Fotoen: © Marion Dessard - Creative Hub 1535°

Zu Déifferdeng goung an der Zäit rieds vun der Schräinerei, dem Zilleschapp an dem Kesselbetrib. Dat sinn Nimm vu Gebaier aus der Stolindustrie – wou d’Fusiounstemperatur vu 1535 Grad wichteg war.

Déi Temperatur ass am Numm vum Hub 1535° erhale ginn, an och d’Begrëffer Schräinerei, Kesselbetrib an Zilleschapp begéint een, wann een an den Hub 1535° geet oder sech op der Internetsäit iwwer dësen Zentrum vun der kreativer Industrie informéiert.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Zënter 2013, wéi d’Aarbechten um Site ugefaangen hunn, ass vill geschitt: D’Gebai A gouf 2015 ageweit, dora sinn haut um Rez-de-chaussée en Espace fir Coworking, e Festsall, d’Brasserie d’Schräinerei, d’Administratioun vum Hub 1535° an d’Redaktiounsraimlechkeete vun der Zeitung L’essentiel a L’essentiel Radio, grad ewéi verschidden Atelieren. Um 1. Stack sinn eng ganz Rei méi kleng Espacen, an deene kreativ Käpp hir Iddie kënnen entwéckelen an ëmsetzen.

Et ass eng vun den Haaptiddie vun dësem Hub 1535°, fir Leit, déi an der sougenannter Kreativindustrie aktiv sinn, abordabele Raum ze verlounen, fir datt si kënnen a Rou, awer och bannent engem liewege Kader schaffen a schafen. Wëllen si Gläichgesënnter begéinen, brauchen si nëmmen an den Espace niewendrun ze goen oder kënnen sech an der groussraimeger a gemittlecher Brasserie oder a Gemeinschaftsraim treffen.

Nëmmen e puer Euro de Meterkaree kascht d’Plaz hei, d’Kontrakter sinn op ee Joer ausgeluecht, an Interesséierter musse kënnen noweisen, datt si schonn aktiv sinn an hirem Beräich.

Den Hub 1535° ass keng Plaz, wou een säin Hobby sporadesch ausübe goe kann, mee eng Opportunitéit, fir professionell Daydreamers, Nightthinkers an Hardworkers, déi et um fräie Maart net ëmmer esou einfach hunn.

De Site vum Hub 1535° zu Déifferdeng besteet aus am Ganzen 3 Gebaier – A, B an C.
D’C-Gebai gouf 2017 opgemaach. Doran ass zënter Juni 2019 de Kesselbetrib Concept Store, an deem Secondhand-Gezei verkaaft gëtt. Gläichzäiteg kann een an dësem Kesselbetrib eppes iessen, wat mat lokalen, saisonalen, fairgehandelte Produite preparéiert gouf.

A wie gär beim Iessen oder Kleedershoppe musikalesch begleet gëtt: Am Kesselbetrib trieden och Museker vum Hariko op an d’Kënschtler stellen hei aus.

Am Summer 2019 goung den Espace Sonotron am C-Gebai op, eng Plaz fir Museker a jiddereen, dee Loscht huet, mat Toun ze schaffen. Am Sonotron stinn néng Proufsäll zur Verfügung, déi ee kann notzen, op enger Gesamtfläch vu ronn 1.000 Meterkaree. Eraklicken, reservéieren, maachen: www.sonotron.lu

Méi spéit ass d’Gebai B, den Zilleschapp, fäerdeg gestallt ginn. Haut kënnen déi 16.000 Meterkaree vum Hub 1535° integral genotzt ginn.

Am Oktober 2019 war déi traditionell Porte ouverte am Hub 1535°, fir d’Editioun 2019 hat een dëse Rendez-vous a Creative Day ëmbenannt an niewent de Createuren, déi am 1535° souzesoen doheem sinn, och nach aner Makers invitéiert, fir um 1. Stack vum Schräinereigebai e Makers Market unzebidden, deen dem Interesséierten also Geleeënheet ginn huet, och direkt bei engem Kënschtler eppes ze kafen.

Doniewent konnt een all aner kreativ Entreprisë kenne léieren a mat Filmmécher, Produzente vu Social Media Content, Schong-, Kleeder- a Produktdesigner, Make-up-Artisten, Fotografen, Editeuren, Architekten, Trommelbauer an anere Knécheler, Mécher a Kniwweler schwätzen.

E puer Joer méi spéit, de 14. a 15. Oktober, stung d’Editioun 2023 vun de Creative Days un. Dat war den 10. Jubiläum, souwuel vun der Grënnung vum Hub, wéi och vun den Open Days. Zwee Deeg laang sinn d’Visiteuren ënner anerem mat Live-Musik, Jam-Sessions, verschiddenen Installatiounen a Verkaafsstänn verwinnt ginn.

Wien nach net do war, kann op Déifferdeng luusse goen. De Creative Hub 1535°, deen ursprénglech Kreativfabrik genannt gouf, ass eng oppe Struktur. Mat engem gewëssen Industriecharme, dee bewosst erhale gouf, ass et hei gelongen, enger éischter onkonventioneller Industrie, där vun der Kreativitéit, Raum ze schafen – Raum, an dem ee sech ka wuel fillen, trotz villen Iwwerreschter vum fréiere Fabricksterrain. Et sinn d’Mëschung vun Alem an Neiem, Traditionellem an Innovativem an d’Connexioun vu Mënsche mat ganz ënnerschiddlechen Horizonter a mat ganz facettëräiche Schafenskonzepter, déi aus dësem Hub 1535° eng Plaz maachen, op där ee gäre bleift – ob als Visiteur oder als Locataire, deen hei seng éischt Schrëtt mécht, respektiv als „alen Hues“, deen sech gär nei inspiréiere léisst.

Wie virwëlzeg ass, sollt op www.1535.lu kucke goen.

Wien de Geescht vum Hub 1535° wëllt erliewen, muss awer dohigoen. Op Déifferdeng, 115, rue Emile Mark.

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.