Scho vu Wäitem gesäit een déi faarweg Fassad vum Eckhaus, un där den Alain Welter grad schafft. Vum ieweschte Parking bei der Bréck vun der Schëfflenger Gare huet een déi beschte Siicht op dat neiste Wierk vum Lëtzebuerger Graffiti-Kënschtler. Den Alain Welter ass mol an den Huppen, mol steet e gestreckt um ieweschte Briet vun der Stee, déi laanscht d’Fassad vum Eefamilljenhaus opgeriicht gouf, fir un déi eenzel Elementer vun deem risege Bild drunzekommen.
„Grad sinn ech amgaangen, d’A vum Storch ze molen, mee dat ass direkt hanner engem Holzbriet vun der Stee“, erkläert den Alain Welter. Dofir muss de Kënschtler sech entweeder vun uewe bécken oder vun ënne strecken. En plus spillt d’Wieder op dësem Dag matten am Oktober net mat. Et reent ëmmer erëm. Den Artist versicht, vun de Reepausen ze profitéiere fir virunzekommen. Wéi mir hie besichen, hëlt en sech kuerz Zäit a klëmmt laanscht d’Fassad bei eis erof.
Hien ass et gewinnt, dobaussen ze schaffen. An d’Wieder gëtt den Takt un. „Dat hei ass e Privathaus, mee den Optrag kënnt vun der Gemeng Schëffleng“, erzielt hien eis. D’Gemeng huet am Kader vun der Ënnerféierung ënner de Schinnen d’Entrée vu Schëffleng nei gestalt a wëll dat Ganzt elo méi schéi maachen. Esou ass et derzou komm, datt den Alain Welter gefrot ginn ass, fir e Storch op dës Mauer ze molen.
Firwat e Storch? Well déi virun e puer Joer zu Schëffleng ugefaangen hunn ze bréien. A firwat den Alain Welter? „Ech bauen a menge Biller ëmmer Déiere mat an, déi ech gären als Haaptprotagonisten duerstellen“, seet hien. „Dofir sinn si op mech duerkomm, fir hei spezifesch e Storch ze molen.“
Ongeféier eng Woch laang wäert den Artist un dëser Mauer stoen, bis d’Bild ganz fäerdeg ass. Wann et vill reent, da kann et och mol méi laang daueren. Hie schafft grondsätzlech awer léiwer mat Hiefbün a Kran, och wann dat méi deier ass. Mee op dëser Plaz ass et ze enk an hie muss sech mat der Stee aus Holz a Metall zefridde ginn.
Fir unzefänken zeechent den Alain Welter ëmmer eng Skizz um Blat. Dono mécht en sech e Raster op d’Mauer a projezéiert d’Skizz vum Computer op dat Raster. Sou weess e ganz genau, wou seng Unhaltspunkte sinn. Nodeems alles opskizzéiert gouf, fänkt en un, op der Mauer alles faarweg ze molen.
Kann een den Alain Welter och als Privatpersoun fir e Projet buchen? „Jo“, seet hien. „Et si virun allem Privatleit, déi hiert Haus umole wëllen, awer och Gemengen an Entreprisen, déi mech buche wëllen.“ D’Nofro ass grouss an et muss een deementspriechend e bësse waarden, wann een esou e Projet an Optrag wëll ginn. Doniewent mécht de Kënschtler awer och seng eege Projeten, bei deenen et him wichteg ass, d’Mauere selwer erauszesichen.
Ugefaangen hat alles am Schluechthaus zu Hollerech. Do huet den Alain Welter mat e puer Kolleegen éischt Erfarungen am Spraye gesammelt. Aus dem Hobby ass e Studium a schlussendlech säi Beruff ginn.
Studéiert huet hien zu Berlin a mat engem Bachelor am Illustratiounsdesign ofgeschloss. Dee wuel bekanntste Projet vum Kënschtler hei zu Lëtzebuerg ass „Make Koler kooler“, wou hien an sengem Heemechtsduerf Koler eng ganz Rei Mauere bemoolt huet. Nee, den Numm ass keng Uspillung op de Walsproch vum fréieren US-President, seet hien. Dëse Projet war Bestanddeel vun senger Bachelor-Aarbecht, déi hien am September 2017 op senger Uni presentéiert huet. „Well dono awer nach esou vill Maueren iwwreg waren, hunn ech nach e Joer drugehaangen, fir de Projet – onofhängeg vum Bachelor – weiderzeféieren an 2018 als groussen Open-Air-Vernissage ofzeschléissen.“
Dëse Moment bezeechent hien als de Kickoff vun senger Karriär. De Projet „Make Koler kooler“ hat eng grouss Envergure an huet vill Leit op den Alain Welter opmierksam gemaach. Vun deem Moment un huet hien och vill Opträg kritt, ënner anerem vu Leit, déi hir Fassad wollte bemole loossen.
Mee wéi ass de Grafitti-Sprayer dann iwwerhaapt op d’Iddi komm, e ganzt Duerf ze bemolen? „Ech hat schonn ëmmer d’Iddi, fir eng Kéier groussformateg ze molen“, erkläert hien. Fir d’éischt ass en zu Berlin, wou e studéiert huet, op d’Sich no engem Projet gaang. „Och wann et do vill grouss Mauere gëtt, war et schwiereg, do an de Kontakt ze kommen, fir eppes ze kréien“, seet hien. „Am Gespréich mat Kolleegen ass mir d’Iddi komm, ob een net einfach sollt en Duerf bemolen. Ech hu mer Gedanke gemaach, sinn duerch mäin Heemechtsduerf Koler getrëppelt an hunn dobäi festgestallt, datt do vill Schäpp a grouss Mauere sinn. Et war Potenzial do, an de Projet war gebuer.“
Niewent dem Bemole vun Haiser a Maueren huet den Alain Welter awer nach aner grouss Projeten an de leschte Joren op d’Bee gestallt. Dozou gehéieren ënner anerem déi fënnef Killtierm zu Déifferdeng, en aussergewéinleche Projet, wéi hie seet. Den Optrag koum vun der Gemeng Déifferdeng, d’Killtierm waren um Site vun ArcelorMittal. „Dat war e grousse Projet, wou vill Aarbecht hannendrustécht“, verréit den Alain Welter. Schonn eleng eng Skizz op e ronnen Zylinder opzedroen, ass och fir den Alain Welter näischt Alldeegleches. An dann hunn d’Zeechnunge vun de fënnef Killtierm misse beienee passen.
An da koum de Busprojet am Kader vun Esch2022. „Dat war eng ganz aner Envergure“, sou de Kënschtler. „Ech hunn net wéi soss mat Spraydous oder Acryl geschafft, mee hunn de ganzen Entworf missen um Computer virbereeden, un den Drécker schécken an dann op d’Busser pechen.“ Bis de Projet fäerdeg war an déi zéng Busser bepecht waren, ass e ganzt Joer vergaangen.
Wéi eng Projete stinn dann elo nach un? „No dësem Projet zu Schëffleng ginn ech an England, fir eng Mauer ze molen“, seet hien. An de leschte Joren ass den Alain Welter vill am Ausland ënnerwee. „Ech si frou, datt ech de Sprong iwwer d’Grenz geschafft hunn.“ Hie wëll sech ëmmer e Standbeen zu Lëtzebuerg halen, well en sech hei schonn eppes opgebaut huet. Am Ausland ass et interessant fir hien, well en do Connections an aner kulturell Erfarunge ka sammelen an nei Kënschtler ka begéinen. Am Dezember dëst Joer geet hien an de Benin, fir zesumme mat engem beninesche Kënschtler d’Baussemauer vun der Lëtzebuerger Ambassade ze bemolen. Direkt derno reest hie weider an Indien, wou en op zwee Festivalle moolt.
De ganzen Dezember ass hien also fort. „Mee am Januar sinn ech dann erëm zeréck zu Lëtzebuerg fir weider Projeten heiheem“, seet hien.
En Artikel vum Eric Rings