Gamescom zu Lëtzebuerg - LGX an der Foireshal

D’Gamescom zu Köln, d’CES (Consumer Electronics Show) zu Las Vegas, d’E3 (Electronic Entertainment Expo) zu Los Angeles oder d’TGS (Tokyo Game Show) a Japan, alleguer sinn se weltbekannt. Egal, wat een dovun hält, se hunn en enorme Succès a sinn e lukratiivt Geschäft fir jiddereen, deen am Secteur vun de Videospiller aktiv ass. Vergläiche kéint een se mat der IAA (International Motor Show) fir den Automobilsecteur oder fréier der CeBIT fir den IT-Beräich.

Verständlech ass, datt dës Eventer finanziell lukrativ sinn, wann ee sech d’Zuelen ukuckt, déi dëse Marché ewell erreecht huet. Mat engem globalen Ëmsaz vu ronn 140 Milliarden Dollar ass d’Videospillindustrie wäit virun der Film- oder Musekindustrie, mat 19,5 bzw. 41,5 Milliarden Dollar! An d’Tendenz weist säit deene leschten zéng Joer no uewen, e Plafong ass net a Siicht.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Zu Lëtzebuerg gouf et bis ewell näischt an där Richtung, wat sech un deene grousse Kolleege vun der Gaming-Foires-Zeen inspiréiert hätt. 2015 huet sech 11F, eng lëtzebuergesch Community, déi an de Beräicher Sport, Filmer a Spiller aktiv war, geduecht, et kéint een eng änlech Convention hei zu Lëtzebuerg op d’Bee stellen. A genee dat hu si 2016 gemaacht. D’LGX (Luxembourg Gaming eXperience) war gebuer. Déi éischt Joren huet se jeeweils zu Munneref am Casino stattfonnt, éier sech fir de Site vun der Luxexpo entscheet gouf. D’Hal, och nach The Box genannt, gehéiert zur Luxexpo a bitt mat 6.400 m2 eng véiermol esou grouss Fläch ewéi de Casino. Dofir konnt ab 2019 honnertfofzeg Aussteller Plaz gebuede ginn an et goufen jeeweils iwwer 14.000 Visiteure begréisst.

Iwwer 150 Aussteller, vun eenzelen onofhängege Leit aus dem Gamingsecteur bis hin zu grousse Betriber, waren ab deem Zäitpunkt vertrueden. Op der Plaz konnt ee sech gutt ameséieren, sief et op de Statiounen, wou ee selwer spille konnt, oder op eenzele Posten, wou engem eng komplett VR-Rees erméiglecht gouf. Net nëmme Spillkonsolen huet ee gesinn, och vill Dëscher, un deene Persoune vis-à-vis souzen a sech géigesäiteg mat Kaarte „bekämpft“ hunn. Fir Iessen a Gedrénks wor, esou wéi et sech zu Lëtzebuerg gehéiert, och ëmmer gesuergt. Op verschiddene Plazen am Raum konnt een och Büne fannen, op deene keng Popstars opgetruede sinn, mee Spiller live géinteneen ugetruede sinn. 

Esouguer international Prominenz huet sech op dësem Event zu Lëtzebuerg blécke gelooss. Esou hunn deemools, am Joer 2019, zwee berüümte Schauspiller aus der beléifter US-amerikanescher Serie „Game of Thrones“, den Tom Wlaschiha („the faceless man“) an de Mark Addy (Kinnek Robert Baratheon), Autogrammen op der LGX ginn. De Fabio de Aguiar, Grënner vun 11F, hat deemools vun engem vollen Erfollëg geschwaat. 

Iwwerrascht gouf een dunn awer am Virfeld vun der Editioun 2023. Dës huet missen ofgesot ginn, well d’Gesellschaft 11F Luxembourg (Deralu), geleet vum Fabio De Aguiar, Faillite ugemellt hat. D’Ticketen kann een entweder fir d’Editioun 2024 behalen oder d’Suen op refund@lgx.lu zeréckfroen. D’Grënner vun der LGX hunn doropshin decidéiert, d’Organisatioun nom Bankrott vun der Firma Deralu ze iwwerhuelen. Si sinn zouversiichtlech, datt d’Editioun 2024 rëm wäert stattfannen. 

De Konterbont wënscht deenen zukünftegen Editioune vun der LGX weiderhi vill Erfolleg.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.