Mat sechs Joer huet Konscht dem Jacques säi Liewe komplett verännert. Als klenge Bouf ass bei him eng Dyslexie, also eng Lies-Rechtschreif-Stéierung, festgestallt ginn a seng Elteren hunn hien a Frankräich an eng speziell Schoul heifir geschéckt. Hei huet de Jacques sech awer net wuel gefillt, krut wéinst senge knallegen orangen Hoer vun deenen anere Schüler Remarke gemaach an hat net vill Frënn. Enges Daags dunn huet seng Boma hie mat spadséiere geholl. Wéi dee Klengen iwwert de Pont Adolphe, also d’Nei Bréck, getrëppelt ass, koum him eng Iddi: Wat wier, wann hien dës géif molen? Zeréck doheem huet e sech dunn direkt un d’Aarbecht gemaach – säin éischt Konschtwierk war gebuer.
Wéi de Jacques senger Klass d’Zeechnung den Dag drop gewisen huet, waren déi aner Kanner begeeschtert. Vun do u wosst de Lëtzebuerger: Fir hie géif et keng aner Optioun ginn. „Ech wollt Konscht maachen. Et gouf a mengem Liewen ni e Plang B, well dat mat der Konscht huet einfach misse klappen“, esou den Artist. Haut, 33 Joer méi spéit, ass säin Dram an Erfëllung gaang. Ech besichen hien a sengem klenge Concept-Store an der Louvignysgaass an effektiv: Andauernd komme Leit eran, fir sech seng Konscht unzekucken. Ee Bild geet mat an d’USA op Denver, zwou Damme kafen en Teller, anerer kommen einfach era luussen, well d’Geschäft zitt scho vu baussen un.
„Et ass einfach ëmmer eng gutt Ambiance heibannen“, seet de Jacques. Hie versicht, esou vill wéi méiglech sur place ze sinn, fir senge Clientë seng Wierker ze erklären, ma all Dag packt en et awer net, well als Kënschtler ass en nonstop gefrot. „Den 1. Oktober waren et 700 Projeten, déi ech eleng dëst Joer realiséiert hunn. Et ass einfach geckeg, mee ech kréie quasi all Dag nei Ufroen an hat nach ni en Dag, un deem ech net kreativ geschafft hunn“, esou de Jacques. Et wier schonn ëmmer säin Dram gewiescht, en eegenen Atelier an en eegene Buttek ze hunn – heiansdo kéint en et bal net gleewen, datt dat elo alles wouer ginn ass.
Seng Konscht ass fir hien eng Manéier, Leit mateneen ze verbannen, ma och seng Léift zu sengem Heemechtsland auszedrécken: „Et ass eppes immens Perséinleches an Intimes, well wann ech Konscht maachen, da weisen ech mech op eng Aart plakeg.“ Et wier u sech witzeg, datt hie schonn iwwer 30 Joer laang „dat selwecht“ mécht, nämlech Symboler vum Grand-Duché ëmmer nees op eng nei Manéier duerzestellen, ouni datt et em langweileg gëtt, ma en hätt einfach genee dat fonnt, wat zu em passt, an dat gesäit een och. Seng verschidde Kollektiounen – d’Kleeder aus der Serie „Stolz op eis Fouer“, d’Porzeläin-Set „De Neie Lëtzebuerg“, d’Fussbäll an Tricote mat der Opschrëft „Roude Léiw, huel se“, d’Upcycling-Poschen aus der Serie „Cargolux inspire Jacques Schneider“, fir der just e puer ze nennen – ginn dacks an Zesummenaarbecht mat anere Lëtzebuerger Betriber oder Institutioune geschaf, well dem Jacques ass et wichteg, e positiivt Zesummeliewen ze fërderen.
„De Räichtum vun enger Gesellschaft entsteet duerch d’Leit, déi an hir liewen, a mir sinn all verschidden, dat wëll ech mat menger Konscht weisen“, erkläert de Kënschtler. E puer Saachen, zum Beispill déi rout Häerzer als Aen, zéie sech dobäi duerch seng Wierker wéi e Roude Fuedem: „Ech hunn immens vill verschidde Marke geschaf, dorënner och meng Klassiker ‚Léiwe Boy‘, ‚Léift Girl‘ oder ‚Fille grand-ducale‘ a ‚Garçon grand-ducal‘, an ech hunn iergendeppes gesicht, wat se all géif matenee verbannen. De Lien sinn ëmmer ech, also hunn ech mir d’Fro gestallt, wat mech dann ausmécht? Ech hunn ëmmer eng Kap un an natierlech mäi roude Baart, mee et huet einfach nach eppes gefeelt. Ech war a mengem Liewen ëmmer frou oder verléift, an esou sinn dunn d’Häerzer entstan.“
Eppes, wat dem Jacques schonn zanter Joren e weidere Grond gëtt, glécklech ze sinn, ass d’Relatioun zu der groussherzoglecher Koppel, déi hien op enger Soirée duerft kenne léieren an ëmmer nees a verschiddene Versioune moolt: „Ech hätt ni geduecht, datt ech de Grand-Duc eng Kéier géif treffen, mee wéi hien deemools viru mir stoung an all meng Konschtwierker kannt huet, war dat e richtege Wow-Moment.“ Seng Passioun fir Lëtzebuerg a seng Geschicht weist sech och doran, datt de Jacques gären an d’Nationalarchive geet, fir sech hei fir seng Wierker ze inspiréieren. Gréisstendeels moolt de Kënschtler awer einfach, wat en am Alldag gesäit.
Ee Projet, deen him immens um Häerz läit, wëll hien dann och nach promouvéieren: Zanter dräi Joer bréngt hien alljoers fir Kleeserchersdag zesumme mat der Kannerklinick eng Kollektioun mam Kleeschen eraus. Dëst Joer wäert de Projet sech fir d’éischte Kéier duerch d’ganzt Joer zéien, well den Erléis vum Verkaf geet un d’Spidol. „Mir hunn de Plower ‚Dat braavt Kand‘ esou gestalt, datt de Kleesche bannendran ass an een en net gesäit, wann een en unhuet. Esou kënnen d’Leit en och nom Dezember nach undoen a mir kréien hoffentlech nach méi Suen eran, fir der Kannerklinick ze spenden“, esou de Jacques.
De Schluss vum Joer wäert nach sportlech ginn, ma iwwer ze vill Aarbecht beklot de Kënschtler sech net. Wann een all Dag dat dierf maachen, wat engem am meeschte Spaass mécht, an domat och nach Succès huet, da gëtt et jo och kee Grond ze maulen, an däers ass sech de Jacques Schneider all Moment vu sengem Liewe bewosst.
En Artikel vum Laura Tomassini
Fotoen: © Jacques Schneider