D’Haus vun de Sproochen

Grënn, fir eng nei Sprooch ze léieren, ginn et der vill. Sief et, well een nei an engem Land ass, sief et, well ee sech an der Vakanz a Landessprooch verstännege wëll, oder einfach begeeschtert aus Freed u Sproochen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Eng éischt Ulafplaz dofir ass den INL, den „Institut National des Langues“. Am Mee 2019 ginn et zéng Joer, datt den Institut dësen Numm mat engem gewësse Stolz dréit. Als Centre de Langues war den Institut scho säit 1991 aktiv.

De Sproochen- a Bildungszenter INL fënnt een an der Stad Lëtzebuerg direkt niewent dem grousse Glacis-Parking, wou all Joer op en Neits d’Schouberfouer en Doheem fënnt an d’Leit begeeschtert. „Dat flott Gebai war fréier de Sëtz vun der éischter offizieller Europaschoul a staamt aus de Fofzegerjoren“, erzielt eis de Luc Schmitz, Attaché de direction beim INL. Et ass an engem Zäitraum vun 30 Méint komplett sanéiert, renovéiert an erweidert ginn an huet haut 40 Klassen- an eelef Examenssäll. Bei der Renovatioun gouf grousse Wäert drop geluecht, d’Architektur an d’Geschicht vum Gebai ze erhalen.

D’Mëschung tëschent Al an Nei ass wierklech gelongen. Modern Elementer, kombinéiert mat den alen, klengen, quadratesche Plättercher, hunn hire Charme an et fillt een sech direkt wuel an zum Deel zeréckversat an déi eege Lycéeszäit. A wuelfille soll een sech hei, esou d’Karin Pundel, déi als Direktesch zanter 2014 d’Geschécker vum INL leet.

Aacht Sprooche sinn et mëttlerweil, déi een um INL léiere kann. Niewent de „klassesche Sprooche“ Franséisch, Däitsch an Englesch kann een um INL och Spuenesch, Italienesch, Portugisesch a Chinesesch léieren. An natierlech Lëtzebuergesch. A genee déi Sprooch erlieft am Moment en Opschwong, ëmmer méi Leit schreiwen sech an d’Lëtzebuergesch-Coursen an.

Zanter d’Nationalitéitegesetz am Joer 2017 geännert gouf, ass d’Nofro, fir de Lëtzebuerger Sproochentest ze maachen, rasant an d’Luucht gaangen. Vu ronn 1.300 op méi ewéi 2.000 Leit am Joer 2018, déi op dës Manéier d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréie wollten. Beim Ofschlosstest ginn zwou Kompetenze gepréift: schwätzen a lauschteren. Beim Schwätze muss een sech op engem Niveau A2 kënnen ausdrécken a beim Héieren ass en Niveau B2 gefrot.

An och d’FormatiounZertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ gëtt vu Joer zu Joer méi beléift. D’Formatioun riicht sech u Leit, déi als Formateure fir d’Lëtzebuergescht an der Erwuessenebildung eng Plaz fanne wëllen.

Et sinn awer net nëmmen déi ugebuede Sproochecoursen, déi am INL ze begeeschtere wëssen! Och baussent de Coursë gëtt villes gebueden, datt een sech wuelfillt a seng Sproochkompetenze verbessert. Esou gëtt et zum Beispill eng Mediathéik um Rez-de-chaussée vum Gebai. Hei fënnt een alles, fir sech an der jeeweileger Sprooch weidert Wëssen unzëeegnen an se ze trainéieren: ob Liesbicher, CDen oder DVDen, et ass vun allem do. An och an der Mediathéik fillt een sech direkt wuel. Duerch de ganze Sall fënnt een eng Hellewull bequeem Sëtzgeleeënheeten, déi ee praktesch alueden, sech dran ze setzen an sech op d’Zeile vun deem ausgeléinte Buch ze stierzen. D’Mediathéik bitt awer nach méi ewéi dat: Et gëtt do och deen een oder anere Raum, an deen een sech a Rou zeréckzéien an sech voll a ganz op dat geschriwwent Wuert konzentréiere kann.

„Hei entsteet ëmmer eng immens Gruppendynamik“, erzielt eis d’Karin Pundel mat engem gewëssen Houfert. An dës Dynamik bleift net an de Klassesäll hänken, mee geet duerch dat ganzt Haus. Iwwerall gëtt geschnabbelt a gepotert, wéi een esou schéin op Lëtzebuergesch seet. D’Leit tauschen sech aus, schwätze mateneen, sief dat an enger vun de Sëtzgruppen an der Mediathéik oder och an der grousser Kantin vum INL, an där een de ganzen Dag iwwer e gudde Maufel ze iesse kritt.

„Dës Dynamik wëlle mir fërderen an de Leit och baussent de Klassesäll Méiglechkeete bidden, sech ze verbesseren“, erzielt eis de Luc Schmitz. Reegelméisseg ginn zum Beispill Sproochecaféen organiséiert. „Eise jéngste Projet ass den Tandem“, verréit hie weider. Hei sicht ee sech per „Steckbréif“ un enger Pinnwand e „Sproochepartner“, deem seng Mammesprooch déi ass, déi ee selwer grad am Gaangen ass ze léieren. Esou entsti bal niewebäi flott Koppelen, Schnabbelkoppelen, kéint ee soen. „D’Iddi ass nach ganz nei, an de Projet nach an de Kannerschong“, seet de Luc Schmitz, trotzdeem gëtt den „Tandem“ vum éischten Dag u monter genotzt. A geet et him no, soll dës Plattform a kuerzer Zäit weider ausgebaut ginn. Eng „Sproochen-Dating-Bourse“ nennt hien se mat engem Laachen.

An de leschten zéng Joer ass beim INL vill passéiert. Mëttlerweil si ronn 130 Leit aus alle Beräicher do beschäftegt a këmmeren sech drëm, datt de „Buttek“ leeft. An dat säit 2005 och net méi nëmmen an der Haaptstad vum Ländchen. An dësem Joer mécht an der Mëtt vum Land, zu Miersch, deen neie Site vum INL do seng Dieren op. An och am Süde vum Land, um Site Belval, fënnt een den INL säit 2017.

Eng nei Sprooch léieren?
Mat Freed?
Ouni Kniet a Knätzelen?

Schreift Iech an an ee vun de sëllege Coursen um INL!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.