President vun der Chambre immobilière nennt Léisungsusätz a seet, wou et klemmt

De Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière, erkläert sech d’Deierecht vun de Wunnengen unhand vu verschiddene Grënn. Engersäits wär de Privatsecteur ofhängeg vum fräie Marché, wou d’Demande no Wunnengen immens héich ass a gläichzäiteg d’Offer net do ass. Donieft géife mir hei zu Lëtzebuerg ee Secteur ganz schlecht zerwéieren, dee vum Logement abordable. Betraff wiere besonnesch déi jonk Leit, déi sech hei zu Lëtzebuerg eng Wunneng siche wéilten an net wéissten, wéi se déi finanzéiere kënnen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De Jean-Paul Scheuren chiffréiert déi grouss Demande no Wunnengen op circa 30.000 bis 40.000 Unitéiten, déi an den nächste Jore gebraucht ginn, awer net verfügbar sinn. Laut Statec-Prognose géif tëschent de Joren 2021 an 2026 déi demografesch Croissance ëm insgesamt ronn 68.000 Awunner zouhuelen. Dat wieren dann eng ronn 7.300 Wunnenge pro Joer, déi gebraucht géife ginn. D’Politik géif dogéint vu peanuts schwätzen an d’Zuel vun de Wunnengen, déi feelen, fir déi nächst Joren op honnert bis dräihonnert pro Joer bezifferen, seet de Jean-Paul Scheuren. Déi Diskrepanz misst iwwerwonne ginn, sou de President vun der Chambre immobilière. „Mir mussen eng bleiwend Léisung fannen, fir datt eis jonk Leit kënnen hei am Land wunne bleiwen, sech hei entwéckelen, hei eng Famill grënnen.“

Ee Léisungsusaz gesäit de Jean-Paul Scheuren doranner, de subventionéierte Kader am Beräich vum Logement abordable och fir de Privatsecteur opzemaachen. Dee wär nämlech nach komplett zou fir privat Betriber an nëmmen dem ëffentleche Secteur zougänglech, kritiséiert hien. „Am Moment ass dat awer net erwënscht, datt de Privatsecteur sech do amëscht“, bedauert hien. An dofir misst ee Mëttele fannen, fir datt de Privé sech och dofir interesséiert. Zousätzlech bräicht een awer dann och innerhalb vum Privatsecteur eng Volontéit, datt d’Acteuren sech ënnereneen eens ginn, wéi se sech am Beräich vum Logement abordable abrénge kéinten.

An trotzdeem gouf et mam Artikel 29bis vun der rezenter législation relative à l’aménagement communal et au développement urbain (ACDU) en éischte Schrëtt an d’Richtung vun enger Ouverture fir privat Betriber. D’Promoteure kënnen ënner bestëmmte Konditioune verpflicht ginn, an engem neie PAP NQ (Plan d’aménagement particulier « nouveau quartier ») en Undeel vun de Wunnengen, déi se an engem Projet bauen, fir de Logement abordable bereetzestellen. Als Kompensatioun däerfen se da méi grouss a méi dicht bauen.

Dem Jean-Paul Scheuren säi Virschlag wär et, dës Méiglechkeeten och op d’Ballungsraim am bestoende PAG (Plan d’aménagement général) ze erweideren, an net nëmmen op déi nei PAP‑NQen. Eng Gemeng sollt d’Recht kréien, och an dëse PAGen een oder zwee Stäck méi héich ze bauen, wann een dës exklusiv géif fir de Logement abordable ubidden. Do kéint een da senger Meenung no ënner anerem de ganzen Impakt vun den Terrainskäschten offiederen an d’Konstruktioun uschléissend revaloriséieren.

Wéi een 1.500 nei Wunnenge schafe kéint

Eng weider Stellschrauf gesäit hie beim Amortissement accéléré. Dësen Amortissement gehéiert zur Rubrik vun den aides à l’investissement locatif. Bis 2020 duerft de Keefer vun enger Wunneng, déi e verlount, järlech 6 Prozent – an dat an den éischte 6 Joer – vum Wunnengspräis ofschreiwen. Säit 2021 kann ee just nach 4 Prozent pro Joer wärend den éischte 5 Joer ofschreiwen. De Prinzip vum Amortissement accéléré sollt et dem Keefer vun enger Immobilie erméiglechen, säi steierpflichtegt Akommes ze reduzéieren. Den Amortissement accéléré däerf och just op maximal zwou Wunnengen applizéiert ginn. Dem Jean-Paul Scheuren seng Iddi wär et, engersäits dëse Maximum erëm opzehiewen an anerersäits den Taux erëm op den Niveau vu virun der Reform vun 2021 zeréckzeschrauwen. Dat ganzt misst awer un d’Bedingung gekoppelt ginn, datt een net méi ewéi 2 bis 2,5 Prozent vum investéierte Kapital als Loyer froen däerf. Dee Loyer misst een dann zéng Joer laang garantéieren.

Domadder kéime laut dem President vun der Chambre immobilière eng ronn 1.500 Wunnenge pro Joer am Logement abordable dobäi. Am Moment géif ee just ronn 60 Wunnengen am Beräich vum bezuelbare Wunnraum pro Joer bauen. „Dat sinn alles Solutiounen, déi kéinte gemaach ginn, mee wou einfach de politesche Wëllen net do ass.“

D’Politik géif senger Meenung no léiwer mam Fanger op e Sënnebock weisen an deem d’Schold un der Logementsproblematik an d’Schong schiben, ewéi den eigentleche Problem ze erkennen an ze probéieren, en ze léisen. Déi „Béis“ an den Ae vun de Politiker wiere gäre Promoteuren, déi Benefice maachen, oder Privatleit, déi vill Terraine besëtzen. D’Realitéit wär awer eng ganz aner. De Problem wär e gesamtwirtschaftlechen, an net nëmmen op Lëtzebuerg limitéiert, deen eben och gesamtwirtschaftlech misst geléist ginn. De Jean-Paul Scheuren ass der Meenung, datt d’Chambre immobilière net eescht geholl gëtt. Et géif esouguer sou wäit goen, datt een als Politiker net géif mat den Immobilienagencë schwätzen. „Si soen einfach, datt mir déi Schëlleg un der Deierecht sinn, an dann ass jidderee frou.“

D’Chambre immobilière hätt och Léisungen ausgeschafft, wéi een de Problem kéint ugoen, obwuel een als Deel vum Privatsecteur net dofir do wär, Léisungen ze fannen. Wann een dann en plus vun der Politik virun de Kapp gestouss géif ginn, dann hätt een och net méi wierklech d’Motivatioun, sech do mat anzebréngen, seet de President. An trotzdeem géif een u Léisunge schaffen an et hätt een och scho Projete lancéiert, wéi zum Beispill dee vum www.leahabitat.com, deen et de Leit duerch de Prinzip vum Épargne Logement erméiglecht, Proprietaire ze ginn, oder de Projet www.blochome.com, wou de progressiven Zougang zu Wunnenge gefërdert soll ginn. „Mir hunn als Privatsecteur probéiert, Léisungen ouni staatlech Ënnerstëtzung ze fannen, fir jonk Leit en Accès zum Logement ze beschafen“, seet hien. Et géif ee feststellen, datt an all de Länner d’Regierungen net mat enger Chambre immobilière zesummeschaffe wéilten, mee léiwer mat ASBLen, engem Fussballsclub, iergendengem Schéissclub, awer net mat de Profien. „Wann der dat net mat Profie wëllt maachen, da kritt der och just Amateursresultater“, seet hien.

D’Loyerspräisser explodéieren

De Jean-Paul Scheuren schwätzt vu Loyerspräisser, déi mëttlerweil explodéiert wieren. Vill Leit géifen sech, well se sech et net méi leeschte kéinten, eppes ze kafen, léiwer eng Wunneng loune goen. Mee och dat wär dacks net méi méiglech. „De Marché vun de Locatiounen ass am Moment amgaangen, zesummenzeschmëlzen ewéi d’Äis op de Polen“, seet de Jean-Paul Scheuren. Hien nennt dat en „totalen Echec vun der Logementspolitik“.

Hien erläutert, u wat dat läit: „Bei de Loyeren ass et esou, datt déi Leit, déi méi jonk sinn a manner Salaire hunn, vergrault gi vun deenen, déi méi déck Paien hunn a sech elo näischt méi kafe kënnen, dat se viru kuerzer Zäit awer nach hätte kënnen, well elo d’Zënsen esou héich sinn. Si verdrängen elo déi aner vun der Locatioun.“ Wann awer an e puer Joer d’Zënse rëm géifen zeréckgoen, da wëllen déi Leit, déi elo lounen, sech eng Wunneng kafen. Da géif de Präis erëm klammen. An dat wär alles erëm au détriment vun deenen, déi net sou vill verdéngen. „Wa muench Politiker da behaapten, datt de Privatsecteur versot hätt, da soen ech, datt de Privatsecteur mécht, wat en ebe mécht, e follegt der Offer an der Demande.“ A wann se gären hätten, datt de Privé an e subventionéierte Kader erakënnt, da muss een de subventionéierte Kader opmaachen, well deen ass komplett zou fir d’Privatwirtschaft.“

Aus dësem Grond ass de President vun der Chambre immobilière och der Iddi vun enger Allianz nom däitsche Virbild ënnert der Bezeechnung Bündnis für bezahlbares Wohnen und Bauen net ofgeneigt. Do hunn sech rezent d’Haaptacteure vum Logement ëm een Dësch gesat: d’Promoteuren, d’Baufirmaen, de Staat, d’Gemengen, d’Kierch als grousse Grondbesëtzer asw. Do sollt een dann der Fro nogoen, wat ee sollt maachen, fir méi bauen ze kënnen. An Däitschland huet d’Allianz eng ronn 200 Moossnamen als Léisungsusaz ausgeschafft. „Jo, mir probéieren, dat ze schmidden, mee do misst awer eng politesch Ënnerstëtzung do sinn, wou wéinstens gesot gëtt, dat, wat dir do maacht, dat ënnerstëtze mir“, seet de Jean-Paul Scheuren. Hien engagéiert sech scho säit iwwer 15 Joer fir de Logement abordable an hätt nach ni e Su dofir kritt. „Mir sollen net mam Fanger op ee weisen, mee eis zesummesetzen, d’Käpp zesummestrecken a froen, wéi kenne mer dat elo konkret upaken“, fuerdert hien. A vun der Privatsäit wär déi Offer säit Joren do. „Kommt, mer setzen eis zesummen a maachen eppes!“

De President huet den Tour bei alle Promoteuren zu Lëtzebuerg gemaach, bei deene groussen a klengen. Déi wieren alleguerte prett a sech bewosst, datt do e risegrousse Problem besteet fir eis Gesellschaft, sou säi Fazit. „Dat geet awer nëmmen, wa mir eis zesummesetzen a kucken, wéi mer dee Probleem léise kënnen“, seet hien. „Mir wëssen, datt mer net eis Wirtschaft kënne futti maachen, andeems kee sech méi e Loyer hei leeschte kann.“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.