D’Temperature klammen, d’Sonn brennt – vill Leit sichen och dëse Summer erëm no enger Ofkillung fir Kierper a Geescht, a wat läit do méi no wéi e méi oder manner dynamesche Sprong an dat kaalt Waasser? Lëtzebuerg huet eng ganz Rëtsch vu Schwämmen, vu modernen Aquazenteren iwwer gemittlech Bannebieder bis frësch renovéiert oppe Schwämmen. Fir all déi iwwerhëtzt Awunner huet d’Redaktioun vum Konterbont eng detailléiert Iwwersiicht zesummegestallt.