De Beruff vum Dëppegéisser ass ausgestuerwen, oder awer och net? Bis virun net allze laanger Zäit sinn d‘Dëppegéisser vun Dier zu Dier gezunn an hunn aus Kachdëppe Schréips an Téitsch erausgemaach, an och muncher Kéier e Lach gestoppt, wann d‘Dëppen emol gerënnt huet.

An obwuel haut bal kee Mënsch seng Dëppe méi flécke léisst, huet tatsächlech e Grapp vun dëser Zuucht et iwwerlieft. Si hu sech eng nei Beschäftegung gesicht, fir zu hirem ze kommen! D‘Musek.

D‘Dëppegéisser selwer soen, datt hir Musek witzeg an ongeschlaff ass, a Schréips a Téitsch huet.

Schonn 2005 dinn sech déi zwee Bridder Michel a Luc Guillaume zesummen, fir Musek ze maachen, an dat, obwuel si allen zwee schonn an anere Bands aktiv sinn. Ënnerhalsam, witzeg an onbedéngt op Lëtzebuergesch sollt d‘Musek sinn.

Mat hirer Musek ënnerhalen si d‘Vollek, gräife Klischeeën op, erzielen Anekdoten, huelen esou munches op d‘Schëpp, halen oft e Spigel dohin a sinn sech och net ze schued fir emol en, scho bal vergiessent, Lëtzebuerger Wuert erëm auszegruewen an an engem vun hire Lidder ze verschaffen. Esou gëtt mam Straupejitzert net nëmmen dat scho bal vergiessent Wuert fir e Beruffsstand erëm ausgegruewen, mee och direkt de Klischee vun deem schwule Coiffer ferm duerch de „Kacka“ gezunn. Och erzielen d‘Dëppegéisser emol d‘Geschicht vun enger naasser Miissi oder vum Tun vun der Bunn, an huelen och eise Wuelstand am Lidd „Geld regéiert d‘Welt“ fatzeg op d‘Schëpp.

An och virun der Lëtzebuerger Promi-Welt hunn d‘Dëppegéisser net vill Respekt. Schonn 2008 widmen si hirem Kolleeg, dem Profi-Vëlosfuerer Kim Kirchen e puer Zeilen an Nouten. Mam Lidd „Kim Kim Kimi Kirchen“ maachen d‘Dëppegéisser eng éischte Kéier op sech opmierksam.

Ginn d‘Dëppegéisser bis 2012 hir Musek op mol klengen, mol méi grousse Concerten, mol am Bistro oder och mol um „Rameldang on Fire“ an enger klenger Hannergaass zum Beschten, sollt dat sech de 4. Februar schlagaarteg änneren. Si haten et dach tatsächlech ronnbruecht, hir Musek op CD ze veréiwegen, an dëser den einfachen awer treffenden Numm „Ongeschlaff“ ze ginn, an esou dem breede Vollek vum Bunnsaarbechter iwwer de Coiffer bis zum Schéinheetschirurg an d‘Ouer ze bréngen (wou hir Melodien an Texter oft fir eng méi laang Zäit hänke bleiwen). Dëppegéisser vu gëschter ginn allerdéngs och mat der Zäit vun haut an esou benotzen si och déi wuelbekannte Plattformen um Internet, fir hir Musek op d‘Vollek lasszeloossen.

Vun do u geet et Schlag op Schlag. D‘Dëppegéisser, déi mëttlerweil duerch de Laurent, de Bobby, de Claus an de Patrick ënnerstëtzt ginn, leien nawell net op der fauler Panz, am Géigendeel. 2013 ginn si gefrot, fir en Identitéitslidd fir d‘Alzenger Oktoberfest ze komponéieren, eng Aufgab, wéi fir si gemaach. An och wann et d‘Oktoberfest zu Alzeng net méi gëtt, den Dëppegéisser hiert Lidd huet et bis haut iwwerlieft.

D’Liewen ass kee Kichelchen hunn si sech gesot, a stellen am Oktober 2015, pénktlech fir den 10. Gebuertsdag vun der Grupp hiren neien Album „Mat Schréips an Téitsch“ fir. An dësen ass wierklech eppes fir Grouss a Kleng.

An och haut, esou héiert een, zéien d‘Dëppegéisser nach oft vun Dier zu Dier a ginn och alt emol fir e gudde Maufel an en Humpen en, net ganz eescht gemengtent, folkloristescht an humoristescht Stéck vun der Lëtzebuerger Museksgeschicht zum Beschten.

An dat eenzegt wat gelaf ass war de Béier…*

(aus dem Stéck „De Béier leeft ëmmer“ vum Album „Ongeschlaff“)*

Fotoen: © Dëppegéisser

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.