De Premièresexamen ass gepackt, wat fir e beruffleche Wee soll een elo aschloen? Ville jonke Leit ass de Gedanken, de Rescht vum Beruffsliewen op engem Büro ze verbréngen, alles anescht ewéi sympathesch. Do kléngt eng Karriär als Programméierer oder Designer vu Computer- an Online-Spiller dach méi interessant!

Zënter der Rentrée 2018 bitt de Stater Lycée des Arts et Métiers (LAM) zwou BTS-Formatiounen (Brevet de Technicien Supérieur) am Game-Beräich un: BTS Game Programming and Game Design an BTS Game Art and Game Design. Dës Studiegäng, déi vum Informatikprofesser Christian Boudot geleet ginn, sinn dorop ausgeluecht, d’Studenten op d’Entwécklung vun digitale Spiller virzebereeden. Bei der zweejäreger Ausbildung steet d’Vermëttlung vun zolittem theoreeteschem Wësse grad esou am Mëttelpunkt wéi d’Ëmsetze vun deem Geléierten an d’Praxis.

Fir iwwerhaapt fir eng vun de Formatiounen a Fro ze kommen, muss ee bei engem Opnamexamen ënner déi zwielef Bescht kommen, da gëtt een op en Interview geruff, deen op Englesch geféiert gëtt (iwweregens gëtt déi ganz Formatioun op Englesch gehalen). Deen Auswielprozedere ass néideg, well pro Joer nëmmen 12 Schüler/innen pro Klass opgeholl ginn.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Eng vun den éischten Aufgaben, déi vun den zukünftege Game-Cracke musse gemeinschaftlech ugepaakt ginn, ass d’Realisatioun vun engem ganz traditionelle Brietspill! „Esou léiere si“, erkläert de Christian Boudot, „e Spill logesch opzebauen, ouni sech direkt am Ufank musse mat der Technik erëmzeschloen.“ Wichteg wier dobäi virun allem, datt d’Programméierer an d’Designer, déi meeschtens eng ganz ënnerschiddlech Aart a Weis hunn, fir un e Projet erunzegoen, Geleeënheet kréien, eppes zesummen ze realiséieren. Am Joer sti 600 Projetsstonnen um Programm, dovun zwee Drëttel, bei deenen déi zwou Gruppen d’Aufgab an enker Zesummenaarbecht ëmsetze sollen.

Gutt an der Mathé ze sinn, ass fir d’Programmeure keen Nodeel, well zum Beispill d’Beweegunge vun de Figuren an engem digitale Spill no mathematesche Grondlage musse konzipéiert ginn. Fir e Game-Designer ass niewent vill Imaginatioun och Talent esouwuel am Fräihandzeechne wéi och am 3D-Modeling erwënscht.

An der theoreetescher Formatioun gi ganz ongewéinlech an interessant Aspekter beliicht. Dat geet vu geschichtlechem Hannergrondwëssen (schonn am ale Mesopotamie gouf et Spiller, déi waren zwar net digital, sinn awer haut nach spillbar) bis zu den Ausféierungen, d’Iwwerfuerderung, d’Méiglechkeeten an d’Grenze vum mënschleche Gehier – e wichtegt Theema bei der Spillentwécklung, well d’Benotzer sollen iwwer dem Spillen net mat ze vill Informatiounen an doduerch ofgelenkt ginn. Natierlech gëtt och deen néidegen techneschen Instrumentarium am Fong analyséiert an an der Praxis fläisseg genotzt.

„Mir probéieren, d’Schüler op eng selbstänneg Karriär ze preparéieren“, seet de Christian Boudot, deen déi jonk Leit mat senge Proffekolleege betreit. D’Méiglechkeete fir eng Festustellung wieren am Moment net ideal. Zwar hätten auslännesch Spillentwécklungsfirme probéiert, sech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen, sech dunn awer zeréckgezunn, well se hei am Land kee spezialiséiert Personal fonnt hunn … Dat ze änneren, ass natierlech ee vun de Grënn, firwat dëse BTS iwwerhaapt an d’Liewe geruff gouf!

„Digital Spiller ze entwéckelen heescht net, am däischtere Keller ze versaueren!“, betount de BTS-Verantwortlechen. „Dofir si mir beméit, eis Schüler op en aktiivt an extrovertéiert Beruffsliewe virzebereeden.“ Nieft Disziplinne wéi „Augmented & Virtual Reality“ gëtt et dofir och Fächer wéi Project Management, Comptabilitéit, Rentabilitéit an Entrepreneurship.

Et gëtt och vill gemaach, fir de Kontakt mat der Branche ze fleegen: Engersäits ass d’Schoul op ville Game Conventions vertrueden an och an Initiative wéi dem Talent Hub agebonnen, deen den LAM mat Ënnerstëtzung vun der Regierung gegrënnt huet. D’Missioun vum Talent-Hub ass et, d’Welt vun den Entreprisen an d’Schoul beieneen ze bréngen. En absolute Novum zu Lëtzebuerg ass et, datt sech eng Rei selbstänneg Entrepreneren um Gebitt vun der Spillentwécklung am Schoulgebai an der Rue de la Congrégation mat eegene Büroe niddergelooss hunn. Dës Firmen organiséieren reegelméisseg Interventiounen a Workshops mat de Studente fir ëmmer um leschte Stand vun der Technik ze bleiwen. Zesumme mat de Proffen ënnerstëtzen si déi Jonk Dag fir Dag mat Referater, Rotschléi a vill praktescher Hëllef op hirem Wee.

Vill Achievement, wéi et am Gameplaying heescht, ass also bei dësem Studium gefrot, mee bei sou gudde Startkonditiounen ass de Succès jo bal … virprogramméiert. Bleift deemno just nach ze soen: „Let the games begin!“

En Artikel vum Patrick Calzi

©stephaneginier.com

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.