Placeholder Dummy template

De Stau – dat flëssegt Gold fir Lëtzebuerg

Mam flëssege Sauergold géint den iwwerflëssege Plastik

Komm, mir fueren op de Stau, wëllt heeschen: komm, mir maachen eis e gemittlechen Dag an der Natur beim Waasser. Dat geet awer eréischt zanter 1959, deem Joer, an deem de Stauséi – de Barrage d’Esch-sur-Sûre bei Esch-Sauer déi éischte Kéier vollgelaf ass.

De Stauséi am Éislek huet awer vill méi eng laang Geschicht: ugefaang huet se mat de Kongresser iwwer Hygiène 1887 zu Wien an 1889 zu Paräis, wou sech déi éischte Kéier an der Neizäit op internationalem Niveau gefrot gouf, wéi een d’Versuergung mat propperem (Drénk-)Waasser fir d’Populatioun kéint organiséieren. D’Waasser kann engersäits Liewen erhalen, anerersäits awer och Krankheet bréngen. Fir deemno de Krunn kënnen opzedréien a proppert, keimfräit Waasser ze zapen, muss een d’Waasser opbereeden.

D’Decisioun, fir d’Sauer am Dall bei Esch-Sauer ze stauen, gouf an den 1950er Jore geholl, fir d’Drénkwaasserversuergung hei am Land ze garantéieren. Schonn an engem Gesetz vum 14. Februar 1900 gouf d’Schafe vu Gemengesyndikater fir den ëffentlechen Notze méiglech. Dat war fir déi Gemengen, déi selwer just mat vill Méi a groussem finanziellen Opwand Waasser konnten an hir Uertschafte bréngen, e Segen – elo konnt een sech zesummendoen an d’Faasse vu Quellen, den Transport vum Waasser vun der Quell bis an déi respektiv Dierfer a Stied an d’Distributioun vun deem néidegen Naass vill méi effikass a fir jiddweree méi einfach organiséieren.

Als éischt koum de Syndikat Intercommunal des Eaux du Sud (SES), 1908, an dono, 1929, huet de Syndicat de la conduite d’Eau intercommunale des Ardennes, kuerz DEA, sech konstituéiert. De Groussdeel vum Waasser gouf deemools aus dem Sandstee gewonnen. Allerdéngs huet dës Opbereedung dem ëmmer méi grousse Besoin u Waasser net kënnen nokommen.

D’Populatioun ass gewuess, den Niveau u Liewensqualitéit eropgaangen, an och fir d’Landwirtschaft an d’Industrie ass de Besoin vum flëssege Gold aus dem Buedem net méi kleng ginn. Dofir koum vum deemolege Staatsgeolog Dr. Lucius den dréngenden Opruff, sech net nëmmen op Grondwaasservirkommen ze begrenzen, mee Drénkwaasser aus dem Uewerflächewaasser ze gewannen.

Sou kéint een net nëmmen déi ugrenzend Uertschaften, mee e groussen Deel vum Land mat Waasser versuergen. Ausserdeem sinn Iwwerleeunge consideréiert ginn, fir den Zougrëff op Grond- an Uewerflächewaasser staatlech ze geréieren – eng Decisioun, déi dem ganze Land zegutt komm ass.

De Stau gouf no de Pläng vum Ingenieur André Coyne a Form vun enger sougenannter „Bogenstaumauer” an de Joren 1953 bis 1958 gebaut. Do, wou am Dall verschidde Mille virdru vum Waasser vun der Sauer gelieft hunn, ass 1959 dunn déi éischt Kéier laanscht déi 47 Meter héich Mauer d’Sauer geklommen an huet de Stau gebilt.

Dës impressionnant Ännerung vun der Landschaft huet net nëmme mat sech bruecht, datt d’Uertschafte laanscht de Stau anescht zougänglech goufen – wou ee virdrun op riichtem Wee konnt duerch de Sauerdall, huet een elo missen iwwer d’Staumauer.

Wien 1991 d‘Geleeënheet hat, iwwer de Grond vum du fir Aarbechten dréchegeluechte Stauséibecken ze spadséieren, konnt sech dovun e Bild maachen, wéi d’Géigend virum Stau ausgesinn huet.

Nei Landschaft, nei Méiglechkeeten

Mam Stau vun Esch-Sauer sinn och eng Abberzuel nei Méiglechkeeten entstanen, wat de Brauch vum Stauséi ugeet: net nëmmen nei Wanderweeër ronderëm de Stau koumen op, et konnt ee vun do un och am Stau schwammen, dauchen, mam Boot driwwer oder einfach dobäi sëtzen. De Stau gouf dat neit Gesiicht an d’Häerzstéck vun der Regioun ronderëm, eng Tatsaach, déi sech méi spéit an der Grënnung an Exploitatioun vum éischten Naturpark zu Lëtzebuerg, dem Naturpark Uewersauer, manifestéiert huet.

Datt de Stau haut vun deene Meeschten als klassescht Fräizäitelement bei de Summer gehéiert, ass deemno eng agreabel Niewenerscheinung vum initiale Gedanken, de Mënschen hei am Land proppert Waasser an hiert Doheem ze liwweren. An datt dat eng gutt Decisioun war, ass am aktuelle Kontext vun der Waasserversuergung weltwäit wuel net ze vernoléissegen. Zu Lëtzebuerg kënnen déi meescht Mënschen de Krunn opmaachen an domat net nëmmen sech wäschen, ouni Bedenke kachen, mee och dat Waasser drénken, wat hinnen do entgéintspruddelt. Dat als selbstverständlech unzegesinn, wär vermessen.

E sécher sënnvollen nächste Schrëtt an deem Kontext schéngt Slowenien virgemaach ze hunn: nämlech d’Recht op Waasser an d’Konstitutioun opzehuelen. Et kann een nëmmen hoffen, datt dat och vun anere Länner kopéiert gëtt.

Och fir domat geld- a muechthongereg Konzerner de Wand aus de Segelen ze huelen.

Waasser als Grondrecht!

Kuckt ee säi Glas Waasser doheem mam Wëssen, datt an aneren Deeler vun der Welt Waasser enorm knapp ass, da kritt dat „selbstverständlecht” Krunnewaasser nees e ganz anere Wäert. An denkt een driwwer no, datt genee do, wou d’Waasser eng rar Ressource ass, grouss Weltfirmen sech quasi e Monopol op deem liewenswichtege Liquid eraushuelen, da kann een net méi anescht wéi d’Plastiksfläsch am Hypermarché stoen ze loossen an sech seng Fläsch doheem um Krunn ze fëllen. Well dat Waasser ass net nëmme gutt, et schmaacht, ass regional, bezuelbar an eigentlech déi bescht Uso am aktuelle Kampf géint de Plastik.

Sou no, an sou einfach!

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.