De Wonsch, datt Lëtzebuerg erëm e Vëlodrom soll kréien, ass net vun haut a gëschter. Wéi 1951 de Vëlodrom um Belair an e puer Joer duerno och d’Vëlospist zu Nidderkuer verschwonne sinn, stoung de Lëtzebuerger Vëlossportverband ouni eng adequat Infrastruktur do. An den 1980er an 90er Jore gouf d’Thema ëmmer erëm an d’Diskussioun bruecht, mee et koum ni zu engem Projet. Bis dann den deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker Enn 2006 versprach huet, datt Lëtzebuerg erëm e Vëlodrom soll kréien.
Ganz séier war eng Plaz duerfir fonnt, an zwar zu Zéisseng. Et gouf een Oval mat engem Zeltdaach geplangt. Deen deemolege Sportminister Jeannot Krecké an och de President vum Vëlossportverband, Jean Regenwetter, hu sech zefridde gewisen.
Mee déi Freed war net vu laanger Dauer. De Gemengerotsmember an zäitgläich och President vun der „KockelArena asbl.“, René Kollwelter, huet kee gutt Hoer um Projet zu Zéisseng gelooss. Et muss ee wëssen, datt de René Kollwelter déi Zäit vun enger Sportinfrastruktur mat Fussballterrain, Liichtathletikstadion a Vëlodrom op der Kockelscheier gedreemt huet. „Mir brauchen ee Mini-Vëlodrom a keng Pippifax-Pist“ sot hien deemools. De geplangte Projet zu Zéisseng sollt 6,1 Millioune kaschten a sollt zu 70 Prozent vum Staat bezuelt ginn. Déi aner 30 Prozent hätte misse vun der Gemeng Lëtzebuerg gedroe ginn.
Et koum, wéi et huet misste kommen. Am leschte Moment gouf den Zeltdaach verworf an et ass du rieds gaange vun engem festen Daach iwwer déi ganz Anlag. Dat huet de Präis natierlech uerdentlech eropgeschrauft. Mee déi Plangännerunge waren awer nëmme méiglech, wann d’Pist vum Vëlodrom liicht verluecht géif ginn. Well dat Areal awer op Terrain louch, dee fréier en Dreckstipp war, ass beschloss ginn, fir d’éischt mol Buedemprouwen ze maachen. Domadder ass deen nächsten Akt an dësem onendlechen Theaterstéck geschriwwe ginn. Dat war am Joer 2008!
An där Zäit, wou jiddereen op d’Resultater vun deene Buedemanalyse gewaart huet, ass de Präis vum Vëlodrom ëmmer méi héich ginn, bis datt e bei 12,8 Milliounen Euro ukomm war. De President vum Vëlossportverband, Jean Regenwetter, huet vun engem Dossier geschwat, dee vun Ufank u falsch ugepaakt gouf an d’Politik huet sech missen de Virworf gefale loossen, datt de Vëlodrom ni als nationale Projet deklaréiert gouf. Wéi wann dat do net scho géif duergoen, fir een op d’Palm ze dreiwen, sou huet et op eemol an de Kulisse geheescht, d’Gemeng Déifferdeng hätt och eng Etüd fir de Bau vun engem Vëlodrom an Optrag ginn, an dat ouni mat dem Verband Récksprooch ze halen.
Gutt Noriichte goufen et awer dunn am Fréijoer 2009. De Projet zu Zéisseng sollt endlech realiséiert ginn. Virgesi war, datt de Vëlodrom 2012 fäerdeg soll sinn. Mee d’Euphorie war net vu laanger Dauer, well weider Etüden iwwer d’Bausubstanz waren noutwenneg ginn, an déi hunn duerfir gesuergt, datt de Start vun den Aarbechten erëm no hanne verréckelt gouf. De President vum Vëlossportverband, deen de Vëlodrom als immens wichteg fir de Lëtzebuerger Vëlossport ugesinn huet (an domadder stoung hien net eleng do), war entsat, de President vum COSL („Comité olympique et sportif du Luxembourg“), Marc Theisen, huet deemools vun enger „histoire grotesque du plus mauvais goût“ geschwat.
Mam Wiessel um Stull vum Sportminister ass dunn neie Wand an d’Affär komm. De Romain Schneider (LSAP) huet als Nofolger vum Jeannot Krecké (LSAP) direkt am Ufank vu senger Mandatsperiod als zoustännege Minister gesot, datt hie keng weider Verspéidung an deem Dossier zouléisst. Do hat hien awer d’Rechnung ouni den deemolege Stater Buergermeeschter Paul Helminger gemaach. Senger Meenung no wieren d’Käschte vill ze vill héich. Genervt war hien och iwwer déi stänneg nei Wënsch vum Vëlossportverband op der enger an dem Ministère op der anerer Säit.
Aussoen, déi de Minister Romain Schneider op d’Palm bruecht hunn. „Wann de Gemengerot net bis de 17. Mee 2010 dem Projet zu Zéisseng gréng Luucht ginn huet, da gëtt de Vëlodrom op enger anerer Plaz gebaut.“ Et koum net zu der Ofstëmmung, well den deemolege Premierminister Jean-Claude Juncker den 19. Mee 2010 gesot huet, wéinst der schlechter Finanzsituatioun vum Land wier de Projet Vëlodrom mol bis 2013 op Äis geluecht.
An engem Interview am September 2010 seet déi deemoleg Buergermeeschtesch vu Munneref, datt hir Gemeng Interessi um Vëlodrom hätt, awer nëmmen, wann de Staat d’Käschten integral géif iwwerhuelen. Duerno gouf et erëm roueg ëm dee Projet.
Ganzer 7 Jore (!) méi spéit léisst de Romain Schneider während de Festlechkeeten zum 100. Anniversaire vum Vëlossportverband d’Kaz aus dem Sak: „De Vëlodrom gëtt zu Munneref gebaut, d’Pläng ginn am Fréijoer 2018 virgestallt.“
A sou koum et dann och. Am Abrëll vum leschte Joer sinn d’Pläng vum hollänneschen Architektebüro Mecanoo an dem Lëtzebuerger Büro Metaform a sengem Architekt Shahram Agaajani virgestallt ginn. Den éischte Spuetestéch ass fir 2021 virgesinn a fäerdeg soll de ganze Sportkomplex mat Vëlodrom, Piscine a Sportshalen Enn 2023 sinn. Käschtepunkt: 65 Milliounen Euro. Wat de Vëlodrom ubelaangt, iwwerhëlt de Staat 70 Prozent an d’Gemeng Munneref 30 Prozent vun de Käschten. De Rescht vum Gebai gëtt zu 50 Prozent vum Staat subventionéiert.
En Artikel vum Roger Infalt