Placeholder Dummy template

Wou Traditioun an Neies sech begéinen

D’Galerie Schortgen

D’Galerie Schortgen ass esou eppes wéi eng Institutioun zu Lëtzebuerg. Säit 1949 gëtt et se schonn. Joerzéngtelaang war et de Jean-Paul Schortgen, deen d’Fiedem gezunn huet. Säit 2015 huet säi Fils, de Maurice Schortgen, sech ëmmer méi an d’Galerie abruecht. Säitdeem konnt de Jean-Paul Schortgen lues a lues un déi wuelverdéngte Pensioun denken. 2021 ass d’Galerie dunn definitiv vum Maurice iwwerholl ginn. Gäre gräift hien awer nach op de Knowhow vu sengem Papp zeréck an déi zwee stinn am enke Kontakt mateneen.

2019 huet d’Galerie Schortgen der Stad Esch-Uelzecht missen de Réck kéieren, well den Interessi fir d’Galerie sech an der Minettsmetropol zimmlech a Grenze gehalen huet. Dem Jean-Paul Schortgen als gebiertegen Escher hat dat deemools déckgedoen. Säitdeem huet d’Galerie sech op d’Haaptstad konzentréiert.

„Natierlech hu mir ëmmer erëm nei Kënschtler a Kënschtlerinnen am Programm a sinn oppe fir nei Sujeten an Techniken“, seet d’Galeristin Elena Valentiny. „Momentan vertrëtt d’Galerie Schortgen e puer nei Artiste wéi de Matthias Verginer, de Leif Trenkler oder d’Laura Nieto, fir der nëmmen e puer ze nennen.“ Eng Valeur sûre bleiwen d’Artisten, déi d’Galerie schonn iwwer vill Jore betreit an deenen hir Quot weider klëmmt, vun deenen d’Bekanntheet wäit iwwer Lëtzebuerg erausgeet, wéi z. B. ënner anerem d’Marlis Albrecht, de Jean Moiras, de Jörg Döring, d’Marina Sailer oder de Stéphane Halleux.

„Mir wëllen net stoe bleiwen a weider déi Artiste vertrieden, vun deene mir och selwer iwwerzeegt sinn“, betount de Maurice Schortgen. „Dat bedeit och, eis net ze vill vun eiser immens schnelllieweger Zäit beandrocken ze loossen, wou alles, wat haut en Hype ass, muer schonn out ka sinn“, erkläert hien.

Mee d’Galerie Schortgen stellt awer net nëmmen aus a fungéiert als Plattform fir hir Kënschtler, se geet nach aneren Aktivitéiten no. Wéinst der laangjäreger Erfarung vun der Galerie deckt e groussen Deel vun hirer Aarbecht d’Beräicher Estimatioun, Kaf a Verkaf a Berodung of.

En Highlight wäert och dëst Joer d’Participatioun un der 10. Luxembourg Art Week sinn, wou d’Galerie an hir Artisten sech am beschte Liicht presentéiere wäerten. „D’Galerie Schortgen ass säit der éischter Stonn bei der Art Week dobäi an et ass fir eis ëmmer nees e grousse Succès“, seet d’Elena Valentiny. Zesumme mat den Artiste preparéiere si sech fir dës speziell Woch am November. „Méintelaang plange mir an enker Zesummenaarbecht mat eisen Artisten, déi u besonnesche Wierker schaffen, déi deels fir déi éischte Kéier op der Luxembourg Art Week gewise ginn.“ D’Galerie Schortgen fënnt een dann an der „Main Section“, um Stand C08, mat hiren ausgewielten Artiste Marlis Albrecht, Laura Nieto, Leif Trenkler a Matthias Verginer.

An der Galerie selwer konnt ee bis Ufank November d’Ausstellung vun de rezente Wierker vun der spuenescher Kënschtlerin Laura Nieto bewonneren. Gläichzäiteg huet de renomméierte Sculpteur aus dem Südtirol, de Matthias Verginer, seng Skulpturen aus Holz hei presentéiert.

Säit dem 6. November leeft d’Ausstellung „Pink Horizons“ vun hirem neien Artist Leif Trenkler, e Vertrieder vun der sougenannter „Neue Figuration“ an Däitschland. D’Preview fënnt allerdéngs ausserhalb vun der Galerie Schortgen statt, an zwar an de Raimlechkeete vun der Schwäizer EFG-Bank an der Stater Groussgaass. D’Ausstellung „Pink Horizons“ wäert nach bis de 7. Dezember weiderlafen.

„Eis lescht Expo dëst Joer ass ganz divers an dréit sech ëm verschidden Artisten“, sou d’Galeristin. „Crazy little things“ kann een da vum 10. Dezember un a bis an de Januar 2025 era besiche goen. Hei ginn ënner anerem nei Wierker vum Jörg Döring a Jean Moiras gewisen.

Ass d’Galerie Schortgen fir d’Zukunft gutt opgestallt? Jo, mengt d’Elena Valentiny. „Eist Team setzt sech zesummen aus vill Erfarung, frëschem Wand an neien Iddien“, erkläert si. Si selwer ass ënner anerem am Beräich vun de soziale Medie ganz aktiv, wat, wéi si fënnt, haut iwwerliewensnoutwendeg ass. Dëst alles wier eng optimal Mëschung, fir souwuel um nationale wéi och um internationale Marché e Foussofdrock ze hannerloossen. An international ass d’Galerie neierdéngs op der Online-Plattform „Artsy“ vertrueden:

De Bléck an d’Zukunft ass fir déi ronn 75 Joer al Galerie also éischter positiv, och wann dëse Marché momentan alles aneres ewéi stabil ass. D’Galeristin weist sech op jidde Fall optimistesch a seet: „Trotz den onsécheren Zäiten, mat deenen eise Commerce am Moment ze kämpfen huet, wëlle mir eis Freed net verléieren a weiderhi fir eis bestoend an nei Clientèle do sinn.“

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.