Placeholder Dummy template

Pak d’Schwammbox an

Wéi sech Ufank Mee nach e puer lescht Schnéiflacken op Lëtzebuerg veriert haten, wollt een nach net esou richteg drun denken: Säit dem éischte Mee huet d’Schwammsaison zu Lëtzebuerg offiziell ugefaang. Dat gëllt och fir déi beléifte Baggerweieren zu Rëmerschen, déi zu der Gemeng Schengen gehéieren. Mee déi Weiere sinn net nëmmen eng Fräizäit- an Erhuelungsregioun, et zielt doriwwer eraus och zum NaturreservatHaff Réimech“. Haut sinn déi Weiere vun der Lëtzebuerger Fräizäitoffer net méi ewechzedenken, obwuel si eréischt an de Fofzegerjoren entstan sinn. Deemools goufe Kiselsteng a Sand ofgebaut, déi bei der Musel ugeschwemmt goufen an dëst huet bis zu sechs Meter déif Lächer hannerlooss.

© Claude Lenert / Editpress

Dës goufe méi spéit mat Grond- a Quellewaasser gefëllt. Et hätt och kënne ganz anescht kommen: An de Siwwenzegerjore wollten de lëtzebuergesche Staat an den däitschen Energiekonzern RWE en Atomkraaftwierk op dës Plaz bauen, mee dëst konnt duerch eng Biergerinitiativ verhënnert ginn. D’Géigend ronderëm de Weier gouf opgedeelt an eng Natur- an an eng Fräizäit- an Erhuelungszon, mee eréischt am Joer 1988 gouf eng Fläch vun 80 Hektar als Naturreservat, haut bekannt ënner dem Numm „Haff Réimech“, klassifizéiert. Do fënnt een, net ganz idyllesch, mee éischter futuristesch, de sougenanntenBiodiversum“, wou op zwee Stäck Ausstellungen zum Theema Ëmweltschutz a Biodiversitéit ze bestaune sinn. Den Entrée ass gratis, an och Féierungen a Vullebeobachtunge gëtt et.

Beléift a bekannt sinn d’Weieren allerdéngs fir de Sprong an dat kaalt Naass, deenen hir Qualitéit, laut dem Ëmweltministère, beschtens si soll. Um Strand kann een an der Sonn leien, Grillen ass och op e puer Plazen erlaabt. Et ginn Volleyballplazen, Waasserspiller a Standup-Paddling gëtt ugebueden. Schwammberäicher goufe fir Kanner ageriicht, allerdéngs ass d‘Droe vun den Äermercher obligatoresch fir Kanner ënner aacht Joer. D’Hënn léisst ee léiwer doheem, och d’Campen ass net erlaabt. Fëscher an Tretbootchauffere kommen an engems op hir Käschten. Vun do un, datt sech méi vun Dausende vu Visiteuren un de waarme Summerdeeg op de Stränn ophalen, suergt e Schwammmeeschter fir Rou a Sécherheet. Den Entrée ass am Moment fënnef Euro, Kanner bis zéng Joer an d’Awunner vun der Gemeng Schengen bezuelen näischt. An natierlech ass fir Iessen a Gedrénks gesuergt.

En Artikel vum Anke Eisfeld

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.