen. Wärend et mëttlerweil Cafés des langues a quasi all gréisserer Gemeng am Land gëtt, ass d’Location am moderne Konschtmusée natierlech zousätzlech eng flott Geleeënheet, fir och de kulturellen Aspekt mat afléissen ze loossen, an dat gefält de Leit besonnesch gutt. Den Ënnerscheed zu engem reguläre Cours: D’Sprooch gëtt natierlech vermëttelt, an authentesche Gespréicher, déi och Alldagsexpressiounen a Subtilitéite vermëttelen. „De Virdeel ass och, dass op all Dësch ee bis zwee Mediateure sëtzen an d’Leit doduerch vill méi Opmierksamkeet kréie wéi an engem normale Cours“, fënnt d’Nathalie, dat säit Januar de Café des langues am Mudam begleet a sech sécher ass, dat eent oder anert Gesiicht och nach e puermol hei erëmzegesinn.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.