Placeholder Dummy template

E méi entspaanten Ëmgang mat der Sprooch

D’Linguistin Caroline Döhmer iwwer d’Genderen am Lëtzebuergeschen

Caroline Döhmer

„Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Päerd an engem Blëtz?“ „Ech hu wierklech keng Anung – ginn et iwwerhaapt Gemeinsamkeeten?“ „D’Päerd schléit aus, de Blëtz schléit an!“ Ech sëtze bei der Linguistik-Professesch (ob een dat iwwerhaapt esou seet, dozou gläich méi) Caroline Döhmer um Belval an der Maison des Sciences Humaines am Büro a lauschteren hir beim Erziele vu Sproochwitzer no. Dass ausgerechent e Päerd an engem Witz virkënnt, iwwerrascht mech net, well ech entdecke mindestens zwee Biller vum Caroline Döhmer mat engem Päerd hei am Raum. Op deem enge Bild gesinn ech, wéi ech erkläert kréien, e klengt Islandpäerd. 35 Joer ass et al a gro op der Stier. Dat sinn dem Caroline Döhmer seng zou Passiounen: d’Sproochen, virun allem déi lëtzebuergesch, a Päerd. Hei wëlle mir eis awer op d’Lëtzebuerger Sprooch konzentréieren – méi genee op d’Thematik vum Genderen a wat et bedeit, sproochsensibel ze iwwerleeën.

Caroline Döhmer

Ass Genderen en Theema zu Lëtzebuerg?

Wann een an Däitschland eriwwerkuckt, dann ass d’Gender(-en)-Thematik zu engem explosive gesellschaftlechen Debat ginn, deen e scheinbar oniwwerbréckbare Käil tëschent divers Persounegruppe geheit. Zu Lëtzebuerg schéngt dat manner de Fall ze sinn. Éier mir probéieren, eng Äntwert op d’Fro ze fannen, ob d’Genderen zu Lëtzebuerg thematiséiert gëtt, ass et wichteg, kuerz dorop anzegoen, wat dann iwwerhaapt konkreet mat de Begrëffer Gender an genderen gemengt ass. Gender ass, ganz einfach gesot, eng Bezeechnung fir e soziaalt Geschlecht, dat sech vun deem biologeschen ënnerscheede kann. „Genderen ass de Versuch, d’Sprooch esou ze benotzen, dass se eng méi komplex Realitéit adäquat ofbilt. Dat ass vun der Iddi hier ganz schéin, mee am Prakteschen immens komplizéiert“, erkläert d’Linguistin Caroline Döhmer. Beim Gendere geet et also ëm méi eng prezis sproochlech Representatioun vun eiser physescher Welt.

Laut der Sproochwëssenschaftlerin ass d’Genderen als Sproochpraxis zu Lëtzebuerg manner en Theema, well mir d’Lëtzebuerger Sprooch net esou oft a formale Kontexter gebrauchen, mee éischter am private Beräich. Dat heescht, et gi keng zouverlässeg Donnéeën, déi weise kéinten, wéi déi privat Kommunikatioun mat Bléck op d’Gendere funktionéiert. „Den Debat ëm d’Gendere geet jo beispillsweis an Däitschland dorëm, wéi d’Sprooch an der Schoul, op den Unien oder an der Verwaltung soll ugewant ginn. Bei eis am Land ass geschriwwent Lëtzebuergesch net wierklech eng Schoulsprooch an op der Uni ass et just eng Schrëftsprooch an der Luxemburgistik.“ An deem Kontext huet et d’Caroline Döhmer trotzdeem verwonnert, dass si bis elo just eng Student*innenaarbecht (oder awer léiwer Studentenaarbecht oder Studienaarbecht, mee ass dat net éischter däitsch?) gelies huet, an där gegendert ginn ass. „Dat huet mech e bëssen iwwerrascht, well ech sinn dervun ausgaangen, dass déi jonk Leit méi Bewosstsinn dofir hunn, fir diskriminéierungsfräi ze schreiwen a méi inklusiv ze sinn. Awer ech ka mer virstellen, dass Lëtzebuergesch schreiwen och ouni Gendere schonn eng grouss Erausfuerderung ass.“

Anescht géif et awer an de queere Communities zu Lëtzebuerg ausgesinn, do wär d’Genderen heiansdo ze beobachten. D’Woxx hätt gegendert Bäiträg, de radio 100,7 och. An natierlech géif an der Sendung Méi wéi Sex vum Radio Ara ëmmer gegendert ginn. „An där Sendung gi verschidde Méiglechkeete fir ze genderen ausprobéiert. Dat ass flott a kreativ. Mee et sinn Eenzelfäll an dofir gëtt et och nach keng esou eng zementéiert Anti-Haltung wéi op anere Plazen.“ Deementspriechend seet d’Caroline Döhmer, dass de Grand-Duché aktuell net wierklech en hëtzegen Debat ronderëm d’Genderen huet.

Wéi eng Optiounen hu mir am Lëtzebuergesche fir ze genderen?

D’Luxemburgistin (gëtt et dat Wuert, dat bis elo net etabléiert ass, iwwerhaapt?) mécht op eng ganz Rëtsch Schwieregkeeten opmierksam, déi d’Praxis vum Genderen am Lëtzebuergesche betreffen – vläicht ass „Erausfuerderung“ de bessere Begrëff, well d’Caroline Döhmer huet nawell eng ganz oppen, positiv-kreativ Aart a Weis, fir sech mat der Lëtzebuerger Sprooch ze befaassen. Wat ass d’Linguistin dann elo? Professer, Professesch, Professerin, Professorin, oder Professerx – an ass de Professor X net eigentlech eng fiktiv Figur aus dem Marvel-Universum, nämlech de Begrënner vun de sougenannten X-Men, a firwat heeschen déi iwwerhaapt X-Men, wann et an deem Superheld*innenteam och Frae ginn? Jo, et ass net esou einfach mat der Sprooch, dofir gi jo „Sproochwëssenschaftlery“ agestallt.

Professesch gëtt et effektiv als Artikel am LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire), genausou wéi Professorin, wat eigentlech en däitscht Wuert ass. „D’Suffixen ‚x‘ oder ‚y‘ sollen irritéieren. Dat si keng Formen, déi wierklech e prakteschen Notze sollen hunn. Déi Forme sinn och an Däitschland net etabléiert. Do ginn et awer Kreesser, déi gäre provokativ a subversiv Saachen ausprobéieren“, esou d’Caroline Döhmer. A weider: „Et missten da jo net nëmme Substantivforme ginn, mee och Optioune bei de Pronomen. Wann ech op eng Fra referéieren, da soen ech ‚hir Schong‘, bei engem Mann ‚seng Schong‘. Mee wéi wär dann d’Léisung bei de Suffixer ‚x‘ oder ‚y‘? Et geet jo net nëmmen ëm d’Substantiver, wou een eppes ka forcéieren, mee et gi jo och héichgrammatesch Formen, wou ech da guer net méi weess, wéi ech domat ëmgoe soll.“

Dem Caroline Döhmer no wier et beim Schwätzen insgesamt eng aner Saach wéi bei der geschriwwener Sprooch. Wann ee wéilt no enger bestëmmter Konformitéit genderen, da misst et warscheinlech geziilt Riichtlinnen dofir ginn. Beim Schreiwen hätt een och Zäit, iwwer kulturinklusiv an gendersensibel Aspekter vun der Sprooch nozedenken, déi geschwate Sprooch géif allerdéngs vill méi intuitiv funktionéieren. Effektiv wéisst ee jo oft net genee, wou de Saz tatsächlech higeet, wann een ufänkt mat schwätzen – geschwate Sprooch wär eppes ganz Spontanes.

Dem Caroline Döhmer säi sproochliberale Plädoyer

Den ZLS (Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch) begräift sech als „oppent Haus fir eng dynamesch Sprooch“. Dës Metapher verdäitlecht engersäits de Wandel vun der Sprooch an anerersäits ass domat de kontinuéierlechen Dialog mat der Spriecher*innegemeinschaft gemengt, déi beispillsweis en Afloss dorop huet, wéi eng Wierder an den LOD opgeholl ginn. Als Luxemburgistik-Professorin vun der Universitéit Lëtzebuerg vertrëtt d’Caroline Döhmer eng änlech Meenung. Si plädéiert fir méi en entspaanten Ëmgang mat der Sprooch hei zu Lëtzebuerg, deen definitiv net selbstverständlech ass: „Mir hunn dacks kee relaxen Ëmgang mat der Sprooch. Wéi gi mir sproochlech sozialiséiert? An der Schoul gëtt et eng Richteg-Falsch-Ideologie – wat normal ass, well mer vill Friemsprooche léieren. Am Lëtzebuergeschen ass de Fall awer e bëssen en aneren. Zum Beispill: Ech kann ‚zwee Bicker‘ oder ‚zwee Bicken‘ soen. Wat ass falsch, wat ass richteg? Wann ech erklären, dass déi zwou Optioune korrekt sinn, da sinn d’Leit irritéiert. Mir hunn effektiv an deem Punkt e bemierkenswäert Schwaarz-Wäiss-Denken, dat d’Resultat vum ville Sproocheléieren ass.“

D’Sproochen am Allgemengen an d’Lëtzebuergescht am Besonneschen zeechne sech duerch Grozonen aus. Dat heescht net, dass et keng Feeler géife ginn, mee mir hätten et mat Varianten ze dinn, déi oft en Ausdrock vu subjektive Präferenze wären. „Et ass ëmmer erëm e Verhandele mat der Sprooch. Oft gëtt et e Spektrum vu Méiglechkeeten an dat, wat mir am Fong wierklech brauchen, ass eng Ambiguitéitstoleranz“, resüméiert d’Caroline Döhmer.

Dës Perspektiv gëllt natierlech och fir d’Genderen am Lëtzebuergeschen. „Wann elo an der Zeitung steet ‚Eng Millioun Visiteuren op der Schueberfouer‘, heescht dat, dass nëmme Männer op der Fouer waren? A wann ech dat wëll preziséieren, wéi soen ech dann? Visiteusen oder Visitricen?“ Als Linguistikdozentin promovéiert d’Caroline Döhmer e kontinuéierleche sproochleche Reflexiounsprozess, deen och däerf Irritatiounsmomenter enthalen. Si setzt sech fir Dialogbereetschaft a Sproochsensibilitéit an, mee awer och dofir, dass ee keng Angscht soll hunn, Feeler ze maachen, wann ee sproochlech gechallenget gëtt – an dat alles mat enger sympathesch-kreativer Attitüd.

En Artikel vum Heng Barone

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.