Fir all Asaz eng Taktik

De Guy Bernar iwwer den Iwwergang zum CGDIS an iwwer d’Ängschte vun de Famillen.

Als „Chef de zone“ am nei agefouerte CGDIS huet hien dem Tageblatt en Abléck a säin (Aarbechts)-Alldag ginn a vun senger Aschätzung vum „Corps grand-ducal d’incendie et de secours“ erzielt. Senger Meenung no befanne sech d’Rettungsdéngschter zurzäit an enger nach ni do gewieschter Iwwergangsform.

Säit dem 1. Februar 1995 ass de Guy Bernar bei de Pompjeeën aktiv. Vun 1976 bis 1989 war hie bei der Escher „Protex“ täteg. 1995 ass hie schliisslech vun de „Ponts et chaussées“, senger deemoleger Aarbechtsplaz, bei d’Escher Gemengeverwaltung gewiesselt an huet schnell erausfonnt, datt him d’Pompjeeë Spaass maachen.

Den 1. Juli 2018 huet de CGDIS seng Aarbecht opgeholl. Säitdeem ass de Guy Bernar net méi „Chef de corps“, mee „Chef de zone“. Als esou ee befaasst hie sech gréisstendeels mat Verwaltungsaarbechten. Firwat huet et hie bei d’Pompjeeë gezunn? „Wat mech faszinéiert, ass d’Material, dat benotzt gëtt, an déi ganz Logistik, déi dohannert stécht.“ D’Mënsche géifen oft dovun ausgoen, datt d‘Pompjeeën nëmmen an Noutfäll ausrécke géifen – an dat war et. Mee virdru passéiert nach vill méi: D’Leit, déi hëllefen, musse Formatiounen absolvéieren an och d’Verwaltungsaarbecht hëlt een héije Stellewäert an. Hanner jidder Asaz stécht dem Guy Bernar no en héijen Opwand. Dozou gehéieren och déi reegelméisseg Übungseenheeten an den Entretien vum Material, well no engem Asaz muss scho mol eppes ersat ginn. All zwou Woche soll eng Übung ofgehale ginn, ausser an de Vakanzen. Angscht virun engem Asaz hunn d’Rettungskräften an der Reegel net. Mee kee Feier däerf ënnerschat ginn, egal wéi kleng et ass. Schonn éier d’Rettungskräften ausrécken, erschaffen si sech eng Taktik. Esou munch Asätz ginn si mat besonnescher Virsiicht un: Besonnesch Industriebränn wieren a Bezuch op d’Sécherheet kriddeleg. A wann e Feier an engem Haus ausbrécht, denken si virrangeg un d’Mënschen, déi ze rette sinn.

Mee eréischt op der Plaz gesinn d’Rettungskräften, wéi d’Gegebenheeten, deene si sech dann upasse mussen, sinn. En Asaz biergt natierlech och vill Risikoen. „Ech denken, eis Famillje maachen sech méi Suergen ewéi mir. Si fäerten, obwuel si et ni soen“, mengt de Guy Bernar. „Eigentlech missten si mol an engem Interview gefrot ginn, wat si dovun halen.“ Him wier bis elo nach ni eppes passéiert, „ausser datt ech mol iwwer de Läschschlauch gefall sinn“, erzielt hie mat engem Laachen. Besonnesch de Fräiwëllege wëll hien seng Unerkennung ausschwätzen, well eng Verletzung wärend engem Asaz e längere Krankeschäin zur Folleg kann hunn an déi Betraffen och iwwer Méint ewech heivu beanträchtegt kënne sinn.

Stoff fir e Buch

Niewent den üübleche Rettungsufroe gëtt et dem 56-järegen no allerdéngs och ganz kuriéiser. Eemol huet zum Beispill missten en Hond vum Daach gerett ginn an eng aner Kéier goufen d’Pompjeeë gefrot, ob si e Pool mat Waasser opfëlle kéinten. „Iwwer all dës Erliefnesser kéint ech mëttlerweil e Buch schreiwen“, geckst de Bernar. D’Mënsche géifen sech un d’Pompjeeë wenden, wann si net weider wéissten – oder awer „oft och aus Onwëssenheet“.

Säit 1990 ass de Bernar bestuet. Seng Fra hat hie bei der „Protection civile“ kennegeléiert. Hien ass Papp vun dräi Kanner – zwee Meedercher an engem Jong. Dës si mëttlerweil erwuessen a bereet fir de Start an d’Beruffsliewen. Hire beruffleche Wee huet allerdéngs näischt mat deem vun hirem Papp ze dinn. Dat wier bannent der Famill ni een Thema gewiescht.

Deen neie Corps vum CGDIS vereent déi fréier Protex, déi fräiwëlleg Pompjeeën, d’Beruffspompjeeën aus der Haaptstad a vum Fluchhafe grad ewéi d’Noutruffzentral 112 an engem gemeinsame Rettungsdéngscht.

Wéi d’Gespréich op seng Hobbye kënnt, muss hie fir éischt emol nodenken. „Wann d’Zäit et mir erlaabt, fueren ech gär Vëlo oder Motorrad.“ Hie wier och gär mam Auto ënnerwee, da géif hien seng Kanner zu Innsbruck oder Bréissel besichen. Mee e richtegt Hobby huet hien net. D’Pompjeeë géifen e gutt Stéck vun sengem Dag an Usproch huelen a munchmol och den Owend. „Wéi d’Kanner nach jonk waren, hunn ech si oft wéinst hiren Hobbye vun A op B misse féieren.“ Dat wieren op engem Weekend scho mol 350 Kilometer duerch dat ganzt Land gewiescht. „Mee d’Kanner sinn ëmmer virgaangen.“ Kanner, Pompjeeën an Haushalt ënner een Hutt ze bréngen, war net ëmmer einfach. „Do war virun allem d’Organisatiounstalent vu menger Fra gefrot.“ Vill Jore gouf doheem bei der Famill Bernar mat Post-itte geschafft, fir datt jiddweree wousst, wat een ze dinn hätt. „Ouni kloer Organisatioun hätte mir den Alldag net kënne bewältegen.“

En neit Beruffsbild

De CGDIS betruecht hien als eng Noutwendegkeet, sech selwer beschreift hien als e Virkämpfer. Vun der Reform erwaart hie sech, datt d’Rettungskräften elo vun enger Verwaltung ënnerstëtzt ginn an datt d’Aus- an d’Weiderbildunge stänneg verbessert an de Bedierfnesser ugepasst ginn. Direkt den zweeten Dag no der Aféierung vum CGDIS koum et zu engem grousse Brand op der Escher Grenz, deen domat zur „Feierdaf“ vun der ganz neier Kommandostruktur gouf. Zudeem huet et zu Rëmeleng an engem Silo op engem Industrieterrain gebrannt. Op béide Plazen hunn insgesamt 160 Leit géint d’Flame gekämpft.

De Bernar wëll kloerstellen, datt d’Mënschen am Fall vun engem Brand net hien, wéi et beim Groussbrand zu Esch de Fall war, mee direkt d’Noutruffzentral benoriichtege sollen. „Et hätt jo kënne sinn, datt ech guer net am Büro gewiescht wier.“ Dofir soll an all Fall den Noutruff 112 déi éischt Ulafstell sinn. No dëse gréisseren Asätz zu Esch war de „Chef de zone“ deeglaang mat Verwaltungsaarbechte beschäftegt. „Et ass jo net nëmmen den Asaz u sech, dono musse Berichter verfaasst ginn. Ech muss op all Froen eng Äntwert parat hunn.“ Mat dem CGDIS huet sech d’Aart a Weis, wéi d’Rettungsdéngschter ausrécken, geännert. „Mir ginn elo baussen op der Plaz anescht vir. Déi nei Organisatioun erliichtert eis d’Asätz. Zudeem existéieren elo keng Gemengegrenze méi. Och déi fräiwëlleg Pompjeesleit sollen duerch déi nei Strukture virun allem am Beräich vun der Verwaltungsaarbecht entlaascht ginn. Si sollen heihi kommen an sech op hiren Asaz, hir Weiderbildungen oder hir Übunge konzentréiere kënnen. Si hunn eng Zouweisung kritt a wëssen, wou hir Plaz am Asaz an am Pompjeeswon ass.“ Dëst wier elo wesentlech méi kloer opgedeelt an definéiert. Am Ablack wier een allerdéngs nach an enger Iwwergangsphas. „Et kommen nach vill Ännerungen. Et gëtt allerdéngs keen duerch déi nei Struktur schikanéiert.“ De CGDIS erfuerdert awer vun esou munchem, dee säit ville Joer am Rettungsdéngscht aktiv ass, eng Ëmstellung.

Am Asazzentrum an der Léon-Metz-Strooss sinn de Moment ronn 30 Fräiwëlleger aktiv, heibäi komme sechs Leit aus dem „Service“ an 20 „Beruffspompjeeë“ bei der Ambulanz, déi ronderëm d’Auer Déngscht hunn, och um Weekend. „Mir waarden elo drop, datt mir am Kader vum CGDIS Verstäerkung hei zu Esch kréien.“ Grad elo, wou mat de „Beruffspompjeeën“ en neit Beruffsbild geschafe gouf, hofft hien, datt vläicht e puer Jugendlecher dëse Wee aschloen. Et wiere jo ëmmer mol erëm Plazen ausgeschriwwen, mee vill Interessente géifen d’Sporttester net bestoen. Déi Verantwortlech wiere frou, wann si d’Mindestzuel, déi si brauchen a wëllen, erreeche kéinten.

Graden vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours

En Artikel vum Anne Ludwig

Dësen Artikel gouf an däitscher Sprooch den 18. Juli 2018 am Tageblatt Nr. 165 verëffentlecht.

Fotoen: © CGDIS.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.