Nodeems mir den Auto um Knuedler geparkt haten, hu mir eis zu Fouss op de Wee an d’Reuter Bausch Art Gallery an d’Rue Notre-Dame gemaach, déi just e puer Meter vum Parking ewech ass. Knapps ware mer laanschtgetrëppelt, hu mer den Iertum och scho festgestallt.
„Dat passéiert ville Leit, mee déi meescht trauen sech einfach net eran“, seet d’Julie Reuter, Besëtzerin vun der Galerie, déi se zesumme mat hirem Mann, dem Lou Bausch, viru knapp dräi Joer op d’Bee gestallt huet. Dofir seet si: „Kommt laanscht! Jiddereen ass wëllkomm, et soll kee fäerten, hei eranzekommen, och net an déi aner Galerien.“ Fréier war op dëser Plaz e Bistro, de bekannte Café In. „Dat war eng Institutioun hei“, sou d’Galeristin. Bewosst huet si d’Schëld iwwer der Dier hänke gelooss, just d’Mark vum Kaffi huet se mam Numm vun hirer Galerie iwwerpecht. „Ganz vill Leit soen: Dat ass d’Galerie beim Café In.“
Säit September ass de Mika Salentiny, dee Konschtgeschicht studéiert huet, dobäikomm, fir dem Julie Reuter an der Galerie ënner d’Äerm ze gräifen. „Vill Leit vergiessen dat Ganzt, wat beim Galeriesberuff hannendrustécht“, seet d’Galeristin. Dozou gehéiert net nëmmen d’Betreiung vun de Kënschtler. Bis dohinner huet si alles eleng gemaach. Virun an no den Ëffnungszäiten huet si Rendez-vouse geplangt an huet och samschdes, sonndes a méindes, wou d’Galerie eigentlech zou ass, geschafft.
Hire Mann, de Lou Bausch, ass Ekonomist an huet hir deemools gehollef, d’Galerie ze grënnen, e Businessplang opzestellen an de Fonds de commerce unzefroen. Mee si hunn d’Tâchë kloer opgedeelt. Hien huet säi festen Job an si këmmert sech ëm d’Galerie. De Lou Bausch ass awer dacks de Weekend fir d’Galerie am Asaz an och owes op Vernissagen.
De Schreifdësch, fir d’Leit ze empfänken, hunn si bewosst an d’Mëtt vun deenen zwee Ausstellungsraim gestallt. „Ech wëll net wéi den Äffchen am Käfeg direkt um Trottoir sëtzen, do wär ech ze vill ofgelenkt, mee wann d’Leit erakucken an ech se gesinn, da wénken ech hinnen awer frëndlech“, sou d’Julie Reuter. Jee no Artist an Ausstellung, déi an der Reegel all Mount wiesselen, ginn d’Maueren entspriechend ugestrach, fir d’Biller, d’Fotoen oder d’Skulpturen – jee nodeem wat grad ausgestallt gëtt – besser ervirzehiewen. Et hätt kee Sënn, eng Ausstellung méi laang ze exposéiere wéi ee Mount, well et zum Schluss méi lues geet mam Verkaf. „Déi Leit, déi mega interesséiert sinn, kommen zimmlech direkt eran a kafen. An déi, déi se verpasst hunn, kënnen et ëmmer nach – och no der Ausstellung – aus eisem Stock kafen“, erkläert si. Momentan ass an der Reuter Bausch Art Gallery eng Duo-Show mam Titel „CLASSIQUE“ vun de franséische Kënschtler Valentin Van der Meulen a Pascal Vilcollet, déi sech zu Paräis en Atelier deelen, ze gesinn. Dës Expo kann ee vum 14. November bis de 14. Dezember besichen a se leeft parallel zur Art Week.
Mee wéi kënnt een dann eigentlech op d’Iddi, fir eng Galerie ze grënnen? Dat war eng Konsequenz vun der deemoleger Situatioun a vläicht eng verréckt Iddi, seet d’Julie Reuter, woubäi si se elo net méi sou verréckt fënnt. Zu Paräis huet si Arts plastiques a Konschtgeschicht studéiert an nach e puer Masteren nogeluecht, ënner anerem am „Marché de l’art“ an an den „Négociations à l’internationale“. „Wann een zu Paräis studéiert, kritt een immens vill mat, ënner anerem am Kader vun deene ville Konschtfoiren an de ville Galerien.“ Hei huet si villes gesinn an huet och verstanen, wéi de Marché an de Commerce vun der Konscht funktionéiert.
Zeréck zu Lëtzebuerg ass si direkt bei d’Galerie Nosbaum-Reding um Fëschmaart komm, wou si fënnef Joer laang dem Alex Reding – Grënner vun der Art Week – seng Assistentin war. Och do huet si villes bäi- a kenne geléiert, virun allem och Kënschtler a Sammler an huet konnten hiert Netzwierk ausbauen. Mee no fënnef Joer wollt si eppes Neies maachen an ass Coordinatrice vun de Stater Muséeë ginn. „Do hunn ech alleguerten d’Direkteren an d’Ekippe vun den Associatioune kenne geléiert.“ Dunn huet si fir de City Musée geschafft, huet Ausstellungen organiséiert an ass vun der Stad Lëtzebuerg gefrot ginn, fir de Konschtpräis Robert Schuman ze kuratéieren. Do huet si gemierkt, datt si am Fong gären direkt mat Kënschtler zesummeschafft. Hire CDD ass zu där Zäit ausgelaf an du koum déi – wéi si seet – verréckten Iddi mat der eegener Galerie.
„Julie, firwat méchs du dann net einfach deng eege Galerie op?“, huet hire Mann si deemools gefrot. Am Dezember 2021 war et du sou wäit, an d’Galerie huet hir Dieren opgemaach. „Anscheinend sinn ech awer verréckt“, seet d’Julie Reuter, „well elo hu mer d’Galerie.“ Eng Plaz an der Stad ze fannen, war net schwéier, wann net déi dramatesch Loyere wieren. Mee och do hunn se sech gutt ugeluecht. Trotzdeem bleift et en deiere Posten, sou d’Galeristin.
Nach eng Konschtgalerie méi an der Stad? Wéi kann een sech als Neien op deem klenge Marché behaapten? „Ma ganz gutt“, seet d’Julie Reuter. „D’Leit hate Loscht op eppes Neies an et ginn net méi vill Galerien. Ech mengen, d’Leit hu geduecht, elo kënnt eppes Jonkes, Geckeges. Ech mengen, datt dat gesicht an och gebraucht gëtt. An datt d’Leit dat och flott fannen, well mir jo vill jonk Kënschtler weisen. Dat ass och eis Iddi bei der Galerie, well mir wëlle mat hinne wuessen.“ Doniewent ass et dem Julie Reuter wichteg, d’Lëtzebuerger Kënschtler mat den internationalen Artisten zesummeschaffen ze loossen. Dat hätt vill Virdeeler fir béid Säiten, bréngt jidderengem nei Clienten a mécht Sammler op se opmierksam.
Een Atout, deen d’Julie Reuter huet, ass, datt si gutt vernetzt ass. Och hir Kommunikatiounsaarbecht fir d’Galerie, de Weboptrëtt an d’Social-Media-Aarbecht droen hir Friichten. An direkt e puer vun hiren Artisten hu Präisser gewonnen a bréngen der Galerie d’Clientèle. „Mir hate fir eis éischt Ausstellung Kënschtler à la Valentin Van der Meulen, Julien Hübsch oder Pit Riewer, fir just déi ze nennen. Dat war en enorme Succès fir eis éischt Ausstellung.“
Obwuel de Konschtmaart an enger Kris ass, geet et der nach jonker Galerie ganz gutt. „Mir hunn et bis elo nach net gespuert, mee dat huet vläicht och domadder ze dinn, datt mir nach Konscht hunn, déi net sou horrend deier ass“, mengt d’Julie Reuter. „Wann et awer ëm Zomme geet vun 20.000 bis 40.000 Euro, dann zécken d’Leit momentan e bëssen.“
Op der Luxembourg Art Week (LAW) wäerten erëm verschidden Artiste fir d’Reuter Bausch Art Gallery ausstellen. Déi weisen do och gäre ganz nei Wierker, déi se speziell fir d’LAW kreéiert hunn. Dacks sinn dës Wierker op der Art Week séier verkaf an d’Galerie muss e gewëssene Stock parat hunn, fir datt d’Wänn am Zelt um Glacis net plakeg ginn. Mee Lëtzebuerg huet ee grousse Virdeel, deen ee besonnesch an der Woch vun der Art Week mierkt: D’Weeër si kuerz, ob vum Glacis bis an d’Galerie oder allgemeng am Ländchen. D’Julie Reuter geet jiddefalls och dëst Joer, bei der 10. Editioun, vun engem vollen Erfolleg fir hir Galerie a Kënschtler aus.
En Artikel vum Eric Rings