Den Daachverband vun de Kooperatiouns-ONGen zu Lëtzebuerg ass de Cercle des ONG, deen eng ronn 90 Memberen huet. De Konterbont huet der aacht erausgesicht, kuerz virgestallt an hire Budget opgeschlësselt, entweeder de Joresbudget oder dee vun engem bestëmmte Projet, fir ze weisen, wéi dëse sech zesummesetzt. Well des ONGen alleguer mam Ausseministère (MAEE) konventionéiert sinn, ass e bestëmmten Undeel vum Budget eng Ko‑Finanzéierung vum MAEE. De Rescht setzt sech meeschtens aus Spenden, aneren Donen oder dem Verkaf vu Produiten a Servicer zesummen. Eng Iwwersiicht.
1995 huet e Grupp vun 13 Leit de Veräin „Les Amis du Tibet“ gegrënnt. Säit 1996 ass d’Associatioun vum lëtzebuergeschen Ausseministère als ONG unerkannt. Si huet sech als Zil gesat, d’tibeetescht Vollek ze ënnerstëtzen an d’Ëffentlechkeet zu Lëtzebuerg fir de Sujet vum Tibet ze sensibiliséieren. Fir hiert 10-järegt Jubiläum huet d’ONG am Joer 2005 den Dalai Lama op Lëtzebuerg invitéiert. Mëttlerweil huet d’Associatioun 42 Projeten a bal 300 Memberen.
vun den Ënnerkonften am tibeetesche Kannerduerf zu Dharamasala, an Indien (2023).
De Projet dauert 2 Joer.
60 % Ko-Finanzéierung vum MAEE: 145.356 Euro
30 % finanzéiert d’ONG fir dëse Projet: 72.678 Euro
10 % komme vu lokale Partner: 24.226 Euro
#