De Jugendrot ass den Daachverband vu ronn 30 lëtzebuergesche Jugendorganisatiounen, dorënner politesch Parteien, Gewerkschaften, Studentevertriedungen oder Scouten. Fir déi jonk Leit ass d’Deierecht vum Logement ganz besonnesch problematesch, verréit eis de Liam Bremer, President vum Jugendrot, am Gespréich. Mir hunn hien ënner anerem gefrot, firwat d’Wunnen hei am Land sou deier ass a wéi eng Léisungsusätz de Jugendrot gesäit, fir dëser Problematik entgéintzewierken.
President vum Jugendrot
(Foto: © Benny Schiltz)
„De Sujet vum Logement steet säit ville Jore ganz uewen op der Prioritéitelëscht vun eise Memberen“, seet de Liam Bremer. Dat géif weisen, wéi wichteg dat Thema fir de Jugendrot ass. Hien ass Ekonomist a säit knapp engem Joer President vum Jugendrot, war virdru Generalsekretär, Tresorier a Member vum Kommitee. Punktuell wär vill op deem Sujet geschafft ginn. Allerdéngs wär deen Thema scho sou laang am ëffentlechen Debat, datt et schwéier wär, nei Iddien ze fannen, well schonn alles eng Kéier gesot gouf. Dowéinst wier et elo wichteg, ee gemeinsamen Nenner tëschent allen Acteuren ze fannen.
Perséinlech ass de Liam Bremer der Meenung, datt d’Fro, firwat d’Wunnen zu Lëtzebuerg sou deier ass, net de richtege Startpunkt ass, fir d’Thematik ze beliichten. D’Logementskris zu Lëtzebuerg géif doranner bestoen, datt den Zougang zum Wunnraum immens ageschränkt wär. Dat géif dozou féieren, datt jonk Leit, wou d’Famill säit Generatiounen hei am Land lieft, deels quasi gezwonge géife ginn, aus finanzielle Grënn an d’Ausland wunnen ze goen. Zuelen, déi dat beleeën, géifen et keng ginn, wat aus enger rezenter parlamentarescher Fro un de Logementsminister Henri Kox ervirgeet.
Säit der zweeter Hallschent vum leschte Joer wieren d’Zënsen op Prête staark geklommen. Et wär deen héchsten Taux de croissance, deen ee säit der Aféierung vum Euro beobacht hätt. Mee déi ganz Logementsproblematik einfach der monetärer Politik an d’Schong ze drécken, wär senger Meenung no net de richtegen Usaz, well d’Zentralbank scho gutt Grënn dofir hätt. Méi richteg wär et, ze soen, datt d’Präisser sou héich sinn, well et e fundamentaalt Ongläichgewiicht tëschent der Offer an der Demande um Wunnengsmaart gëtt. „D’Demande excedéiert d’Offer bei Wäitem“, seet hien. „Do kënnt et dann automatesch zu enger Hausse vun de Präisser.“ Fir vill Acteuren, Entreprisen oder och Finanzinstituter wär et interessant, Immobilien an Terrainen ze kafen, well si duerch dee strukturellen Iwwerschoss vun der Demande eng Garantie hätten, datt de Wäert vun deem Objet just ka weider an d’Luucht goen. Genee iwwer dëse Phenomeen huet de leschte Mount d’Konkurrenzautoritéit an hirem Rapport, dee fir vill Schlagzeile gesuergt hat, bericht.
Op Bauterrainen ze bauen, géif sech finanziell net onbedéngt lounen, well se genuch Rendement hätten, wann een se einfach broochleie léisst, sou de Liam Bremer. Dogéint géif et just ee Wonnermëttel ginn: „Eng uerdentlech Steier op esou Terrainen erhiewen.“ Esou e Gesetz wier jo elo an der Maach. Hie fënnt et awer bedauerlech, datt an der Politik scho säit mindestens fënnef Joer géif iwwer esou eng Steier geschwat ginn a se eréischt elo konkretiséiert gëtt. Niewent den Terrainen, déi net genuch mobiliséiert géife ginn, wieren och ganz vill Dysfonctionnementer um Niveau vun de Verwaltungen, national a kommunal, ze bekloen. Dacks géif et vill ze laang daueren, bis een eng final Autorisatioun kritt, fir bauen ze kënnen.
Iwwerproportional wieren et déi Jonk, déi vun der Wunnengsdeierecht an den aktuellen Zënshaussë betraff wieren, seet de President vum Jugendrot. Nom Studium am Ausland, enger Ausbildung zu Lëtzebuerg, oder wann si um Aarbechtsmaart Fouss gefaasst hunn, wär et normal, datt si no engem Logement géife sichen. „All Jonken, deen eppes kafe wëll, ass do concernéiert.“ Dowéinst leeë vill jonk Leit hire Kafprojet elo mol op Äis a kucken sech um Locatiounsmaart ëm. Mee well vill Persounen dem Kafmaart aktuell de Réck dréinen, géif dat dann och d’Präisser vun de Loyere weider an d’Luucht dreiwen. „Ech kéint mir virstellen – et ginn awer keng Zuelen doriwwer –, datt ëmmer méi jonk Leit méi laang bei hiren Eltere wunne bleiwen, par rapport zu aneren EU-Länner“, mengt de Liam Bremer.
Déi Jonk sinn also besonnesch betraff vun der Wunnengsdeierecht. Wat wieren da Léisungen, fir deem Problem entgéintzewierken? „Éischtens musse mir déi speziell Situatioun vun de jonke Leit unerkennen“, sou de Jugendrot-President. An da misst sech um politeschen Niveau eppes doen. Hie kéint sech Virdeeler um fiskale Plang virstellen, wéi zum Beispill Steiererliichterungen, fir datt déi Jonk manner Startkapital fir hiren éischte Projet brauchen. „Dat si Reflexiounen, déi een och an anere Länner huet“, seet hien an nennt d’Beispill vun Irland, wou grouss Debatten doriwwer gefouert ginn, oder och aner europäesch Länner, wou scho Mesuren annoncéiert goufen, fir de Jonke konkret ënner d’Äerm ze gräifen.
Traditionell hätt Lëtzebuerg eng Kultur, wou vill Jonker am Ausland studéieren. Vill vun hinne géifen sech mëttlerweil d’Fro stellen, ob et iwwerhaapt nach derwäert ass, nom Studium zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, schliisslech hu si gutt sproochlech Kompetenzen an den Zougang zu engem Logement kéint am Ausland méi einfach sinn. Vun deene méi héije lëtzebuergesche Paie géif net méi sou vill iwweregbleiwe par rapport zu auslännesche Salairen, nodeems den héijen Undeel fir d’Wunnen ofgezu wier. „Do huet Lëtzebuerg dann awer ee systematesche Problem, wann et fir déi jonk Lëtzebuerger net méi interessant ass, zeréckzekommen“, sou de Liam Bremer. „Dat hätt realwirtschaftlech grav Konsequenzen.“ Et wier kloer, datt Lëtzebuerg drop ugewisen ass, Talenter – dacks jonk Leit – unzezéien, wat ënner den aktuelle Konditiounen ëmmer méi schwéier wäert ginn. Eist Land hätt e Mangel un Aarbechtskräften a praktesch alle Secteuren an dat kéint sech nach weider zouspëtzen.
E weidere Problem, deen déi Jonk betrëfft, wär de Mangel u Studentewunnengen. Problematesch wär an dësem Kontext och den Ëmgang vu verschiddene Gemenge mat WGen. „Fir eis ass et net ze verstoen, firwat et bei de Wunnengsgemeinschaften esou Retizenze ginn.“ D’WGe géifen et de Jonken erméiglechen, méi einfach u Wunnraum ze kommen. Dës Méiglechkeet géif net de Logementsproblem am Allgemenge léisen, mee géif et ville Jonken erlaben, sech ausserhalb vun hirem Elterenhaus ze installéieren. „Et ass bedauernswäert, datt Gemenge wéi Esch-Uelzecht dat iwwert hire PAP (Plan d’aménagement particulier) probéiert hunn ze ënnerbannen“, fënnt de Liam Bremer. Ëmsou méi bedauerlech wär et, datt d’Stad Esch sech laut Inneministère domadder an der Illegalitéit beweegt huet.
Fir de Jugendrot-President wier déi Problematik ëm d’Logemente ganz kloer en nationalpolitesche Sujet. Et wier net dem Jugendrot seng Aufgab, Proposen ze maachen. Beim Staat géife genuch kompetent Leit schaffen, déi Léisunge misste proposéieren, déi dann hire Wee an d’Chamber misste fannen, fir dat a Gesetzer ze meesselen. Och steierlech wieren déi néideg Outilen do. „Eng limitéiert Moossnam ka kuerz- oder mëttelfristeg sënnvoll sinn, kann awer keng Alternativ sinn, fir méi fundamental Reformen ze envisagéieren, déi de Logement insgesamt betreffen“, seet hien. Bei enger Staatsschold vu knapp 30 Prozent wiere senger Meenung no genuch finanziell Ressourcen do, fir steierlech Reformen unzegoen. Beim Thema Logement géif et zumindest ënnert alle Jugendparteien e Konsens ginn, wann och nëmmen a graffen Zich.
Dem Liam Bremer säi Fazit zur Wunnengsproblematik ass ganz kloer: „Mir hunn iwwer déi lescht Joerzéngten ee strukturell defizitäre Wunnengsbau par rapport zur Demande gehat.“ Et misst een sech also op dat Essenziellt fokusséieren: „Et muss méi gebaut ginn.“ Am Hibléck op déi nei Regierung, seet hien: „Eng nei Regierung sollt d’Wichtegkeet an d’Urgence vum Sujet Logement unerkennen.“ An se misst de Logement ganz kloer op déi éischt Plaz op der Prioritéitelëscht setzen. Generell wier et ubruecht, net ze zécken, fir déi néideg Outilen ze benotzen, an och fir Instrumenter anzesetzen, déi a priori vläicht net all de Bierger gefalen, wéi zum Beispill eng Taxe foncière op eidelen Haiser oder Bauplazen, mee schlussendlech wär dat jo am Interessi vun eiser ganzer Natioun, datt esou eppes ëmgesat gëtt.