 
															Fir dës Spueresich huet de Konterbont sech mam Jeff Schinker getraff, deen net nëmme fräischaffende Journalist a Koordinator fir de Beräich „Musek a Kultur“ beim radio 100,7 ass, mee eeben och den aktuelle President vun der Associatioun Lëtzebuerger Literatur (ALL), a bis ewell Romaner, Erzielungen an Theaterstécker verëffentlecht huet. Hei sinn eis fënnef Diskussiounspunkten – et ass keng ofgeschlosse Lëscht, mee et handelt sech ëm Perspektiven, Theesen a Reflexiounen zu engem literaresche Phänomeen, dat kontinuéierlech an der Entwécklung ass:
Fir de Jeff Schinker fänkt déi zäitgenëssesch LoL an den 80er-Joren un. Dobäi wär awer direkt ze betounen, dass et déi eng Literatur zu Lëtzebuerg net gëtt, mee eebe Lëtzebuerger LiteraturEN, déi wéinstens a véier Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch) geschriwwe ginn. „Fir mech geet déi zäitgenëssesch LoL virun allem mam Nico Helminger lass, awer och mam Roger Manderscheid, mam Guy Rewenig a mam Pol Greisch. Den Nico Helminger ass warscheinlech deen Auteur, deen am meeschte mat der Sprooch jongléiert an experimentéiert. Fir mech huet de Guy Rewenig do eng méi klassesch Approche. Déi Ausso berout natierlech op subjektiven ästheeteschen a literaturkritesche Präferenzen. Eng aner Perspektiv wär eng méi wëssenschaftlech, also literaturhistoresch.“
Et fält hei séier op, dass de Jeff Schinker, wann et ëm d’Ufäng vun der LoL geet, effektiv nëmmen Auteuren opzielt. Ass dat en Zoufall, eng perséinlech Präferenz – oder gëtt et fir déi Zäitperiod och nach eng kulturhistoresch Erklärung?
De Jeff Schinker fënnt déi Fro interessant a seet, dass et net evident wär, dorop spontan eng Äntwert ze fannen. Hie probéiert et esou: „Lëtzebuerg ass an eenzelne Beräicher nawell relativ réckstänneg – an aneren awer ganz innovativ. Literaturgeschichtlech gekuckt gëtt et vläicht eng gutt Erklärung, firwat et am europäeschen Ausland bis an dat fréit 20. Joerhonnert net vill weiblech Stëmmen an der Literatur ginn. Dat ass e Resultat vun der misogynner gesellschaftlecher Stellung, déi zu där Zäit fir d’Frae reservéiert war. Dowéinst hu Frae jo och oft ënnert engem männleche Pseudonym verëffentlecht.“
D’Lëtzebuerger Literatur wär e gutt Stéck méi jonk wéi déi an de Länner ronderëm de Grand-Duché. An déi Evolutioun, déi sech an anere Länner laang gezunn hätt, géif zu Lëtzebuerg souzesoen am Schnellduerchlaf gemaach ginn – mee wat déi weiblech Stëmmen an den 80er‑Jore géif ubelaangen, do hätt eist Land eebe missen e Retard ophuelen, och wann et mat der Anise Koltz net just eng wansinneg talentéiert Schrëftstellerin, ma esouguer mat déi bedeitendst lëtzebuergesch Dichterin gi wier, esou dem Jeff Schinker seng Hypothees, déi een iwwerpréiwe misst. Mëttlerweil hätt sech déi Situatioun awer geännert an et wäre méi Schrëftstellerinnen ze fannen: d’Claudine Muno, d’Nora Wagener, d’Nathalie Ronvaux, d’Ulrike Bail, d’Anne-Marie Reuter etc.
Dëse Punkt ass méi kloer: Vu wierkleche literaresche Stréimunge kéint een zu Lëtzebuerg net schwätzen. De Jeff Schinker bréngt erëm den Nico Helminger als Beispill – mir hunn et hei wierklech mat engem Fan ze dinn. „Natierlech ginn et beim Helminger Aflëss vu baussen. Fir mech ass hie ganz vill vum Postmodernismus beaflosst. Mee et gëtt awer elo zu Lëtzebuerg net wierklech e postmoderne Courant. Dofir ginn et ze wéineg Auteur*innen, déi esou enger Stréimung kënnen zougeuerdent ginn.“
Méi richteg wär et, vun individuelle Positionéierungen ze schwätzen, déi an der Traditioun vun enger anerer Schrëftstellerin, engem anere Schrëftsteller géife stoen. (Wien dat fir de Jeff Schinker ass, ass elo wierklech kee Geheimnis méi.) Beim Samuel Hamen kéint ee beispillsweis eng Traditiounslinn mam Guy Rewenig opmaachen. De Jeff Schinker skizzéiert mat senger Iwwerleeung eng staark individualiséiert Literaturzeen zu Lëtzebuerg, déi wéi e konterbonte Mosaik wierkt.
Vun nationalem Houfert wëll de Jeff Schinker elo wierklech net schwätzen, mee hien ass awer der Meenung, dass Lëtzebuerg fir seng kleng Gréisst eng ganz lieweg literaresch Zeen huet. De Grand-Duché wär wéinst dem allgemenge Wuelstand wéi e Magnéit fir jonk an talentéiert Leit. Den Afloss vum europäeschen Ausland (awer och doriwwer eraus) wär deemno grouss, dat géif scho bei der Migratioun vu Leit aus Italien a Portugal ufänken. „Ee vun de bedeitendste Lëtzebuerger Auteuren ass de Jean Portante, e ‚fils d’immigrés‘, deen déi italieenesch Migratiounsgeschicht op Lëtzebuerg literaresch verschrëftlecht huet. Esou Erzielunge maachen eis Literatur staark. Si ass definitiv ëmmer och e Resultat vu Leit, déi vu baussen an de Grand-Duché erakommen.“
Wat de Jeff Schinker domat am Kär thematiséiert – an dee Punkt ass bemierkenswäert –, ass, dass d’LoL ëmmer eng interkulturell Literatur ass, an dat och, wann d’Schrëftsprooch Lëtzebuergesch ass. Dann huet en nach eng „béis“ an e bëssen ironesch Theorie, dass déi beschte Lëtzebuerger Literatur oft aus dem Minett géif kommen. An dat, well eeben hei e wichtege Konzentratiounspunkt vun der Migratioun gewiescht wär – dass hie selwer aus dem Minett kënnt, soll elo vun dëser interessanter Thees net oflenken.
Ass d’Lëtzebuerger Sprooch als literaresch Sprooch sënnvoll oder huet se ze vill Contrainten, ass se ze limitéiert? Wann ee gewinnt ass, Literatur op Däitsch, Franséisch oder Englesch ze produzéieren, ass et am Ufank net evident, fir op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Oft kënnt et da vir, dass ee Wierder aus der gewinnter Schrëftsprooch automatesch an d’Lëtzebuergescht integréiert. Natierlech kann een domat och kreativ spillen – all Sprooch ass jo eppes Lieweges, dat sech stänneg weiderentwéckelt.
De Jeff Schinker huet hei eng kloer Positioun: All deene Leit, déi mengen, d’Lëtzebuergescht wär keng Literatursprooch, schenkt hie ganz gären – Dir wäert et séier erroden – e Buch vum Nico Helminger, zum Beispill Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge. „Dat Buch ass e Freedefeier vun der Lëtzebuerger Inventivitéit[2]“, resüméiert hien. „Ech hätt virdrunner net geduecht, dass esou eppes op Lëtzebuergesch méiglech ass“ – esou de Feedback vu Leit, déi d’Buch gelies hunn.
Et wär och méiglech, déi Limitatiounen, déi ee bei der Lëtzebuerger Sprooch huet, als Chance ze gesinn. Wann een an enger Sprooch géif schreiwen, an där een e gewëssenen Automatismus huet, da kéint dat sech negativ op d’literaresch Qualitéit auswierken. Dat heescht: D’Routine iwwerhëlt, d’Innovatioun bleift aus. D’Lëtzebuergescht mécht allerdéngs mat deem, dee schreift, eppes aneschters: Et fuerdert eraus, fir d’Grenze vun der Sprooch ze testen a se am beschte Fall ze iwwerwannen. Kreativitéit ass gefuerdert.
Et géifen nach vill weider Punkten ze diskutéiere ginn, wéi zum Beispill: Wat huet d’Kënschtlech Intelligenz fir en Afloss op d’LoL? Mëttlerweil ginn et jo Outile wéi d’Sproochmaschinn, déi geschwatent Lëtzebuergesch kënnen transkribéieren oder eebe Lëtzebuerger Text a geschwate Sprooch ëmwandelen. Ausserdeem wär et spannend, e Bléck an d’Zukunft vun der LoL ze geheien – esou eng Perspektiv ass allerdéngs och ëmmer e Bléck an d’Glaskugel. Oder et kéint ee sech Romaner, Erzielungen, Theaterstécker a Comicken, déi op Lëtzebuergesch verëffentlecht gi sinn, am Detail ukucken, fir erauszefannen, ob et net awer esouwuel thematesch wéi och formal‑ästheetesch Iwwerschneidunge ginn, déi op eng spezifesch literaresch Traditioun verweisen. Egal wéi ass d’LoL e spannend potenziellt Fuerschungsfeld, dat een net aus den Ae soll verléieren.
En Artikel vum Heng Barone
Infobox
D’Associatioun Lëtzebuerger Literatur ass 2020 gegrënnt ginn a gesäit sech, wéi et op hirer Websäit heescht, an der „Traditioun vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband“, si „setzt sech fir d’Revendicatiounen an d’Rechter vun de Schrëftsteller*innen an, déi zu Lëtzebuerg enger reegelméisseger literarescher Aktivitéit noginn“. Zanter dem Grënnungsjoer 2020 ass d’ASBL konventionéiert. Déi lescht Jore stoung ëmmer erëm den administrativen Opbau an d’Etabléierung vun der neier Associatioun am Vierdergrond, wat extreem zäitintensiv war, esou de Jeff Schinker. Mat Bléck op d’Professionaliséierung wär vill geschitt: „Mir hu Musterverträg fir d’Theaterstécker-Schreiwen ausgehandelt, mir hu Recommandatioune fir Tariffer fir Liesunge verëffentlecht a mir hunn derfir gesuergt, dass d’Dotatioun vu verschiddene Bourssen eropgeet.“
[1] Bei dësem Punkt ass dorop opzepassen, dass dem Jeff Schinker seng Äntwert sech an éischter Linn op d’Lëtzebuerger Literatur insgesamt bezitt. Dovunner ass d’LoL natierlech en Ënnerberäich. An effektiv ass et interessant, sech d’Fro ze stellen, firwat dann net méi Autorinnen op Lëtzebuergesch schreiwen.
[2] Ech mengen, dat Wuert ass en Neologismus vum Jeff Schinker. Am LOD ass et (nach?) net ze fannen.