De Kinneksbond

De Centre Culturel Mamer an d‘Saison 2023/2024

© Paulo Lobo
© iMedia
© Paulo Lobo
© Paulo Lobo

E puer Minutte vun der Stad ewech fënnt een de Kinneksbond, de Kulturzenter vun der Gemeng Mamer, deen dem Public e vilfältege Programm ubitt an de kulturelle Räichtum vum Groussherzogtum Lëtzebuerg demonstréiert souwéi och d’Talent vun de Schauspiller, déi aus allen Ecke vum Land an driwwer eraus kommen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De Kinneksbond presentéiert all Saison eng ronn 40 ofwiesslungsräich Spektakelen an offréiert senge Visiteuren en Erliefnes, dat de Virwëlz ureege soll. Och wann de Kulturzenter déi Jonk als kënschtlereschen Nowuess fërdert, entwéckelt en all Joer eng grouss Panoplie vu Projete fir Kanner a Jugendlecher.

Mat sengem Sall fir bis zu 433 Leit ass de Kinneksbond eng Plaz, fir sech ze treffen, sech matzedeelen an zäitgenëssesch Kreatiounen an all hire Facetten ze entdecken: Theater, Danz, neien Zirkus a Musek … déi kulturell Offer vum Kinneksbond vu Mamer presentéiert dem Publikum déi vill Méiglechkeeten, mat deenen een d’Konscht vermëttele kann.

Dës Philosophie war de Roude Fuedem beim Ausschaffe vum Programm fir d’Saison 23/24 a bitt eng Hellewull vun Opféierungen, déi aus enger grousser kreativer Vilfalt stamen. Déi eng Kreatioune stellen eis Welt vun haut a Fro, aner Kreatioune verléieren sech an anere Welten – béid Approchë spillen eng wichteg Roll an der Konscht. Egal wéi, déi ugebuede Wierker hunn all eppes gemeinsam: Se wäerten net ophalen, eis ze beandrocken!

E puer Beispiller?

Concerto pour deux clowns

Les Rois Vagabonds
Donneschdes, de 25. Januar 2024 um 8 Auer owes

Vivaldi, Strauss a Bach –  jo, mee interpretéiert vun engem lëschtegen a gläichzäiteg poetesche Clown-Akrobaten-Duo!

Ween huet da gesot, datt ee Clownen net däerf eescht huelen? Vun der Pantomimm iwwer d’Akrobatik bis zu der Musek setzen sech eis béid Vagabunde mat enger beandrockender Polyvalenz iwwer kënschtleresch Grenzen ewech. Als Gewënner vum Publikumspräis beim „Festival OFF“ zu Avignon fannen dësen athleetesche Mann an dës virtuos Fra, déi genausou talentéiert op der Gei wéi och an hiren akrobatesche Verrenkungen ass, trotz den erbatterte Géigesätz eng gemeinsam Basis. 

Ouni och nëmmen ee Wuert ze soen, bidden déi zwee eis e klassesche Concert, deem seng Iwwerdimensionalitéit, seng Exzentrik a seng Komik keng Grenze kennt. Ob an der Bléi vum Liewen oder mat groen Hoer – Iwwerraschung, Staunen, Laachen an Emotioune si garantéiert!

Kevin

Arnaud Hoedt / Jérôme Piron 
Freides, den 1. Mäerz 2024 um 8 Auer owes

Um Beispill vun engem Schüler, dee Kevin heescht, zeechnen zwee fréier Proffen – net ouni Humor – d’Bild vun engem Bildungssystem, deen an zwou verschiddene Vitesse funktionéiert. 

Et gi Proffen, déi hir Schüler gären hunn, a kompetent Pedagogen, deenen hir Perséinlechkeet u sech schonn eng Lektioun fir d’Liewen ass. Et ginn och déi implizéiert Elteren, déi jonk Kandidaten an déi kompetent Schouldirektiounen, déi bis zu hirer Erschëpfung kämpfen. Mee dëst Stéck schwätzt net vun hinnen. Et erzielt d’Geschicht vum Kevin. Well de Kevin war an der Schoul nëmmen zum Scheitere verurteelt …

Nodeems den Arnaud Hoedt an de Jérôme Piron an hirem erfollegräiche Stéck La Convivialité déi franséisch Rechtschreiwung zerluecht, analyséiert an entweit hunn, setzen si hir Erfuerschung vum Bildungssystem fort, woubäi se des Kéier en naiven, viragehollenen, dokumentéierten a freedeg-onbefaangene Bléck op d’Institutioun selwer geworf hunn. Unhand vu kommunikativer Energie wäerten se probéieren, déi vill Grënn – soziologesch, strukturell, kognitiv a pedagogesch – opzedecken, firwat d’Schoul hiert Verspriechen, all Kand déi selwecht Chancen op Erfolleg ze bidden, net anhale kann. 

De Programm, Informatiounen a Reservatioune fannt Dir op www.kinneksbond.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.