Luc Marteling, Joergang 75, gebierteg vu Mäertert, wou hien och vun 1981 bis 1987 d‘Schoul besicht. 1994 mécht hie säi Premièresexamen op der Sproochesektioun vum Iechternacher Lycée. Duerno geet et weider op d‘Ludwig-Maximilians-Universitéit op München. Hei studéiert hie Kommunikatiounswëssenschaft, Philosophie a Psychologie a schléisst seng Studie mat engem Master of. Nom Studium schafft hien als Journalist. Am Ufank fir den Télécran, du fir d‘Lokalredaktioun vum Lëtzebuerger Wort, fir déi hie stellvertriedend verantwortlech war, éier hien 2008 bei RTL NewMedia wiesselt. Hei ass hie Chefredakter vun RTL.lu.
Foto: © Luc Marteling
Méi weess dee bekannte Sproochassistent Alexa leider net iwwer den éischten Direkter vum Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch ze erzielen! Genee dat ass de Luc Marteling nämlech säit dem 1. Juli 2019.
An och deen een oder aneren Detail huet d‘Alexa vergiess. Niewent der alldeeglecher Aarbecht, bei där de Medium ëmmer méi schnell ginn ass, vun der Wochenzeitung iwwer d‘Dageszeitung bei den Onlinemedium, entschleunegt de Luc Marteling säi Liewe souzesoen a geet erëm méi oder manner zeréck bei seng Wuerzelen, déi gedréckte Wierder um Pabeier. A senger Fräizäit schreift hien dat eent oder anert Sach- a Kannerbuch, iwwersetzt och emol hei oder do eng Geschicht an d‘Lëtzebuerger Sprooch a grënnt, quasi niewebäi am Joer 2013, zesumme mam Christiane Kremer a Viviane Leytem de Kremart-Verlag.
An och d‘Sprooche begleeden de Luc Marteling praktesch säi ganzt Liewe laang. Sinn et um Ufank vu senger Lafbunn nach éischter d‘Franséischt a virun allem dat Däitscht, esou réckelt d‘Lëtzebuergescht mam Wiessel bei RTL.lu ëmmer méi an de Mëttelpunkt. An och d‘Begeeschterung fir dës Sprooch gëtt ëmmer méi grouss, esou datt de Luc Marteling beschléisst, och nach kuerzerhand Luxemburgistik op der heemescher Uni ze studéieren.
Mee ass dem Luc Marteling de Sproocheninteressi schonn an d‘Wéi geluecht ginn?
L.M.: „Éischter manner – mäi Papp huet zwar gäre grouss Dichter zitéiert, sech awer net sonnerlech fir d‘Sprooch interesséiert an och net selwer geschriwwen. Ugaangen ass den Interessi am Fong mat engem Erliefnesaufsatz am 6. Schouljoer zu Mäertert – dobäi hat ech mech allerdéngs bei der Imaginatioun vu mengem beschte Frënd inspiréiert … Deemools hunn ech fir d‘éischt gemierkt, wéi eng Fräiheet een an der Sprooch, am Schreiwen, Liesen, Schwätzen, fanne kann. Am Lycée huet sech dat du weiderentwéckelt, och wann den Ufank schwéier war, op 7e ware meng däitsch Aufsätz wuel eng zimmlech Zoumuddung. Ma den Interessi un der Sprooch ass konstant gewuess, et koumen nei Sproochen derbäi … a wéinst der Léift zum Goethe sengem Faust goung et esouguer an Däitschland amplaz a Frankräich op d‘Uni. Just déi Lëtzebuerger Sprooch, déi gouf eréischt méi spéit a mengem Beruff e richtegt Thema, wéi ech als Internetjournalist quasi nach just an där Sprooch geschriwwen hunn – och dat war e laangwierege Prozess, dee beileiwen nach net ofgeschloss ass. Bon, am Fong gouf en elo eréischt sou richteg lancéiert :-)“
Säit dem 1. Juli steet hien als Direkter un der Spëtzt vum Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch, dee sech ëm d‘Norméierung an d‘Fërderung vun eiser Sprooch këmmere soll. Hei muss hien awer net bei Null ufänken. Hei besteet schonn eng Ekipp, déi an de leschte Jore schonn esou munches op d‘Bee gestallt huet, ënner anerem de Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD.lu.
Mee wéi waren déi éischt Deeg op där neier Plaz?
L.M.: „Intensiv. Awer och flott. Nei Leit kenneléieren an nei Saache bäiléieren, wat wëll ee méi? D‘Sprooch ass e risegen Domän a gläichzäiteg e kriddelegen, well et geet ëm Rationalitéit an och ëm Emotionalitéit. Ob ech Verfolgungsjuegd oder Course-poursuite soen an ob ech e Wuert mat c oder k schreiwen, dat si perfekt Beispiller dofir. Als Journalist, Auteur oder Editeur hat ech ëmmer eng oppen an tolerant Approche. D‘Sprooch soll jo virun allem verbannen. D‘Equipe vum Zenter gesäit dat grad esou, och wann d‘Norméierung vun der Sprooch zu hire Missioune gehéiert. Ma dat eent schléisst dat anert jo net aus. An datt mam Lëtzebuerger Online Dictionnaire schonn eng genial gutt Viraarbecht geleescht gouf, hëlleft enorm …“
A wéi steet et ëm d‘Zukunft vum Dictionnaire? Ginn et hei schonn Iddien?
L.M.: „Tonnen! Den Zenter huet nach vill op der Lee, wat den Dictionnaire ugeet. Fir d‘éischt gëtt en un déi completéiert Lëtzebuerger Orthographie ugepasst, déi soll jo am November offiziell virgestallt ginn. Vun deem Ament un nenne mir en dann och einfach „Lëtzebuerger Dictionnaire“, och wann en online bleift, den Numm LOD ass also egal wéi richteg. Den Opbau vum LD oder LOD ass excellent, och mat sengen Iwwersetzungen a véier Sproochen, sengen Audiodateien a senge Flexiounstabellen. Deen héije Standard wëlle mir natierlech bäibehalen, gläichzäiteg awer d‘Usability verbesseren, zum Beispill datt een als Benotzer méi Sichfunktiounen huet. Dernieft sollen Info-Boxen (wéi elo schonn ë. a. bei den Artikele Schueberfouer a Bockfiels) den Dictionnaire nach méi attraktiv maachen. An den nächste Jore sollen dann och geziilt Vocabulairë vun eenzele Beräicher opgeschafft an d‘„Luxemburger Wörterbuch“ dran integréiert ginn. Fréier oder spéider wieren och Etymologië sënnvoll, vläicht och nach eng Versioun op Pabeier an, wann ee ganz wäit an d‘Zukunft denkt, wier et natierlech flott, wann ee sech enges Daags och mam LD alias Elldee ënnerhale kéint, nom Motto:
Elldee, wéi schreift ee Schaarschtech?
Schaarschtech schreift een: groussen s, dann c, h, zweemol a, r, s, c, h, t, e, c an h.
Elldee, kanns du mir de Superlativ vu gutt soen?
De Superlativ vu gutt ass „am beschten“.
Elldee, ech sichen e Wuert mat véier Buschtawen, dat mat h ufänkt an s ophält.
Ech proposéieren „Hals“ oder „Haus“ oder „Hues“ …
Elldee, wéi vill lëtzebuergesch Wierder fänke mat engem y un?
Ech hunn a menger Datebank 6 Wierder, déi mat y ufänken.
Dreemen ass jo erlaabt a mat enger performanter Datebank si spéider super Saache méiglech. Den Dictionnaire brauch op alle Fall e modernen Interface a fir datt eis Sprooch den Zuch an d‘Zukunft net verpasst, sollt een onbedéngt och Richtung Sproocherkennung denken – firwat net och beim LD …“
D‘Sproocheronne vum Ministère ware gutt besicht, an d‘Leit hunn sech abruecht an hu monter Propose gemaach. Sollen et an Zukunft nach weider Méiglechkeete ginn, wou d‘Leit sech abrénge kënnen?
L.M.: „Natierlech! Den Zenter wëll eng Informatiouns- a Kontaktplaz sinn. Hie muss net alles zentraliséieren, ma soll do sinn, wann een e brauch – sief et bei Froen zu der Grammaire, sief et bei Zweiwel un engem Wuert an natierlech och, wann een en neit Wuert oder eng nei Schreifweis proposéiere wëll. Den Zenter huet en oppent Ouer a stellt seng Capacitéiten an Datebanken no Méiglechkeet zur Verfügung. Wie wëll, kann an den Zenter kommen, ma den Zenter wëll och bei d‘Leit goen – wéi et sech fir eng lieweg Sprooch gehéiert!“
A wou gesäit de Luc Marteling den Zenter an 10 Joer?
L.M.: „Am Häerz vun der Stad an an de Käpp vun de Leit. Wann den Zenter an där Dekad dozou bäidroe konnt, d‘Lëtzebuergescht als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch ze erhalen a weider ze etabléieren, dann huet e seng Missioun erfëllt. An datt mer vill flott Weeër fannen, fir dat ze erreechen, doriwwer maachen ech mer keng Suergen. Mir hunn eng ganz Maandel voller Iddien a wëllen déi mat den Acteuren um Terrain ëmsetzen – de jonken an de manner jonken, de privaten an den institutionellen, deene vun hei an deene vun dobaussen.“
A wie weess… vläicht léiert d‘Alexa jo och enges Dages Lëtzebuergesch…