Fit virun der Flimmerkëscht?

Fréier goufen et Aerobic-Programmer um Fernsee, wou een da virum Fernsee matmaache konnt, ouni an de Fitnessstudio ze fueren.

Haut hu mer do ganz aner Méiglechkeeten a vill méi Auswiel.

Déi eng benotzen hir Spillkonsolen nëmmen, fir um Kannapee d’Daumen ze beweegen, anerer hunn erausfonnt, datt ee sech domat och richteg beweege kann.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat fir Konsole gëtt et a wat bidde si un?

Déi nei Fitnessoffere vun de Spillkonsole Microsoft® Xbox™ Kinect™, Sony PlayStation Move an Nintendo Wii kréie Beweegungsmuffele vum Kannapee.

Xbox One™ S

D’Microsoft® Xbox mat Kinect™-Sensor huet e grousse Virdeel géintiwwer de Konkurrenten: Si léisst sech am einfachste steieren an dat ganz ouni Controller. Am sougenannte Kinect™-Sensor stieche méi Kameraen, déi d’Ganzkierperbeweegunge vun de Spiller virum Fernsee op de Bildschierm iwwerdroen.

A Kombinatioun mam Spill Your Shape Fitness Evolved ass d’Microsoft® Xbox am beschte fir de Fitnesstraining doheem gëeegent. Et bitt vilfälteg an usprochsvoll Übungen an et soll ee bei Kinect™ Sports duerchaus och emol ausser Otem geroden. Déi sechs Sportspiller Fussball, Volleyball, Athletik, Bowling, Boxen an Dëschtennis kënnen eleng oder zu zwee gespillt ginn. Mat Dance Central oder Zumba Fitness kënnen sech och Danz-Fans freeën. Awer opgepasst, et brauch ee genuch Plaz: zwee bis dräi Meter mussen tëschent de Spiller an dem Fernsee leien, esou wéi ronn 1,70 mol 2,40 Meter fir d’Spillfläch.

Fir d’PlayStation 3 (PS3) fir Sport- a Beweegungsspiller fit ze maachen, brauch ee Move-Zubehör. Dëst besteet aus engem Controller, op deem bei Sony eng liichtend Kugel mat méi Sensore sëtzt. Opgeholl ginn d’Controller-Beweegungen duerch eng kompakt Kamera, déi no beim Bildschierm positionéiert gëtt. De Controller muss fir d’éischt op de jeeweilege Spiller kalibréiert ginn, erlaabt dann awer e besonnesch preziist Iwwerdroe vun de Beweegungen op de Bildschierm.

Fotoen: Media Asset xbox.com

Sony Playstation®

Geüübt Gamer, déi méi wéi nëmme spille wëllen, komme mat der PlayStation 3 an hirem Beweegungssensor Move voll op hir Käschten. Déi um Fernsee ubruecht Kamera erfaasst déi klengste Beweegungen an déi genee Positioun am Raum. Virun allem bei schnelle Reaktiounen (z. B. bei Sports Champions: Dëschtennis) iwwerzeegt Move géintiwwer der Konkurrenz. Fir d’PS3 gëtt et eng grouss Offer u Programmer. Sport-Fans erliewe bei Sports Champions vill Sportspiller wéi Dëschtennis, Golf oder Bouschéissen. Bei Get fit with Mel B fungéiert d’Spice Girl selwer als Fitnesstrainerin, déi 200 Fitness- an Aerobic-Übungen esou wéi Ernärungstipps parat huet. EA Sports Active 2 erméiglecht kontrolléierte Fitnesstraining mat Bolsmiesser an zousätzleche Beweegungssensoren. Wien awer elo nëmmen e bësse Sport dreiwe wëll, fir deen ass dës Konsol en deiere Spaass.

Op der PlayStation 4 (PS4) gëtt et dann awer nëmmen nach Just Dance, en Danzspill, an NBA 2K15 fir Basket ze spillen.

Foto: sony.com

Nintendo Wii

D’Wii-Konsol ass bei manner mobille Mënsche beléift, woubäi d’Wii mat Motion Plus op den éischte Bléck däitlech méi gënschteg ass wéi d’PlayStation an d’Xbox. Besonnesch fir Ufänger ass déi simpel Steierung e Virdeel – wie wëll, esouguer am Sëtzen. Méiglech ass dat, well d’Sensorleescht vun der Wii-Konsol d’Beweegunge vum Controller an net vum Spiller erfaasst. Doduerch kënnen och manner mobil Mënschen, wéi zum Beispill Leit am Seniorenheem, zesummen Tennis oder Bowling spillen. Nodeel vun der Wii: Wie richteg Fitnessübunge mat der Wii maache wëll, brauch dofir zousätzlecht Material.

Foto: Evan-Amos, Wii-console/Wikimedia Commons

Wéi vill bréngt den Training mat der Spillkonsol?

Studien hu gewisen, datt nëmme richteg Sport- a Fitnessprogrammer e gewëssenen Trainingseffet hunn. Fir wierklech eppes z’erreechen, däerf een awer net fuddelen an et muss een d’Übunge korrekt a reegelméisseg ausféieren.

Wéi staark déi kierperlech Belaaschtung ass, mierkt eigentlech jidderee selwer. Eenegermoosse sportlech gëtt et eréischt, wann Dir ufänkt, ze schweessen a méi séier ze ootmen.

D’Institut fir Sportmedezin vu Münster wollt wëssen, wéi vill et bréngt, a seet, datt nëmme Boxen e gewëssenen Effet huet. An enger Studie mat 40 Sportstudenten tëschent 21 an 29 Joer hunn d’Probande verschidden Disziplinnen un der Konsol absolvéiere missen. Nëmmen d’Disziplin Boxen huet zu enger trainingsphysiologesch relevanter Belaaschtung gefouert. Weider Grënn fir de relativ moren Trainingseffet: D’Belaaschtungsdauer ass ze kuerz, ausserdeem passe sech d’Spiller ganz séier un déi geréng Beweegungsintensitéit un, déi néideg ass, fir d’Sensore reagéieren ze loossen. Wie méi Resultater vum Spill un der Konsol wëll hunn, muss also och méi maachen. Och d’Fuerscher vun der Universitéit Liverpool hu sech mam Boxen un der Konsol beschäftegt a festgestallt, datt bis zu 600 Kilokalorien an enger Stonn verbrannt kënne ginn, wann ee sech richteg drugëtt. Fir de Prof. Völker steet dohier fest, datt Fitness-Games hire Besëtzer zwar zu méi Beweegung verhëllefe kënnen, feelend echt sportlech Beweegung awer net ausgläichen. An och datt de virtuelle Sport am beschte Fall Beweegung ass an op kee Fall echte Sport ersetze kann.

Sport-, Party- an Abenteuerspiller maache virun allem Spaass a motivéieren och Sportmuffelen, fir aus der Fotell opzestoen a sech ze beweegen. Aus medezinescher Siicht sinn d’Spiller ongeféier mat engem Spadséiergang ze vergläichen. Also keen echten Training, awer de Kreeslaf an d’Ootmung kommen e bëssen a Schwong an d’Muskulatur gëtt e bësse beusprocht. Dat ass op alle Fall besser, wéi inaktiv mat enger Tut Chipse virum Bildschierm ze sëtzen. A Spaass un der Beweegung ass vläicht deen éischte Schrëtt zu weidere sportlechen Aktivitéiten.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.