Wat ee brauch:
Wéi een et mécht:
Op der Hautsäit vun den Intebroschtfilete mam Messer e Kräizmuster ritzen, ouni an d’Fleesch ze schneiden.
Wierzen an op der Hautsäit als éischt ubroden. Wann d’Fileten op béide Säite gëllebrong sinn, op engem Grillrost op d’Säit stellen.
D’Pan entfetten an d’Gebeess mam Porto dra schmëlzen, reduzéieren a flambéieren, d’Kallefsbritt an d’Szechuan-Pefferkären derbäimaachen.
Jee no Geschmaach kanns de och Hunneg oder – wann et an d’Joreszäit passt – frësch Kiischten derbäimaachen.
D’Fileten 10 Minutten am Uewen erhëtzen (oder méi laang, jee no gewënschter Garzäit).
D’Fileten aus dem Uewen huelen, op engem Briet a Scheiwe schneiden, da mat enger Zooss uriichten.
Den Tipp vun der Kichenekipp: Bei dësem Rezept eegnen sech als Begleedung Zockerierbessen a Bounen esouwéi e Gromperegratin (ouni Eeër ass e méi liicht verdaulech).