1,4 MILLIOUNEN

TONNE LËTZEBUERG

Fir ze ënnersträichen, wéi räich e Mënsch war, gouf fréier hei zu Lëtzebuerg och mol dee Saz „Deen huet esouguer Schëffer op der Musel” gebraucht. Bon, Lëtzebuerg ass keen aarmt Land, mee mir hunn duerfir net onbedéngt vill Schëffer op der Musel, awer et ginn der 213, déi ënner lëtzebuergeschem Fändel op der ganzer Welt ënnerwee sinn.

De 24. Dezember 1990 ass e Gesetz a Kraaft getrueden, dat d’Schafe vun engem ëffentleche Schëfffaartsregëster zu Lëtzebuerg erméiglecht huet. Vun deem Dag un huet eist Land en effiziente Regëster an eng interessant Ophuelplattform fir Entreprisen aus dem Beräich vun der kommerzieller Schëfffaart. Dat ass schonn erstaunlech fir e Land, dat keen direkten Zougang zum Mier huet.

Mee wéi eng Schëffer däerfen dann elo de Lëtzebuerger „Pavillon maritime” ufroen?

Do ginn et eng ganz Rei vu Konditiounen, déi erfëllt musse sinn. D’Grondviraussetzunge sinn, datt méi ewéi d’Halschent vum Schëff a Besëtz vu Bierger aus der Europäescher Unioun oder vun enger Handelsgesellschaft mat Sëtz an engem vun de Memberstaate vun der Europäescher Unioun ass. Fir Charter-Schëffer gëllt dobäi nach, datt déi ganz oder de gréissten Deel vun der Verwaltung vum Schëff vu Lëtzebuerg aus geschéie muss.

Foto: © Isabella Finzi / Editpress

D’Schëff (ob dat elo fir den Transport vu Wueren oder Persounen ass, fir d’Fëscherei oder fir de Schleppdéngscht agesat gëtt), dat fir d’éischt de Lëtzebuerger Pavillon ufreet, däerf net méi al si wéi 15 Joer a muss vun enger zougeloossener Klassifikatiounsgesellschaft, wéi zum Beispill American Bureau of Shipping, Bureau Veritas, Korean Registry oder och nach Lloyd’s Register, gepréift gi sinn. Dobäi kennt och nach, datt de Kapitän vum Schëff, dat ënner dem Lëtzebuerger Fändel wëll fueren, aus engem vun de Memberstaaten aus der Europäescher Unioun muss kommen.

Villes gëtt bis an de leschten Detail kontrolléiert. Dat geet vun der Kontroll vun der duebeler Schëffswand (bei Tankschëffer) bis hin zum virgeschriwwenen Diplom als Schëffskach, deen déi Leit u Bord mussen hunn, déi sech ëm d’Iesse bekëmmeren. Et gëtt och gekuckt, ob jidderee vum Personal u Bord sozialverséchert ass, ob se all déi virgeschriwwe medezinesch Attester an och déi néideg Ausbildung hunn, asw.

Méi an den Detail ze goe géif eis elo hei ze wäit féieren an duerfir wëlle mer hei mat der Theorie ophalen an eis e bëssen op de Weltmierer no dem Lëtzebuerger „Pavillon maritime” ëmkucken.

Foto: © DEME / Cluster Maritime
Foto: © Jan de Nul / Cluster Maritime

Zuelen aus dem Joer 2007 soen, datt deemools 155 Schëffer weltwäit ënner dem Lëtzebuerger Fändel ënnerwee waren. „Haut sinn et der 213, mee déi Zuel ka sech vun engem Mount zum aneren änneren”, sou de „Commissaire aux affaires maritimes“, Robert Biwer. Laut enger Lëscht,xy déi een op www.maritime.lu gesi kann, ass dat Klengste vun de Schëffer, déi de Lëtzebuerger Pavillon huet, de Geosurveyor XIV mat genee 18,89 Meter Längt an enger maximaler Charge vun 30 Tonnen. De Besëtzer vun dësem Versuergungsschëff ass d’Entreprise Geo.XYZ vu Lëtzebuerg.

An d’Staune versetzen een dergéint d’Moosse vum Containerschëff E.R. Yokohama. Dat Schëff gouf 2004 gebaut an ass ganzer 300,08 Meter (!) laang. Et kann 83.133 Tonne Luedung ophuelen a gehéiert der Gesellschaft Thirtyfourth Dragon Shipping Incorporation, déi hiren Haaptsëtz zu Istanbul huet an hir Schëffer am „Seefschiffsregister” vum Amtsgeriicht Hamburg agedroen huet.

Hei eng kleng Auswiel vun Nimm vu Schëffer, déi de Lëtzebuerger Pavillon droen: Alexander von Humboldt (Schleppsauger- a Baggerschëff); Angus Express (Véitransporter); Geo Ocean (Vermiessungsschëff); Bourbon Liberty (Versuergungs- a Schlepperschëff); Guyenne (Tankschëff); La Boudeuse (Banneschëff); Aberdeen (Cargo); E.R. Buenos Aires oder och nach E.R. Vancouver (Fracht- a Containerschëff). Déi 213 Schëffer kënnen zesummegerechent 1,4 Milliounen Tonnen transportéieren.

Ronn 3.500 Matrousen, déi all e lëtzebuergescht Schëfffaartsbuch mussen hunn, schaffen de Moment op deenen 213 Schëffer, et sinn der awer wäit méi ugemellt. Deen Ënnerscheed kënnt doraus, datt vill Matrouse beispillsweis dräi Méint op engem Schëff schaffen, da fir eng gewëssen Zäit engem anere Beruff noginn, uschléissend awer erëm vläicht op e Schëff zeréckkommen. „Aus dësem Grond ass et ganz schwéier, fir net ze soen onméiglech, eng genee Zuel vu Matrousen unzeginn, déi dëse Moment op de ‘Lëtzebuerger Schëffer’ ënnerwee sinn”, sou de Robert Biwer.

A puncto Sécherheet bleift nach ze erwänen, datt sech Lëtzebuerg un der europäescher Missioun Atalanta bedeelegt, déi mat zwee Fliger d’Iwwerwaachung zum Beispill vum Golf vun Aden ofséchert, wou et ëmmer erëm zu Iwwerfäll op Tank- an aner Versuergungsschëffer kënnt.

En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.